Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Elmiene - Crystal Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Poesie mat Seelenheetswäert

Jean Krier - Das Ende vom Lied

Poesie mat Seelenheetswäert

Am Buch aus den Editions Phi huet den däitsche Literaturkritiker Michael Braun déi markantst Gedichter aus dem Wierk an dem Vermächtnis vum Jean Krier zesummegedroen. De Jean Krier war ee vun de preeminente Géigewaartsauteuren, dee leider vill ze fréi verstuerwen ass an awer e Wierk hannerléisst, dat iwwer d'Grenzen eraus vill beuecht gouf.

auto_stories

4 min

Dem Jean Krier seng Presenz an der Lëtzebuerger Literaturzeen war kuerz, dofir awer ëmsou méi entscheedend an erfollegräich. Datt haut nach un hien erënnert gëtt, ass dem däitsche Literaturkritiker Michael Braun ze verdanken, dee schonn 2014 mat "Eingriff sternklar" Gedichter aus dem Vermächtnis vum Jean Krier am Leipziger poetenladen Verlag erausginn huet.

Elo, sechs Joer no dëser Verëffentlechung leet hien nach emol no, mam Titel "Das Ende vom Lied", e Buch, dat ganz rezent an der Kollektioun Graphiti vun den Editions Phi erauskoum.

Eng spéit Karriär als Poet

De Jean Krier, Joergang 1949, ass als Poet zu Lëtzebuerg eréischt 1995 mat "Bretonische Inseln" ervirgetrueden. Fir säi Gedichtband "Herzens Lust Spiele", dat esou wéi d'Gedichter aus dem Vermächtnis, am Leipziger poetenladen Verlag erauskoum, krut hien 2011 an Däitschland, dee mat 15.000 Euro dotéierten Adelbert-von-Chamisso-Präis. Dee Literaturpräis zeechent däitschsproocheg Wierker vun Auteuren aus, deenen hir Mammesprooch net Däitsch ass.

Am nämmlechte Joer gouf de Jean Krier schliisslech och zu Lëtzebuerg mam Servais Präis ausgezeechent. 2013 ass hien, no laanger Krankheet, am Alter vun nëmme 64 Joer, gestuerwen.

Motiv- an Tonnalverwandschaften

Am Buch "Das Ende vom Lied" huet de Michael Braun nach emol déi markantst Gedichter zesummegedroen, aus deene véier schmuele Gedichtsbänn, déi de Krier zäitliewens publizéiert huet, inklusiv engem Choix u Gedichter aus dem Vermächtnis. Et ass dem Michael Braun héich unzerechnen, datt hie mat dëser Auswiel et dem Lieser erméiglecht "Motiv- an Tonnalverwandschaften", wéi et am Nowuert heescht, kennenzeléieren, esou wéi de Jean Krier se a senger Lyrik gebraucht huet.

Vun de Motiver sinn dat an éischter Linn déi bretonesch Inselen, wou hie sech ëmmer erëm zeréckgezunn huet. Si hunn net nëmmen den Titel vu sengem éischte Lyrikband hierginn, si bloufen e Leitmotiv duerch dat ganzt Wierk. Dës Insele ware locus amoenus, e "Lieu agréable" an e locus terribilis an engems a wann een de Jean Krier kannt huet, ware si praktesch e Spigelbild vu senger eegener Natur.

De Michael Braun trefft am Nowuert de Kär vum Krier senger Ausriichtung am Liewen an an der Dichtung, wou hie schreift:

"Jean Krier spricht seit je aus der Position des heiteren Fatalisten, eines Dichters der Vergänglichkeit, der sich bei allem Sarkasmus die Lebenslust nicht hat austreiben lassen."

Dem Jean Krier seng Entwécklung noverfollgen

Déi 40 Gedichter, déi de Michael Braun fir dëse Band ausgesicht huet, erlaben et d'Entwécklung vum Krier senger Dichtung ze suivéieren, vum kuerzrhythmesche Vers hin zu méi laangen Zeileformen. Mir begéinen hei eng Dichtung, déi vun Andréck an Narben temoignéiert, déi d'Liewen hannerlooss huet.

Dem Krier seng Verse vergéigewäertege Schlësselmomenter, déi an der Erënnerung festgeschriwwe bloufen a si ginn ze bedenken, wéi vulnerabel de Mënsch dach ass a bleift.

Selwer de Rescht erausliesen

Dës Lyrik verlaangt ee méi-schichtescht Liesen, besonnesch do, wou den Auteur Wierder oder ganz Sazdeeler ausléisst, e Saz ofbrécht, éier dat Weesentlecht gesot gouf a mam geschéckte Gebrauch vun Ellipsen, d'Grammaire aushiewelt an de Lieser op déi Manéier fuerdert, op eege Fauscht de Rescht ze erschléissen.

Dem Krier seng Naturgedichter spigelen e Liewen, wou d'Géigesätz sech gebieren an zu Gronn riichten. "Ah, diese herrliche Dissonanz, die Bilder, die / niemand hört" heescht et am Gedicht "Ah, quel bonheur". Dës Dissonanzen am Gedicht an am Liewen huet de Krier appreciéiert, hien huet se gelieft, a si ginn den Toun un a senger Dichtung.

Inspiratioun aus verschiddenen Epochen

De Jean Krier hat Germanistik an Anglistik studéiert. Gäre léisst hie sech vun amerikanescher an europäescher Lyrik aus deene verschiddenen Epochen inspiréieren. Ashberry an Hölderlin ë. a. hate fir hie Virbildcharakter. Haaptsächlech awer begéint een de Jean Krier a senger Lyrik esou, wéi hien am Liewe war. Hie gëtt sech authentesch, verstoppt sech net hanner hermetesch-krypteschen oder abstrakte Sproochformatiounen, seng Aussoe sinn direkt, onverfruer, éierlech, impitoyabel, an ëmmer erëm erfrëschend sarkastesch.

Dee bekannten amerikaneschen Dichter Robert Hass huet kierzlech an engem Interview an der Literaturzäitschrëft Paris Review gesot: "It seemed to me that great poetry came from the inner life."

"Das Ende vom Lied" mat Gedichter vum Jean Krier ass esou eng Poesie mat Seelenheetswäert. Et ass dem Michael Braun säi grousse Verdéngscht, mat dëser Auswiel vum Jean Krier senge Gedichter, e Buch geschafen an erausginn ze hunn, dat engem vun de preeminenten Auteure vun der Géigewaart, deen och international héich geschat gouf, gerecht gëtt. Dëst Buch aus der Kollektioun Graphiti vun den Editions Phi sief dofir alle Lyrikfervente wäermsten recommandéiert.