Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et kann ee soen, datt mer 'dada' sinn"

Musek

"Et kann ee soen, datt mer 'dada' sinn"

Den humorvollen Duo “Plakeg oder Ugedoen” huet de Weekend am Casino en interaktive Concert fir Kanner an hir Eltere gespillt. Gespréich mat zwee Erwuessenen, déi selwer Kanner bliwwe sinn a sech z’ameséiere wëssen.

auto_stories

5 min

"Plakeg oder Ugedoen": René Lauer a Morgan Meyer

An enger Zäit, wou déi Lëtzebuerger Fues-Prominenz bei enger Ëmfro zu enger vun de bekanntste Kënschtler am Land gekréint gëtt, do brauch een nei a virun allem eescht Helden, déi “erhobenen Hauptes” an an hirer ganzer intellektueller Pracht d’Schnitterchersfestung stiermen an dem Vollek weisen, wéi eng Gidder et z’erhalen gëllt. Riets ass vun engem immaterielle Gutt. Nämlech dem Humor, deen et géint deck Brachkäpp a Pittiswitzer ze verdeedege gëllt.

Glécklecherweis ginn et am klenge Ländchen nach genee zwee Ritter, déi de poeteschen Numm “Plakeg oder Ugedoen” droen an am laange Kalzong oder der Pyjamasbox iwwer d’Äcker vun der Kulturszen reiden a retten, wat et nach ze rette gëtt. Mat Musek. Datt si wierklech z’iwwerzeege wëssen, verréit den duerchaus positive Feedback aus dem Publikum nom Concert am Casino de 16. Juli.

Mee wie sinn dës ominéis Hären, déi den Ënnergang vum “Abendland” verhënnere wäerten? Wat sinn hier Ziler? “Plakeg oder ugedoen” hunn hir Responsabilitéit géigeniwwer der Natioun scho laang erkannt a besangen soumat dat, wat Lëtzebuerg a sengem déifste Kär ausmécht. Also beispillsweis de Bongert, de Bréifdréiesch Tunn an och e sexy Méidrescher.

"Nation branding" virun der Zäit

“Traditioun ass eis schonn e bësse wichteg. Mee anerersäits ass et eis total egal!”, erkläert de Morgan Meyer, Member vum Duo infernal. Scho virun 20 Joer hätten si eppes hikritt, dat dRegierung haut zwar a “fancy” Wierder verpéckt, an dat awer net ëmmer déi gewënschte Friichten dréit. “Nation branding”, eben.

“Plakeg oder Ugedoen” sinn net immens zeréckhalend, mee si wëllen och net all ze vill vun hirer geheimer Missioun verroden. Eventuell schaffe si souguer am Optrag vum Srel fir d’Kulturszen ze duerchliichten. Vläicht eng Aart Undercover-Assisen. Op d’mannst tarne si hir Aktioune schonn zënter zwee Joerzéngten - mat absolut iwwerzeegenden Argumenter, wéi dem René Lauer seng Ausso vermudde léisst: “D’Decisioun, op Lëtzebuergesch ze sangen, war absolut spontan. Mir hunn eis elo wierklech keng Fro gestallt: Wow, mir wëllen elo d’Lëtzebuerger Kultur héichhalen”.

"Mir sange vill Nonsense, et ass e bësse Kritik an net konformistesch"

Soumat huet een et dach eigentlech mat de perfekte Komponiste fir eng nei Nationalhymne ze dinn, oder? Op se den Optrag wuel géifen unhuelen? “Jo, firwat net. Mee mir wëlle fräi Hand hunn an et kann eis keen dra schwätzen”, warnt de Morgan Meyer.

Kulturjournaliste bäisse sech un dësen Hären dZänn aus, well se mierken, datt hannert där perfekter Choreographie eng ausgeräifte Strategie stécht, an dach wëlle “Plakeg oder Ugedoen” net mat hirem Konzept erausréckelen.

D’selwecht schwéier ass et fir d’Konschtkritik, déi sech ëmmer erëm froe muss, wat dëst Gesamtkonschtwierk am “Doppelpack” dann eigentlech ze bedeiten huet. Wierklech hëllefen dinn de Morgan Meyer an den René lauer hinnen dobäi net. “Soe mer: t ass net esou falsch wann ee géif soen, datt mer dada’ sinn. Mir sange vill Nonsense, et ass e bësse Kritik an net konformistesch. t ass zimlech fräidenkend, vill Tounspillereien.” En ähnlechen Humor wéi dee vun engem Kurt Schwitters, erkläert de Morgan Meyer.

"Et gesäit ewéi Gips aus, et ass vläicht just Kokain

Wann et da bis ëm kënschtleresch Unerkennung zu Lëtzebuerg geet, ginn d Häre ganz philosophesch: “’Et ass fir de Casino eng Unerkennung, eng Eier, datt mir hei spillen”, seet deen een. “Mir hunn eis dann och déi Fro gestallt, effektiv, ob mir dann elo Konscht sinn, well mer hei an de Casino kommen”, seet deen aneren. Dat missten d’Leit selwer entscheeden.

Datt si am Niewenzëmmer zum Lara Almarcegui hirem Wierk “Der Gips” opgetruede sinn, huet den Duo net nëmmen dozou ugereegt, alle Kanner um Concert ze soen, si sollten op kee Fall domadder spillen, wat natierlech en Zeeche vu hirer elterlecher Virsuerg war, mee si si schonn am Viraus detektiveg virgaangen an hu probéiert, déi enorm Usammlung vu rengem Gipsstëps z’analyséieren an z’interpretéieren: “Mir hu fonnt, datt e ganz an eiser Linn ass! Et gesäit ewéi Gips aus, et ass vläicht just Kokain.”

De potentiell dadaistesche Siegeszuch an d’Häerzer vun de Leit ass eleng doduerch geséchert, datt déi zwee Hofnarren eng déif Frëndschaft verbënnt. Mee wéi hir kënschtleresch Zukunft fir d'Éiwegkeet wäert festgehale ginn, wäert wuel och vum gudde Wëlle vun hirem Ëmfeld ofhänken.