Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. 90 - Green Looking Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patriots Day: Ee Momument fir d'Stad Boston?

Filmkritik

Patriots Day: Ee Momument fir d'Stad Boston?

De Peter Berg huet déi lescht Joren e System fonnt, fir mat senge Filmer gutt am Box Office ofzeschneiden a gutt Kritiken ze kréien. Mam Mark Wahlberg konzentréiert hien sech elo eng drëtte Kéier op e "Fait divers", deen déi rezent US-amerikanesch Geschicht beaflosst huet.

auto_stories

3 min

© CBS Films

Fir de Peter Berg war 2016 en ausseruerdentlech gutt Joer. Mat "Deepwater Horizon" huet hie bewisen, datt hien en duerchaus potabele Realisateur ka sinn. Donieft hat hien eng gëllen Hand, wéi hien e kléngen, onpretentiéisen, fantastesche Genrefilm mam Numm "Hell Or High Water" matproduzéiert huet. Fir "Deepwater Horizon" waren d'Kritike gréisstendeels gutt. Mä deen anere Film war esouguer als Beschte Film bei den Oscaren nominéiert. Tëschent "La La Land" a "Moonlight" hat "Hell Or High Water" allerdéngs wéineg Chancen.

"Deepwater Horizon", d'Rekonstruktioun vun der Katastroph op der Ueleg-Buerinsel vu BP virun enger ganzer Rëtsch Joren, ass am Hierscht ugelaf. "Patriots Day", säin neie Film, ass an den USA am Januar ugelaf. Zu Lëtzebuerg leeft en zanter e Mëttwoch. D'Parallelle vun dësem neie Long Metrage zu "Deepwater Horizon" kann een net ignoréieren.

Een degradéierte Flic

De Film retracéiert d'Uschléi um Bostoner Marathon am Abrëll 2013. Uschléissend war bal fënnef Deeg no de Gebridder Tsarnaev gesicht ginn. Personnagë ginn et an dëser Geschicht nawell vill. Am Mëttelpunkt steet natierlech dem Berg säin "Acteur fétiche" Mark Wahlberg an der Roll vun engem ofgesäbelte Flic. Mat senger Bostoner Attitüd ass hie verschiddene Leit op d'Féiss getrëppelt, a gouf dowéinst zum Schülerlots degradéiert.

Schlussendlech ass hie matzen am Chaos a versicht ze hëllefen, wou ze hëllefen ass. Mee dobäi bleift et net. Vun der éischter Minutt un etabléiert de Film eng ganz Rei vu Personnagen, deenen hir Verwécklung ee mol méi, mol manner séier virausgesäit. Den J.K. Simmons als Chef vun engem Policebüro an enger Banlieue vu Boston, de Kevin Bacon als scheinbar äiskalen FBI-Mann, an dann eng Rëtsch onbekannte Gesiichter an de Rolle vun Affer oder anere Personnagen. Déi spannendst Portraite si reng theoretesch awer déi vun den Tsarnaev Bridder.

Vill, mee leider iwwerflächlech Personnagen

"Il y a du pain sur la planche", kéint ee soen. Genuch Material fir 130 Minutte Lafzäit. Tatsächlech versicht de Berg mat sengen zwee Co-Zeenaristen eng Zort Portrait vun enger Stad ze zeechnen, déi sech géint den Terror mobiliséiert. D'Police an den FBI kënne grad esou wéineg ouni Boston schaffen, wéi Boston ouni si schaffe kann. De Peter Berg bréngt et immens gutt fäerdeg, den Opwand hannert esou engem Dispositif an Zeen ze setzen. Diskussioun iwwer Diskussioun ewéi verfuer soll ginn, Rettungsaktiounen op der Strooss an an de Spideeler an dann natierlech d'Sich no de Bridder.

Leider bleiwen déi meeschte Personnagen iwwerflächlech. Am spannendsten an als eenzeg wierklech interessant sinn d'Terroristen. Si ginn engersäits als Konspiratiounsfanatiker, anerersäits als bekiffte Slacker portraitéiert, déi sech a Wierklechkeet nëmmen dofir interesséieren, ob e geklauten Auto och en Uschloss fir en iPod huet.

Wann et dem Berg och geléngt d’Nuancen an d’Komplexitéite vun dësem "Fait divers" ervirzehiewen, riskéiert hien et awer, mat deene klengste formalen Decisiounen alles nees futti ze maachen. Den Asaz vun der Musek ass zum Deel problematesch. Zum Beispill wa se bedreelech Ausmoosse kritt, soubal een Zäit mat de Bridder verbréngt. Iwwerhaapt gëtt bei aller Nuance am Portrait awer zimlech konstant den Ënnerscheed vu Gutt a Béis gemaach. Obschonn de Film dat guer net brauch.

D'Uschléi selwer an de finale Showdown sinn dofir awer immens efficace a bedréckend inzenéiert. Eng gesamt-dramaturgesch Konsequenz, wéi de Berg se am "Deepwater Horizon" gefleegt huet, wier hei nach méi fundamental wichteg gewiescht, fir datt dëst trauregt historescht Monument fir d'Stad Boston genau esou hätt kënne ginn, wéi de Realisateur sech dat virgeholl hat.