Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pärele virun d'Sai

Literaturpräis vun der Europäescher Unioun

Pärele virun d'Sai

Iwwerdeems an de Stroosse vu Bréissel d'Aarbechter vun der belscher Bunn géint Spuermoossname protestéieren, preparéiert sech am europäesche Quartier eng Soirée de Luxe, d'Iwwerreechung vum Literaturpräis vun der Europäescher Unioun. Zwou diametral entgéintgesate Welten, déi Froen opwerfen. Iwwerleeunge vum Nathalie Bender.

auto_stories

8 min

Nathalie Bender

D’Soirée fir d’Iwwerreechung vum Literaturpräis vun der EU war pompös:

Am Concert Noble, e Gebai wat de Kinnek Leopold den Zweeten Enn vum 19. Joerhonnert an Optrag ginn huet, fir dass d’Noblesse an déi Privilegéiert adequat Raimlechkeeten hätte fir sech ze gesinn. Ganz am Stil vum Louis XV opgebaut, iwwert opwenneg an impressionnant Parqueten gëtt e Salon Entrée an den nächsten, vill schwéier Brokatrideauen ginn den héije Fënsteren an Dieren en elegante Kader, de Bléck no uewe weist stilgerechte Stuck um Plafong an enorm Krystalllüsteren bei deenen ee sech wënscht se géifen net wéi an den Hollywoodfilmer op eemol eroffalen. Et wier ee mausdout.

Hei also kommen déi puer honnert Invitéen hin fir dobäi ze si wann di bescht, émergeant Schrëftsteller aus 12 europäesche Länner de Präis iwwerreecht kréien, deen hinne selwer 5000 Euro an eng Plaquette fir doheem iwwert d’Fotell abréngt. An hiren Editiounshaiser finanziell Ënnerstëtzung bitt fir d’Wierker iwwersetzen ze loossen.

Aux frais de la princesse

D’Soirée leeft wéi un der Schnéierchen. Se huet bëssen eppes vun Eurovisioun: all Auteur gëtt an engem klenge Video virgestallt, däerf eng Minutt aus sengem Wierk liesen, kritt säi Präis a ka sech nees sëtzen.

Dotëscht sinn Temoignage vu viregte Gewënner vum EUPL, déi alleguer vun den Iwwersetzunge vun hire Wierker schwäermen, an dass déi ouni dës Opportunitéit vun der EU wuel net wouer gi wieren.

Enn vum Offiziellen Deel, Ufank “Heisse schlacht am kalten Büffet”. Verrinercher, Schielercher, Mini-Cocotte, Scampien, Sprossenzalot, Carpaccio, awer och dat fréiert Aarmeleitsgefréiss: Waterzooi, Schampes, Wäin, Béier. Alles aux frais de la princesse. Um 10 Auer kee Schampes méi do.

Schéi wier et awer gewiescht...

Et hätt ee kennen dës Brout a Spiller unhuelen ouni herno och nach ze meckeren.

Ech hunn awer fonnt, dass d’Gewiichtung bësse schif louch. Dass d’Organisateuren de Concert Noble net konnten op manner dekadent trimmen ass jo kee Problem.

An dass se sech och mam Walking Dinner net wollten huele loossen, kann een eventuell verstoen.

Schéin wier et awer gewiescht, wann op d’mannst déi ausgezeechent Auteuren, déi sech am Engleschen net wuel fillen, e Simultandolmetscher zur Säit kritt hätten. Där misste jo am europäesche Quartier vu Bréissel e puer ze fanne sinn.

Sat wier een och ginn, wann amplaz Scampi, Sprossen a Carpaccio um Buffet, National Spezialitéiten aus de jeeweilegen Hierkonftslänner vun den Auteuren zerwéiert gi wieren.

Wéi Pärele virun d’Sai

Et gouf een no dësem Owend de Gedanken net lass, dass d’EU, déi also fir de finanziellen Deel hei zoustänneg war, d’Versioun 2016 vun de Brout a Spiller fir d’Vollek opgezunn huet an iwwerzeegt ass, dass dat jo awer jidderengem misst gefalen.

Dobäi huet vläicht kee sech gefrot, wat d’Auteure vläicht léiwer gehat hätten. Virun engem an dësem Kader méi gewinnte Public virgefouert ze ginn, wéi Pärele virun d’Sai, oder herno gemittlech mam Lëtzebuerger Premier bei enger Jatt Bouneschlupp oder engem Toast mat Kachkéis iwwer hier Wierk ze poteren. Well doranner steet jo wat dëse Mënschen duerch de Kapp geet a wat se wëllen iwwert national a sproochlech Grenzen an der EU deelen.

An dem Sënn war a mengen Aen déi bescht Ried vum Owend déi vum rumäneschen Auteur Claudiu M. Florian:

“I have a face, I have a book, but I have no facebook.

I certainly am not a friend of written speeches, least of all, of written speeches for myself. But since I have only one minute to make you believe in what you see, I choose for this one time this way of adressing. After all, it´s about writing that we fine people are gathered here tonight.

So:

You don´t know us. Even the distinguished jury here, who honoured us with this prize, knows only very little about us. In order to choose us for the award, it had to trust the national juries of each country where we come from, who considered us worthy of this honour and recommended us.

Hereby the EU proves that it still depends, in certain ways, on national initiative. Brussels did its best to make us aquainted, to make us come to know, to read and to understand each other.

Now it´s up to us to do our best to make this happen. To tell our part of the story. Because, believe me, you have so much to discover!

And despite this most noble award we receive here tonight for what we have already done, I dare to say, I dare to hope: the best is yet to come!

Jo, dat mat der Jatt Bouneschlupp oder Toast mat Kachkéis wier souwisou näischt ginn. De Lëtzebuerger Premier huet Nomëttes missen ofsoen, well heiheem wichteg Reunioune waren.