Zanter zwee Joer ass d’Adolphesbréck hannert sou engem iwwerdimensionéierte Pseudo-Verband verschwonnen. Grad si, eent vun den haapt Markenzeechen vun der Stad Lëtzebuerg, dat op kaum enger Postkaart a kengem Souvenir-Artikel feelen däerf, gouf deemno vun Dausende vun Leit, déi zënter 2014 an ons Land liewe koumen oder et besicht hunn, nach iwwerhaapt net gesinn.
Am Musée dräi Eechelen kann een awer elo eng Ausstellung iwwert hir Konstruktioun, tëscht 1900 an 1903, besiichtegen. Ugefaange mat engem Prunkstéck, en dräi Tonne schwéiere Badetti: dat stengent Léiw-Relief, dat de Lëtzebuerger Sculpteur Aurelio Sabbatini bei Geleeënheet vun de Renovatioun- a Verbreedungsaarbechten 1961 fir déi Nei Bréck geschaaft hat.
Beandrockend an der Expo sinn dem Charles Bernhoeft seng Fotoe vun der Konstruktioun vun der Bréck, déi dee ganze Prozess aussergewéinlech gutt dokumentéieren.
Technesch Spannend
Pläng, Maquetten, Fotoen an aner Dokumenter veranschaulechen d’Entstehungsgeschicht vun der Bréck.
Fir déi technesch, a wéi sech erausstellt och fir Laien total spannend Konstruktiouns- a Statik-Aspekter uspriechend duerzestellen, proposéiert d’Expo eng Multimedia-Projektioun op dräi groussen Ecranen, an där den Acteur Fábio Godinho anschaulech, a ganz charmant, mat e puer humoristeschen Touchen, d’Geschicht vun der Adolphesbréck erzielt an hire Bau erkläert.
Steng vun hei heem
Dee groussen techneschen Atout vun der stengener Konstruktioun ass datt se am Fong aus zwou parallelle Brécke besteet, déi duerch eng Eise-Bëtongsplack matenee verbonne sinn. De François Reinert, Conservateur Délégué à la direction du Musée dräi Eechelen, erkläert, datt den Typ Brécken wéi d’Nei Bréck, am Fong Eisebunnsbrécke sinn: "Dat waren net onbedéngt Foussgängerbrécken a scho guer keng Brécke fir den Autosverkéier."
De Bau, mat Steng aus Lëtzebuerger Karriären (vum Verluerekascht, Gilsdref an Iernzen) gouf realiséiert unhand vun enger Hëllefsbréck aus Holz, an engem hëlzene Leergerüst, dat no der Konstruktioun vun der éischter Bréck just fir déi zweet Bréck huet deplacéiert misse ginn. Am Verglach mat gréissere Bauprojete vun haut, goung et nawell schëtzeg virun.
E Besoin fir d’Bréck
D’nei Bréck ass eng Bréck, fir déi et deemools schonn e konkrete Besoin gouf. D’Gare, déi baussent der Festung a vergläichsweis wäit ewech vun der Uewerstad an der deemools nach Nopeschgemeng Hollerech stoung, huet missen un d’Uewerstad ugebonne ginn.
An de Charly, de Schmuelspuer-Zuch deen d’Stad mat Iechternach verbonnen huet, huet eng Bréck gebraucht. “Dat war den Haapt Grond”, esou de François Reinert.
De Pont Adolphe war iwwregens de gréissten ëffentleche Bauprojet, no der Schläifung vun der Festung.
Stad a Staat
D’Stad Lëtzebuerg an de Staat haten iwwregens duerchaus ënnerschiddlech Point de Vuen. De François Reinert nennt zum Beispill Geschäftsleit aus der Uewerstad, déi deemools Angscht virun enger Konkurrenz vun der Gare an Hollerech haten. "D’Uewerstad war net ëmmer ganz waarm mam Projet."
Den deemolege Staatsminister Paul Eyschen, hätt trotz den héije Käschten - ëmgerechent wieren dat haut 1,2 Milliard Euro - de Projet zesumme mam Charles Rischard, dem Direkter vun den ëffentleche Bauten duerchgezunn.
Fir de François Reinert wier de Paul Eyschen "Visionär" gewiescht an de Charles Rischard (no deem iwwregens de Charly benannt war) "ganz, ganz kompetent".
En Emblème, e Monument
D’Fro, ob een d’Nei Bréck net hätt sollen zäitgeméiss nei bauen amplaz se ze rehabilitéieren ass dem François Reinert no “ganz berechtegt”. Eng Bréck wier jo virun allem eppes Praktesches. Se géing der Infrastruktur, der Fortbeweegung an dem Verbanne vun zwee Plateauen déngen.
"Nun ass et awer sou, datt déi do Bréck, wéi aner Brécken (...), Monument-Charakter kritt huet:" De Pont Adolphe wier ganz charakteristesch fir d’Silhouette vun der Stad ginn. “Praktesch en Emblème.
Et wier sécherlech méi bëlleg gewiescht se einfach ofzerappen, esou de François Reinert. Aus "Denkmalschutz an identitäre Grënn" kéint een dat awer net veräntwerten.