Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OPUS - de Kulturmagasinn

Groussregioun

OPUS - de Kulturmagasinn

Saar-Lor-Lux oder Groussregioun ass ëmmer erëm e Begrëff fir d'Gemeinsamkeete vun den dräi Nopeschlänner ervirzehiewen. Zanter enger Rei Jore gëtt et och eng Kulturzäitschrëft, déi déi kulturell Aktualitéit vun den dräi Länner thematiséiert.

auto_stories

2 min

D'Juli/August-Editioun vun Opus

Opus nennt sech déi haaptsächlech däitschsproocheg Kulturzäitschrëft, déi zanter 13 Joer all zwee Méint erauskënnt a sech als Kulturmagasinn vun der Groussregioun versteet. Ech ginn et zou, ech hat scho laang keng Héichglanzpabeier-Zäitschrëft méi am Grapp, dat meescht liest een online, et ass méi praktesch, méi séier, méi present.

Fantasie als Haapttheema

Mee bei Opus war ech frou erëm eng Zäitschrëft am Grapp ze hunn. Op den éischte Bléck hält si och dat, wat se versprécht, nieft sëllege Bäiträg iwwer Theater, Ausstellungen, Literatur a Musek aus dem däitsche Grenzgebitt, sinn och eng ganz Rei Artikelen iwwer kulturell Aktualitéit aus Lëtzebuerg ze fannen. Frankräich ass dann awer just mat engem Artikel iwwer d'Situatioun vun de Muséeën zu Metz an zu Nanzeg vertrueden an e puer Tippen, wat et zu Metz an zu Gerardmer ze entdecke gëtt.

D'Haapttheema ass Fantasie vun der Juli/August-Editioun an un dëse Schwéierpunkt gëtt sech och aus wëssenschaftlecher, theologescher, philosophescher, literarescher, musikalescher an historescher Siicht approchéiert. D'Texter sinn all liicht zougänglech, gutt recherchéiert, zimmlech kuerz a knapp gehalen, esou datt een ëmmer tëschenduerch liese kann.

Wéineg Kritik

Bis 2010 hunn d'Editeure probéiert d'Heft ouni Reklammen erauszeginn, wat wuel finanziell net opgaangen ass. Elo fënnt ee Reklamme fir déi divers kulturell Manifestatiounen, déi dann och am Magasinn thematiséiert sinn. An dat ass da wuel net just e klenge Bemol.

Alles ass wonnerbar an immens, wéineg kritesch Ausenanersetzunge mat der Konscht an hire Kreateuren, mat de Kulturhaiser an Institutiounen. Den eenzegen Artikel, dee méi kritesch ass, staamt aus der Fieder vum fréiere radio 100,7-Direkter, dem Fernand Weides, dee sech mat der aktueller Situatioun vun Esch - europäesch Kulturhaaptstad 2022 - ausenanersetzt.

Mee vläicht hunn ech den een oder aneren Artikel verpasst, ech maache mech op alle Fall lo mol weider op d'Sich.