Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parasite

Festival de Cannes 2019

Parasite

No enge sëlleche méi dramateschen Auteurefilmer hunn d'Programmateure vum Festival dem Publikum mam schwéiere Kascht eng Paus gegënnt. Direkt zwou Komedië sinn an engem Dag presentéiert ginn, an déi hu bis elo déi schéinste Reaktioune beim Publikum ervirgeruff.

auto_stories

3 min

De Bong Joon-Ho ass e südkoreanesche Realisateur, dee scho mat esou Pärele wéi dem Thriller "Memories of Murder" an dem Drama "Mother" iwwerzeege konnt. A sengem neie Film "Parasite", deen hien op d'Croisette presentéiere koum, steet d'Laachen erëm am Virdergrond, an dat deet gutt. Et ass e sarkastescht Laachen, wat de soziale Gruef vun der Zwouklassegesellschaft ganz treffend eriwwerbréngt.

Am Schied vun aneren

"Parasite" zielt d'Geschicht vun der Famill Ki-taek, déi am Chômage ass a sech ganz staark fir de Liewensstil vun der räicher Famill Park interesséiert. Si liewen zu véier openee geprafft an engem Keller, wou d'Pizzakëschten openee gestapelt leien, déi hinnen et erlaben e puer Su weider ze verdéngen.

De Jong vun der Famill Ki-taek fänkt un dem Meedche vun der Famill Park Nohëllefsstonnen am Engleschen ze ginn. Während deem hie sech an hatt verléift, bréngt de Ki-woo et awer zur gläicher Zäit och fäerdeg, der Famill Park seng Schwëster als Molproff vun hirem klenge Bouf ënnerzejubelen. Der Mamm no ass de Jong e verkanntent Genie. Dem Ki-jung säin autoritären Ëmgang mam Jong ziicht hien dann no a no vum klenge Rebell zum Modellschüler erun. Dat zum groussen Erstaune vun der Mamm, déi hire Fiston bis dohin net am Grëff hat. Lues a lues ginn dann och d'Elteren agestallt, de Papp gëtt dem Här Park säi Chauffeur.

D'Famill Ki-taek sinn duergestallt als Parasitte vun enger sozial méi héich gestaffelter Famill, déi ganz mënschlech ass, mee net méi weess, wéi d'Loft am Metro richt, well se sech mat hirer Architektetevilla en ofgeschotte Paradäis geschaaft huet, duerch deen all Begéine mat der Aussewelt onméiglech gëtt. D'Begéine vu béide Famillen ass den Ufank vun engem Zännrad, aus deem kee méi heel erauskomme wäert.

E Film fir ze laachen

Dat Ganzt an der Traditioun vum koreanesche Genre Kino, mat engem Realisateur, deen net zéckt d'Schrauwe vum Thriller an dem Drama ze iwwerdréien, fir esou eng Karikatur entstoen ze loossen, déi de ganze Sall hei zu Cannes häerzhaft un d'Laache bruecht huet.

Nieft engem gutt geschriwwene Zeenario, zeechent sech dem Bong Joon-Ho seng Handschrëft duerch eng gefleegte Bildkompositioun aus, duerch déi sou munch witzeg Momenter entstinn. Slapstick, deen un dem Bustor Keaton an dem Charlie Chaplin seng Filmer erënnert.

Ursprong: Am Comic

De Film huet säin Ursprong an engem Comic, wat et erlaabt de Klassekonflikt mat enger gewësser karikaturaler Vereinfachung ze weisen. No "Snowpiercer" ass "Parasite" déi zweet Comicadaptatioun vum südkoreanesche Realisateur, deen dëse Film erstaunlech séier montéiert huet, no "Okja", enger Netflix Produktioun, déi 2017 hei zu Cannes gewise gouf. Vläicht läit awer ebe grad hei och e bëssen d'Schwächt vum Film, an där Hisiicht, datt him eng Portioun Realismus feelt, déi dozou bäigedroen hätt fir en nach méi geneet Bild vun de mënschleche Kontradiktiounen ze zeechnen, ganz an der Traditioun vun engem Gottfried Keller oder engem Molière.

De Film gëtt awer, mat "Le portrait de la jeune fille en feu" vum Céline Sciamma, de Moment als éischte Kandidat fir d'Palme d'Or ugesinn. Mam Quentin Tarantino sengem "Once Upon a Time in... Hollywood", ass "Parasite" dann och déi zweet Komedie an der Competitioun. Do gesäit een, datt de Publikum hei zu Cannes virun allem eppes wëllt, an zwar mat engem Laachen op de Lëpsen aus dem Sall ze goen.