Kultur Prix René Oppenheimer fir de Wëlzer Lycée du Nord

D'Fondatioun René Oppenheimer vergëtt all Joer e Präis fir den Asaz fir d'Mémoire vum Zweete Weltkrich a vun der Shoah a géint Rassismus an Intoleranz. Dëst Joer huet de Lycée du Nord vu Wolz de "Prix René Oppenheimer" kritt. D'Valerija Berdi huet mam Laurent Moyse, dem President vun der Fondatioun geschwat.

Oppenheimerpräis

De Präis René Oppenheimer gëtt zënter 1991 vun der d'Fondatioun verginn Laurent Moyse, wéi a wisou ass des Fondatioun entstanen?

D'Fondatioun René Oppenheimer ass 1990 vum Alfred Oppenheimer an d'Liewe geruff ginn, fir géint de Rassismus, den Antisemitismus an Intoleranz ze kämpfen. Den Alfred Oppenheimer huet dat em Memoire vu sengem Jong, de René Oppenheimer gemaach, well dee mat 14 Joer ze Auschwitz vergaast ginn ass am Zweete Weltkrich. An hie wollt en Zeeche setzen a sengem Numm fir dee Kampf, deen haut an enger Welt leeft, déi zimmlech vu Rassismus Antisemitismus an Intoleranz gepräägt ass.

Dëst Joer ass et de Lycée du Nord vu Wolz, déi de Präis, genee den 9. November, op de traurege Gebuertsdag vun der Pogromnuecht 1938, iwwerreecht kritt huet. Wat war d'Motivatioun vun der Fondatioun dëse Lycée aus ze zeechnen?

D'Fondatioun René Oppenheimer huet de Lycée du Nord fir de Präis René Oppenheimer ausgesicht, well dee Lycée wärend enger Rei Joren eng ganz Rei Projeten duerchgezunn huet, déi ronderëm d'Mémoire vum Zweete Weltkrich gedréint hunn a besonnesch iwwer d'Shoah an d'Permanence vun deene Projeten an deen Asaz souwuel vun den Enseignantë wéi vun de Schüler sollt doduerch honoréiert ginn.

Et läit Iech och besonnesch um Häerz jonk Leit ze honoréieren?

D'Fondatioun René Oppenheimer ass ëmmer immens frou, wa se ka Laureate honoréieren, déi besonnesch mat jonke Mënschen ze dinn huet, déi pedagogesch Projeten ënnerstëtzen, well mir grad an enger Zäit liewen, wou et ëmmer manner Zäitzeie vum Zweete Weltkrich gëtt, déi dat materlieft hunn. Fir dass d'Erënnerung kann erhale bleiwen an dass och déi néideg Lektioune geholl gin, ass et natierlech ganz wichteg, fir déi Jonk ze encouragéieren, op deem Wee weider ze goen an ze wëssen, wat deemools geschitt ass.

Laurent Moyse, dir sidd President vun der Fondatioun René Oppenheimer, wien ass nach am Verwaltungsrot vun der Stëftung?

Am Verwaltungsrot sinn nieft menger Persoun och nach de Marc Schoentgen, dee responsabel ass fir de Zentrum fir politesch Bildung a President vum Comité Auschwitz ass, do ass och d'Linda Wilwers dran, d'Enkelin vum Alfred Oppenheimer, de Frank Schroeder, Responsabel vum Escher Resistenzmusée, an dann hu mer nach als Memberen d'Kim Schortgen, den Alain Meyer an de Guy Aach.

Méi zum Thema

Thomas Koenig
Prisma

Si mer am Krich, kréie mer Krich? A wéini ass et moralesch vertrietbar, e Krich unzefänken? Den Thomas Koenig huet d'Konzept vu Krich emol ënner d'Lupp geholl.

Simone Beck Meenung
Fräie Mikro

No enger Zäit vun Entspanung tëschent den USA a Russland gëtt den Toun méi rau an d'Atmosphär méi kal. Et gëtt nees vu Mëttelstreckerakéiten an Europa geschwat.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen