Leidenschaft an Erotik gehéieren zu de groussen Theme vun der Poesie. Datt dat Autorinnen an Auteuren ëmmer nach beschäftegt ass legitim. Allerdéngs kënnt et drop un, wéi een dës éiweg Sujete literaresch ëmsetzt: de Risiko, an d'Clichéen ze verfalen, ass hei méi grouss wéi soss enzwousch.
Déi zu Baaschtnech gebuere Marie-Pierre Antoine ass eng nei Stëmm an der Dichterzeen. No engem rezente Gemeinschaftswierk mat der Poetin Laila Adami publizéiert si mat "Coquilles de noisettes" (Edtitions Phi, Graphiti) hiren éischten eegestännege Recueil.
"A l'Homme" heescht et an enger Ufankswidmung. Ass domat e bestëmmte Mann gemengt oder sinn et d'Männer am allgemengen? Dat gëtt een net gewuer. Wat een dogéint séier erausfënnt: de lyreschen Ech ass eng Fra.
"La ligne pointue / De ma langue torride"
Eent vun den éischte Gedichter informéiert iwwer den Enjeu vum Recueil, nämlech d'Rëm-Entdecke vun der Loscht.
"Qui croyait encore à ce désir ?
Enfui si loin,
Si longtemps
Puis qui irradie d'un coup."
Der Marie-Pierre Antoine hir ongeféier 70 Gedichter evoquéieren e Panorama vun der weiblecher Sexualitéit an all hire Facetten: vum wëllen, passionéierte Sex an dem Gefill vun ozeanescher Iwwerwältegung ("Être pénétré... / Par ta vague / Puissante !"), iwwer subtil Beréierungen an d'Sich no Gebuergenheet bis hin zur Erreegung duerch d'Fantasie.
D'Gedicht mam Titel "Tes mystères" gëtt graphesch ervir gehuewen: et ass méi kuerz wéi all déi aner an et ass ënne riets op der Säit gedréckt. Um Enn heescht et: "Tu me regardes / Et je vis". De Bléck vum Partner (déi ominéis "coquilles de noisettes" vum Buchtitel) als héchste Form vu sexueller Erfëllung.
Leidenschaftleche Floss
Stilistesch ass de Recueil zimmlech uniform, mat relativ kuerze Gedichter a Versë vun dacks net méi wéi een, zwee oder dräi Wierder: doduerch entsteet een dem sexuellen Akt ugepasste méi séiere Rhythmus ("Encore... / Encore..."), an och eng - a Kombinatioun mat engem deelweis cruen an zweedeitege Langage - gewësse Liichtegkeet.
Heiansdo ënnerbrieche méi melancholesch Momenter dëse leidenschaftleche Floss, zum Beispill fir Enttäuschung auszedrécken. An do weist sech d'Ambivalenz vum Mier, dat net nëmme fir en ozeanescht Glécksgefill ka stoen.
"J'ai touché le fond,
Le fond de la mer,
Le fond d'une peine
Sourde et aveugle."
D'Marie-Pierre Antoine gräift och vill op reliéis-sakral Metapheren zréck. Och hei nees fir déi rar negativ Emotiounen ze ëmschreiwen.
"Mon cœur
Crucifié
Sur une croix ",
Meeschtens awer fir den héije Stellewäert vun der sexueller Harmonie z'ënnersträichen.
"Les perles sacrées
De mes saints en chapelet "
Oder nach:
" (...) mon sein,
Le coussin
De tes fantasmes
Sacrés."
D'Autorin benotzt nawell vill erweidert Metaphere fir déi eenzel sexuell Spillercher ze ëmschreiwen, also d'Saach net direkt mam Numm mussen ze nennen. Sou ginn zum Beispill Analogien a verschiddenen Themeberäicher gesicht, wéi Séissegkeeten, Museksinstrumenter, Faarwen, Beem oder d'Bändege vun Déieren.
"Dans l'attente
De ta queue droite,
Bien dressée.
/
Je suis moi-même
Dompteuse de fauves."
Weiblech heterosexuell Loscht
Leider kënnt een am Gedichtband net laanscht Widderhuelungen, Metapheren, déi net ëmmer ganz op ginn, a virun allem Clichéen aus der erotescher Literatur ("chaleur sensuelle", "désirs brûlants", "mon sexe assoiffé", "Des baisers / De sucre").
De Manktem un Originalitéit ass och den Androck, deen d'Lektür vu "Coquilles de noisettes" allgemeng hannerléisst. Der Marie-Pierre Antoine kann een dogéint hir breet gefächert an nuancéiert Duerstellung vun der weiblecher Sexualitéit zegutt halen. Dozou gehéiert déi ganz emotional Palett - Peinlechkeeten, déi een nëmme Verléifte verzeit, abegraff ("Petit Bärli") - an déi vläicht net méi sou selbstverständlech Affirmatioun vun heterosexueller weiblecher Loscht.