Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prix Servais 2023 fir de Jérôme Quiqueret

"Tout devait disparaître"

Prix Servais 2023 fir de Jérôme Quiqueret

De Laureat vum Prix Servais 2023 ass de Jérôme Quiqueret. Den Tageblatt-Journalist a Buchauteur gëtt belount fir seng op reelle Fakte baséiert Erzielung " Tout devait disparaître ". Am Buch setzt de Quiqueret d'Enquête ëm en Duebelmord op der Escher Grenz an hiren historeschen a soziale Kontext vum Ufank vum 20. Joerhonnert.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


" Tout devait disparaître. Histoire véridique d'un double meurtre commis à Esch-sur-Alzette à la fin de l'été 1910 ". Ass dat elo e Sachbuch oder awer e Roman ? Eng spannend Fro, déi ënner Literaturfuerscher vill diskutéiert gëtt, an déi d'Jury vum Prix Servais op seng Manéier tranchéiert huet. " Se fondant sur une impressionnante recherche, l'oeuvre de Jérôme Quiqueret ébranle les frontières des genres textuels ", heescht et an der Begrënnung , a weider, " inédit au Luxembourg tout en s'inscrivant dans la fluidité des formes contemporaines des formes littéraires ".

D'Jury huet am Buch e liewege Portrait vun der Industriestad Esch an enger Ëmbrochszäit erkannt. An och vu senge Leit, déi den Auteur mat Virwëtz an Empathie, a mat enger Poesie, déi iwwer dat rengt historescht Dokument erausgeet, beschreift. Besonnesch hieft d'Jury déi Hellewull u Personnagen ervir, déi ee soss ni ze gesi kritt, an deenen de Jérôme Quiqueret eng Plaz an der Literatur ginn huet.

" Tout devait disparaître " ass dem franséisch-lëtzebuergeschen Auteur Jérôme Quiqueret säin éischt verëffentlecht Buch iwwerhaapt. Hie setzt sech ënnert anerem géint al Huese wéi de Guy Rewenig an den Nico Helminger alias Tomas Björnstad duerch, allen zwee fréier Laureate vum Prix Servais. Ee mat 6.000 Euro dotéierte Präis, deen iwwregens fir d'zweet hannert eneen un de klenge Verlag Capybarabooks geet.