Radioen

On air

Notturno  |  Shintaro Sakamoto - Let's Dance Raw

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Post aus Brasilien: Méi wéi ee Land

Post vum Guy

Post aus Brasilien: Méi wéi ee Land

De Guy Helminger ass am Norde vu Brasilien, am Amazonasgebitt, ukomm, mee hien huet d'Gefill, Brasilie besteet aus méi wéi engem Land. Well déi Leit aus dem Süden hu glat a guer näischt mat deenen aus dem Norden ze dinn. Geneesou ënnerschiddlech ass d'Natur. A senger leschter Postkaart léisst den Auteur verschidde Statioune Revue passéieren.

auto_stories

5 min

Brasilien, esou hunn ech mëttlerweil festgestallt, ass nawell e bëssche méi grouss wéi Lëtzebuerg, fir genee ze sinn, kënnt een d'Ländchen 3.292 Mol niefteneen tässele fir esou op déi selwecht Quadratkilometerzuel ze kommen. Kee Wonner also, datt ech d'Gefill net lass ginn, mat all Fliger, deen ech hei huelen, an engem anere Land unzekommen.

Virun enger Woch war ech nach zu Nova Petropolis am Süden um Chokofest - dat heescht hei tatsächlech esou: Chokofest - an hunn iwwerdimensionéierten Huesen nogekuckt, wéi se hallef blann iwwer d'Bühn geschlach sinn a mat hiren Oueren d'Dekoratioun ramponéiert hunn. En Här, dee mat sengen Aggressiounen net ganz am Renge war - ech hat d'Gefill e wéilt een éischter beetschen, wéi eppes erklären - hat mir an anere Leit just virdrun de Park vun den Immigrante gewisen, wou al Fachwerkhaiser original opgebaut waren. An d'Owendiessen hunn ech an engem Restaurant kritt, wou d'Brasilianer mat ganze Bussen ureesen, fir Dänz aus Däitschland ze gesinn a bayresch, oder éisträichesch oder Tiroler Musek ze lauschteren - ech hat do meng Schwieregkeete musikalesch-geografesch ze nuancéieren, zemol tëschenduerch Honnsrécker Platt, also Muselfränkesch, gesonge gouf. Wou eng Damm am Dirndl mech gefrot huet fir mat hir duerch de Sall ze sprangen, hunn ech mech awer séier hanner menger Gromperenzalot verstoppt.

Jee, den Dag drop war ech zu Brasilia, matten am Land, eng Stad, wéi et keng aner gëtt, an déi zanter 1987 Weltkulturierwe vun der UNESCO ass. Dobäi ass et guer keng Stad fir dran ze wunnen. Dat war och ni esou geduecht; et ass eng Stad fir ze regéieren, eng Stad, déi en Hotels-Quadrat huet, dann e Banke-Quadrat a laanscht déi sougenannt Monumentalachs fënnt ee lauter offiziell Gebaier, wéi Ministèren, Senat a Parlament, awer och d'Denkmal fir de Grënner vun der Stad, de Juscelino Kubitscheck, en Denkmal, wat Graf a Musée zugläich ass.

Funktionell Architekur

All dës Gebaier si vum Architekt Oscar Niemeyer entworf a gebaut ginn. Eng funktionell Architektur am Sënn vu Bauhaus a realexistéirendem Sozialismus. Wat bedeit, bei verschiddene Gebaier fënnt een d'Iddi vum schwiewende Bëtong erëm, gewellte Liichtegkeet, anerer allerdéngs sinn net anescht ze nenne wéi Plattebau. De Kär vun der Stad gesäit aus wéi e Fliger, dee vu Westen no Oste flitt. Do wou d'Flilleke sinn, stinn d'Wunnenge vun de Beamten, déi am Ufank fënnef Deeg vun der Woch bliwwe sinn, fir hir Aarbecht ze maachen an de Weekend zeréck an déi al Haaptstad bei d'Famill op Rio geflu sinn. Haut, 59 Joer méi spéit, gesäit dat e bësschen anescht aus. Mëttlerweil bleiwen d'Leit och de Weekend hei. Virun de Wunnquadrate si Geschäfter entstanen, déi net geplangt waren, am Park joggen, déi Jonk an déi Eeler loosse sech masséieren, während déi Kleng Riserad kënne fueren. Mee op der Strooss gesäit een nach ëmmer keen. Et läit alles wäit auserneen a wann een iergendwou hi muss, dann hëlt een den Auto. Déi aus de Satellittestied ronderëm, Femme de ménage, Portier an esou weider, komme mam Bus. Ech hunn et awer zu Fouss probéiert, mee déi eenzeg Leit, déi ech getraff hunn, waren zwee Männer op Stelzen als Clown verkleet, déi bei der rouder Luucht virun den Autoe mat Messere jongléiert hu fir e puer Su ze verdéngen. Si hunn an engem Zirkus geschafft, mee et kommen net genuch Leit. Dat hunn ech op d'mannst aus deem eraushéieren, wat si erzielt hunn.

E Lëtzebuerger Missionar

E puer Deeg méi spéit hëlt mech eng Loftfiichtegkeet an den Aarm, déi sech gewäsch huet. Knapps hunn ech e Schratt zu Santarém am Amazonasgebitt gemaach, halen ech mat Schweessen net méi op. Esouguer wéi ech einfach nëmmen am Iesssall vum Regionalhaus vun de Steiler Missionare sëtzen, sinn ech flësseg, wéi de Kaffi viru mir. De Karl-Heinz, Missiounsbrudder a Geschichtsproff zu Belém op der Uni an de Sylvester, e Paschtouer vun hei, zerbrieche sech d'Käpp, wéi si mir a fënnef Deeg esou vill wéi méiglech vum Amazonas, vu Santarém, vum Bësch an de Leit weise kënnen. Et ass Mëttwoch virun Ouschteren, do sinn déi Hären nawell agespaant, awer de Sydney wëllt mech op Dierfer an an d'Peripherie mathuelen, Passiounsspiller soll et ginn a vläicht deet eng Mass mir jo och gutt, wie weess. De Karl-Heinz hat mech schonn duerch Belém begleet a mir erzielt, datt de Johann Philipp Bettendorff, deen zu Lëntge gebuer ass, am 17. Joerhonnert als éischte Missionar hei an d'Géigend koum. Haut steet eng Skulptur vun him hei nieft der Kierch, well hien als Grënner vu Santarém gëllt.

E Lëtzebuerger am Amazonas

Duerch déi zwee Kierchemänner léieren ech de Karim kennen, deen zanter aacht Joer hei lieft. Hien ass zu Moskau gebuer, seng Mam Russin, säi Pap Ägypter. Am Fong wollt hien deemools just kuerz hei bleiwen, op säi Visum fir Franséisch Guyana waarde fir do Vakanz ze maachen. Mee ënnerwee an den Amazonas hat hie säi Rucksak a seng Waliss geklaut kritt. A während hien owes duerch d'Gaasse gelaf ass an net wousst wat maachen, huet hien e Mann aus Michigan getraff, de Rick, dee grad 800 Ha. Reebësch kaf hat, fir datt deen net och nach ofgeholzt soll gi fir Sojaplantagen. Genee an dee Bësch sinn ech du mam Karim gefuer. Do wunnen nach ëmmer déi Leit an den Holzhaiser, déi och an dësen Haiser gebuer goufen, wéi d'Hena an den Naldo, Geschwëster, déi Peffer ubauen a Maniok. Wann Zäit dofir do ass, geet de Naldo an de Bësch a sammelt Paranëss. Bis zu 500 Kilo am Joer. Mech warnt hie just, ech soll oppassen, dat esou eng Noss, déi Ähnlechkeet mat enger Kokosnoss huet, wou dann déi kleng Paranëss fir ze iessen dra sinn, mir net op de Kapp fält. Well esou e Bam huet gutt 30-40 Meter, dat kënnt ee mol eng Kéier net iwwerliewen. Ech hu meng Expeditioun awer gutt iwwerstanen an d'Hena huet dunn am Nomëtteg fir de Naldo, de Karim a mech Maniok frittéiert a selwergemaachte Cupuaçu-Jus zerwéiert, dee wéi eng liicht séiss Pampelmuss schmaacht. A wéi ech duerch d'oppe Schlofzëmmerdier d'Hängematt gesouch, duecht ech, vläicht wier et jo eng Iddi, d'nächst Joer hei de Moustiquen de Krich ze erklären an de Flantermais an der Nuecht Gedichter virzeliesen.