Lëtzebuerger Theater Onsécher Zukunft fir d'Revue

D’asbl Lëtzebuerger Theater confirméiert: 2017 gëtt et keng Revue. D'asbl, déi all Joer déi bekannte Cabaret-Show produzéiert, ass a finanzielle Schwieregkeeten an huet ënnert anerem d'Museker net bezuelt.

Pierre Reyland

Revue 2016
Revue 2016. Foto: Lëtzebuerger Theater

An engem Communiqué huet d'asbl Lëtzebuerger theater konfirméiert, datt et am nächste Joer keng Revue wäert ginn. D’asbl huet finanziell Problemer: D’Museker hunn en Affekot ageschalt, well si bis elo net fir d’Revue 2016 bezuelt goufen. D'Affär riskéiert um Geriicht ze landen.

De Comité präziséiert: Et géif den Ament temporär finanziell Schwieregkeete ginn. Déi wieren ënner anerem op méi schlecht Ticketsventen zeréckzeféieren. Fir d’Revue dëst Joer wieren 2500 Tickete manner verkaf ginn.

Mat de Museker hätt de Comité versicht eng Léisung ze fannen. Déi wier op daf Ouere gestouss. Bei de Locatiounsfraise fir de Stater Theater wier par konter, bei der Entrevue mat der Stater Buergermeeschtesch, eng Léisung fonnt ginn.

De Comité vum Lëtzebuerger Theater hätt, entgéint de Rumeuren, net demissionéiert. D’Ursaache fir wat et 2017 kéng Revue gëtt wiere villfälteg, esou nach de Comité a sengem Communiqué. D’Produktiounskäschte wiere massiv geklommen. Déi kulturell Landschaft zu Lëtzebuerg hätt sech verännert. Donieft hätt d’Revue hätt iwwer Joren "wéineg bis guer kéng" Ënnerstëtzung am Kulturministère fonnt. Aus dem Kulturministère goufe mir gewuer, datt d'a.s.b.l. fir dëst Joer ee Subsid beim Ministère ugefrot huet. Dee wier awer net accordéiert ginn.

De Comité seet, e géif et bedaueren, datt eng 120 Joer al Traditioun elo riskéiere géif, d’Baach erofzegoen.


Communiqué: Lëtzebuerger Theater asbl

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen