Filmfestival Cannes "Okja" - eng Netflix Produktioun

Wéinst enger technescher Pann gouf de Film "Okja" e Freiden als éischt eemol ausgebuht. Ma zum Schluss krut de südkoreanesche Film vill Applaus. De Film, deen an er Haaptkompetitioun leeft, huet dëst Joer fir déi gréisste Polemik op der Croisette gesuergt, well e vun der Streaming-Plattform Netflix produzéiert gouf.

Maxi Pesch / tsk

Okja1.jpg
Nieft dem Ahn Seo-hyun spillen och Schauspillgréissten, wéi d'Tilda Swinton oder de Jake Gyllenhal eng Roll am Okja

De Film erzielt d’Geschicht vun engem klenge koreanesche Meedchen a seng Frëndschaft zu engem super intelligente riise Schwäin , d'Okja. D'Déier gouf an den USA vun enger Biotech-Firma entwéckelt an a Korea geschéckt fir datt et do vun enger Famill groussgezu gëtt. Dat Ganzt mam Zil, d’Schwäin herno ze schluechten a bëllegt Fleesch ze produzéieren.

Déi jonk Actrice Ahn Seo-hyun këmmert sech am Film ëm d'Schwäin Okja

Et war scho bal wéi een Zeechen: Wéi dem Bong Joon-ho säi Film sollt ugefaangen, gouf et e Fehler bei der Projektioun. Grad bei deem Film, dee vun Ufank u fir grouss Opreegung gesuergt huet. Net jidereen war domat averstan, datt de Film an der offizieler Competitioun dierf matmaachen. Zu de Géigner zielt och de President vum Jury Pedro Almodovar. E Film, dee vun enger Streaming-Plattform finanzéiert gouf an deemno wéi och net wäert um groussen Ecran laafen dierft net esou en Valeur gesat gi war d'Begrënnung.

Um Enn, dach en Erfolleg

No der Projektioun gouf et dann awer just nach groussen Applaus fir e schéine Film mat grousse visuellen Effekter. Vun de Spectateuren erwaarden sech der vill méi Flexibilitéit wat d’Distributioun u geet. Et wier gutt, datt den Debat elo op wier.

De Bong Joon-ho war zefridden iwwert d’Zesummenaarbescht mat Netflix. Hien hätt nach nie esou e grousse Budget an eng esou grouss Fräiheet vun engem Produzent kritt. Déi Responsabel vum Filmfestival zu Cannes hunn elo allerdéngs decidéiert, datt nächst Joer keng Filmer méi dierfe matmaachen, déi dono net an de Kino kommen.

Trailer vum Okja

Méi zum Thema

Gold - Stephen Gaghan
Filmkritik

Mat "Gold" bréngt de Stephen Gaghan eng Geschicht op den Ecran, déi zwar ganz agreabel ze kucken ass, mä déi all Mënsch schonn op d'mannst 100 mol gesinn huet, mengt den Tom Dockal.

glory
Luxembourg City Film Festival

De bulgaresche Film "Glory" stellt déi mënschlech Relatiounen an engem ongerechte System an de Mëttelpunkt. En éierlechen a beweegende Film. Interview mam Haaptacteur a Co-Zeenarist.

VR.JPG
Filmfestival 2016

''Virtual Reality'' ass am Trend.  Fir de Kino ass déi nei Technologie eng grouss Erausfuerderung. Cineaste mussen ëmdenken. Hei sinn déi wichtegst Ännerungen, déi d'virtuell Realitéit mat sech bréngt.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen