Fotografie Philippe Matsas - Den Eye-Catcher

Perséinlechkeeten aus der Kultur sinn dem Philippe Matsas seng Fotomotiver. Dem Lëtzebuerger Fotograf seng Portraite sinn op den Titelsäite vu groussen europäeschen Zäitschrëften a Bicherverleeg. Vum Nancy Huston iwwer de Michel Houellebecq bis den Iggy Pop, si all hunn dem Philippe Matsas an d'Kamera gelaacht.

Valerija Berdi / ys

Philippe Matsas
De Philippe Matsas um Mikro vum Valerija Berdi

De Philippe Matsas, 1962 zu Lëtzebuerg gebuer, ass ee bedeitende Fotograf. Hien ass virun allem op Portraite vu Mënsche spezialiséiert, déi schreiwen a publizéieren. "Dat si Politiker, Soziologen, Philosophen, Romancieren, Poeten, Leit déi Temoignage maachen... et ass wierklech ganz divers", erkläert de Philippe Matsas. Hie géif awer och fir d'Press oder verschidden Institutioune schaffen. Et wär wichteg, datt seng Aarbecht ofwiesslungsräich wär, awer et misst ëmmer ëm Mënsche goen.

D'Gesiichter vum Henning Mankell, James Ellroy, Michel Tournier, Siri Hustvedt, Günter Grass, Dougas Kennedy a Martin Walser huet hie mat senger Kamera festgehalen. De Figaro, Le Monde, d'Neue Züricher Zeitung, de Spiegel, d'Libération, de magazine littéraire, fir just déi ze nennen, hunn déi Portraiten gedréckt. Op de Bicher vu Khalida Messaoudi, Jim Harrison, Peter Sloterdijk a Michel Houellebecq a ville méi droen d'Titelbiller d'Ënnerschrëft vum Lëtzebuerger Fotograf.

Eng Carrière, déi net geplangt war

Dobäi war dës Carrière net geplangt. Am Fong hätt hie wëlle Film maachen, seet de Philippe Matsas. Hie goung dunn awer zu Léck op eng Schoul fir Fotografie a Film, wat him finalement besser gefall huet: "Ech sinn een, dee relativ onofhängeg ass. Fir ëmmer vu grousse Projeten ofhängeg ze sinn, wär mir net sou gutt bekomm." Fir seng Ofschlossaarbecht iwwer d'Altersheimer zu Lëtzebuerg krut hien de Prix de la photographie. An hien huet um Fotosbuch "D'Liewen am Minett" matgeschafft.

An enger Agence, déi op Portraite vun Auteure spezialiséiert war, huet de Philippe Matsas de John Foley kennegeléiert an huet ugefaange fir déi grouss Agence Opale ze schaffen. Sou huet de Philippe Matsas fir säi Beruff wichteg Leit kenne geléiert an ass an dëse Milieu erakomm.

De Fotograf zerécksetzen

E Mënsch ze fotograféiere wär e ganz perséinlecht Zesummekommen, dat vill Sensibilitéit erfuerdert. Et misst ee sech als Fotograf zerécksetzen an de Sujet no fir bréngen. Et misst een e Lien opbauen, an et dierft ee keng Viruerteeler hunn, erkläert de Philippe Matsas.

"Jiddereen huet seng eege Virstellung vu sech selwer." Donieft géif et dat Bild, wat ee wéilt vu sech ginn, deen Androck, deen ee géif maachen, an dat, wat een effektiv wier. Déi véier Punkte géifen heiansdo ganz wäit ausernee leien. Domat misst een als Fotograf eens ginn.

Relatioun zum Houellebecq

Eng ganz besonnesch Relatioun huet hie mam Enfant terrible vun der franséischer Literatur. De Michel Houellebecq hätt hien duerch Zoufall kennegeléiert. No deenen éischte Portraiten, déi hie vum Schrëftsteller realiséiert hat, huet hien de Philippe Matsas ëmmer nees engagéiert.

Wann Iech demnächst den Iggy Pop ganz expressiv vun enger Foto eraus entgéint kuckt, da luusst emol, ob sech hannert dësem Portrait net den Numm Philippe Matsas verstoppt.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Christian Frantzen bei Nosbaum-Reding
Zäitgenëssesch Konscht

De Christian Frantzen ass am Ueleg doheem. Meeschtens moolt hien Haiser, Stied – Repetitiounen aus dem urbanen Dschungel. De Moment weist de Lëtzebuerger Kënschtler aner Motiver, nämlech Containeren.

Brandy-3.jpg
Konscht

Hien ass ee vun deene bekannteste Lëtzebuerger Moler. Awer och de Brandy stellt seng Aarbecht a Fro a muss sech ëmmer nees nei erfannen. Eng Visite a sengem Atelier suergt fir erstaunlech Ablécker.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen