Radioen

On air

Notturno  |  Nick Zubeck, Felicity Williams & Karen Ng - Time Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Philippe Paquet - Simon Leys. Navigateur entre les mondes

Buch-Tipp fir de Summer

Philippe Paquet - Simon Leys. Navigateur entre les mondes

De belsche Sinolog, Literaturwëssenschaftler a Polemiker Pierre Ryckmans, dee viru véier Joer gestuerwen ass, war méi bekannt ënner sengem Pseudonym. De Simon Leys also, hat sech uganks de 1970er Joren am breede Publikum en Numm gemaach mat sengem Buch "Les Habits neufs du président Mao", eng haut nach liesenswäert a präzis Duerstellung vun deem, wat déi sougenannt Kulturell Revolutioun a China wierklech war. Wäit ewech, jiddwerfalls, vun de romantesche Revolutiounsvirstellungen, op déi sech déi deemoleg - vum Maoismus gepräägte - Paräisser Intelligentsia gestäipt hat, fir dem Leys säi Buch menge kënnen ze diskreditéieren. Virun zwee Joer huet de Journalist Philippe Paquet eng wonnerbar Biographie vum Simon Leys verëffentlecht. Et ass de Portrait vun engem revoltéierten Eenzelgänger - ee Buch-Tipp vum Michel Delage.

auto_stories

3 min

"Simon Leys. Navigateur entre les mondes" heescht dem Philippe Paquet seng gutt 670 Säite laang Biographie, déi 2016 bei Gallimard verëffentlecht gouf. D'Bild vum "Navigateur" ass souwuel am iwwerdroene Sënn ze verstoe wéi och wuertwiertlech. De Simon Leys, alias Pierre Ryckmans, war nämlech e begeeschterte Seegler, dee seng Passioun an Australien huet konnten ausliewen, Australien, wou hien déi lescht Joerzéngte vu sengem Liewen als Unis-Professer, duerno als Rentner verbruecht hat.

De Simon Leys war doriwwer eraus een unerkannte Spezialist vun der Mieres-Literatur. Navigéiert huet de Leys dann och souzesoen e Liewe laang tëschent de Kontinenter, woubäi déi fir hien entscheedend Etapp schonn am Alter vun nëmmen 20 Joer eng Studierees a China war. Fir de Pierre Ryckmans war et de Startschoss vu senger Carrière als international respektéierte Sinolog. Uganks stoung de jonken Intellektuellen der kommunistescher Volleksrepublik China nach mat Sympathie géigeniwwer. Wéi hien dunn, Jore méi spéit, déi éischt Ofrechnunge mam Mao-Regimm a Form vu politeschen Essaien ënner dem Pseudonym Simon Leys - eng Uspillung un dem Victor Segalen säi China-Roman "René Leys" - publizéiert hat, war de Ryckmans an der Volleksrepublik Persona non grata.

De Simon Leys huet géint den intellektuelle Mainstream gekämpft...a sollt Recht behalen

Déi klassesch chinesesch Kultur, seng Spezialitéit, konnt hie just nach zu Hong Kong oder op Taiwan studéieren. De Simon Leys stoung am Ufank zimlech eleng do mat senger Kritik un der bluddeger Realitéit vum real existéierende Maoismus. Dem Mao seng Léier war deemools ënner lénke franséischen Intellektuellen eng dominant Stréimung, déi och d'Medie staark beaflosst hat.

Ee polemeschen Essai wéi "Les Habits neufs du président Mao", dee sech därmoossen un den herrschenden Illusioune vergraff hat, konnt net gutt ukommen. De Philippe Paquet weist, datt souguer verschidde renomméiert Sinologen, déi et hätte kéinte besser wëssen a wahrscheinlech och besser Bescheed woussten, ze vill ideologesch verblennt ware fir dem Simon Leys entgéint ze kommen.

Wat war dem Ryckmans/Leys seng Motivatioun?

Wou hat deen, dem Uschäin no, éischter scheie belschen Akademiker Ryckmans déi moralesch Kraaft hier, fir dem intellektuelle Klima vun där Zäit ze widderstoen a stur seng integer Linn weiderzefueren? Dat ass eng zentral Fro. An de Biograph Philippe Paquet beäntwert se andeems hien dem Ryckmans senger Kandheet an engem konservativ-kathoulesche Milieu an engem Viruert vu Bréissel op d'Spur geet.

De belsche Journalist Paquet hat de Pierre Ryckmans-Simon Leys gutt kannt. Erauskomm ass dunn och eng Biographie, déi sech mat Sympathie mam Haaptpersonnage auserneesetzt. Wat allerdéngs net heescht, datt een et beim "Navigateur entre les mondes" mat enger Hagiographie ze dinn hätt.

E rouege Charakter, dee sech awer net ongär op Polemiken agelooss huet

D'Buch ass ee gutt dokumentéiert Wierk, dat souwuel dat ëffentlecht, wéi och dat privat Liewe vun engem wichtege franséischsproochegen Intellektuelle vum leschte Véierel vum 20. Joerhonnert retracéiert. Um Enn vu sengem Liewen hat hie mat den Absurditéite vun der Bürokratie ze kämpfen, nodeems seng Kanner op emol net méi vum belsche Staat unerkannt goufen a si deemno apatrid waren.

De Simon Leys war ee Familljemënsch, deen eigentlech méi an Asien an an Australien doheem war wéi an Europa, deen de Lien mam ale Kontinent virun allem geeschteg gefleegt hat, an zwar iwwer seng Passioun fir d'Klassiker vun der europäescher Literatur - dem Leys seng ureegend Analysen a sëllechen Essai-Sammlunge sollt ee sech net entgoe loossen!

De Leys war, wéi gesot, och ee politesch engagéierte Mënsch, fir deen den George Orwell e Virbild war, an deen - trotz senger zeréckhalender Aart a Weis - sech net ongär op Polemiken agelooss hat. Spektakulär war an deem Sënn säi Fernseh-Optrëtt 1983 an der renomméierter Literatur-Emissioun Apostrophes vum Bernard Pivot, an där hien déi italienesch Schrëftstellerin Maria Antonietta Macciocchi, eng deemools bekannte Maoistin, bloussgestallt hat.

Alles an allem ass dem Paquet seng Biographie ee spannende Portrait vun engem revoltéierten Eenzelgänger, deen an enger grad esou spannender Zäit gelieft huet.