Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Edsun - Until Tomorrow (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ouverture vum LuxFilmFest

Filmfestival

Ouverture vum LuxFilmFest

Haut ass d'Ouverture den Owend vum Luxembourg City Filmfestival. Dës 11. Editioun vum LuxFilmFest wäert, wéinst der Pandemie, eng hybrid sinn: deels am Kino, deels online.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Wéi de Luxfilmfest genee géif oflafen, dat houng bis viru Kuerzem vun der Regierung of, dat heescht vun eventuellen neie Restriktiounen. D'Organisateure waren op jiddwer Fall op dat Schlëmmst virbereet. Am Noutfall hätt een de Festival einfach ganz op den online-Modus ëmgestallt.

E Kompromëss

Dat ass awer elo net néideg. D'Filmer gi souwuel an den - haaptsächlech Stater - Kinossäll gewisen, wéi och iwwer eng Internet-Plattform - do da fréistens de Moien no der Première um groussen Ecran, fir maximal 72 Stonnen, an och nëmme wärend dem Festival.

E Kompromëss wéi en aneren, deen et zum Beispill wäert erlaben, den Ouvertures-Film am Kino oder doheem ze gesinn. Dat ass dës Kéier den amerikaneschen Drama NOMADLAND vun der Chloé Zhao, mat an der Haaptroll der Frances McDormand. E Film, deen och schonn op der leschter Mostra vu Venedeg gelaf war.

En ofwiesslungsräiche Festival

Wéi gewinnt huet een am Luxfilmfest d'Haaptkompetitioun, an där aacht Filmer konkurréieren - eng ganz ofwiesslungsräich international Selektioun. D'lescht Joer gouf jo kee Grand Prix verginn, well de Festival wéinst der Covid-Pandemie kuerz viru Schluss ënnerbrach gi war. Sechs weider Filmer sinn an der Course fir dee beschten Documentaire. An dann huet een eng Hellewull u Long- a Court-métragen, ënnert anerem an der Sektioun Films made in/by Luxembourg.

Héichkaräteg Gäscht wäerten dëst Joer awer keng op Lëtzebuerg kommen, et sief iwwer eng virtuell online-Presenz. Dat gëllt och fir de Jury - dee vun der Haaptkompetitioun gëtt vun der franséischer Actrice Sandrine Bonnaire presidéiert.

De Luxfilmfest dauert nach bis de Sonndeg 14. Mäerz.