Radioen

On air

Tockcity  |  Mutant Academy - Soda (feat. Henny L.O., Fly Anakin & Big Kahuna OG)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Quantitéit ass net gläich Qualitéit

Nei am Kino

Quantitéit ass net gläich Qualitéit

De Kinosprogramm vun dëser Woch ass nees gutt gefëllt. Do fält et schwéier ze decidéieren, wat ee soll kucke goen. Hei ass den Iwwerbléck mat Indikatiounen iwwer d'Qualitéit vun de Filmer.

auto_stories

4 min

Sieranevada vum Cristi Puiu

Wien d'lescht Woch 2 Stonne 40 mam Martin Scorsese gepackt huet, muss fir Sieranevada vum Cristi Puiu 15 Minutte méi Sëtzfleesch opbréngen. Knapps dräi Stonnen dauert deen neie Long Métrage vum Rumän. De Puiu schéngt seng Geschichten net an enger "normaler" Lafzäit kënnen z'erzielen. Sieranevada ass eng zum Deel autobiografesch. Kuerz no den Attentater op d'Redaktioun vu Charlie Hebdo trëfft zu Bukarest eng grouss Famill openaner, fir de Patriarch ze commemoréieren, dee virun engem Mount gestuerwen ass. Eng Doze Personnagen op enkstem Raum an enger Wunneng. Datt do d'Gefiller héich kachen, ass eng Fro vun der Zäit. Wie sech traut ... Puiu Filmer sinn an der Reegel immens gratifiant.


Grüsse aus Fukushima vum Doris Dörrie

Grüsse aus Fukushima ass den neie Film vum Doris Dörrie. Et geet ëm d'Marie, eng jonk däitsch Fra, déi op Fukshima kënnt, fir d'Liewen nei ze starten. Natierlech huet si et schwéier sech z'adaptéieren, entscheet sech awer dofir fir mam Satomi, der leschter Geisha vu Fukushima, Zäit ze verbréngen. Wann och immens géigesätzlech, fannen déi zwou Fraen zu sech an zu deenen aneren. D'Dörrie goung fir den Tournage op original Sitten. Et spille mat: Rosalie Thomass an de japanesche Filmstar Karoi Momoi.


A Cure for Wellness vum Gore Verbinski

Den Jerry Bruckheimer-Akolyth, dee mat den éischte "Pirates of the Caribbean"-Filmer Succès hat, lauert elo mat "A Cure for Wellness" op. Den Dane De Haan spillt an enger net alt ze wäiter Zukunft e jonke Kader, dee beoptraagt gëtt, fir säi scheinbar verréckte Chef an engem Spidol an de Schwäizer Alpen erëmzefannen. An dësem isoléierten Etablissement leeft net alles koscher of. An op eemol gëtt den De Haan mat där nämmlechter Krankheet diagnostizéiert, wéi all déi aner Patienten. En Hello un den Jason Isaacs, deen an dësem Film e Schwäizer Dokter spillt.


Rings vum F. Javier Gutiérrez

De Gore Verbinski hat viru bal 15 Joer och den amerikanesche Remake vum "The Ring" inzenéiert. Elo kënnt en drëtten Deel, ouni d'Naomi Watts awer. Och hei kommen d'Leit ëm d'Liewen, eng Woch nodeems si e mysteriéise Video gekuckt hunn. D'Heldin an dësem neie Ring Volet gesäit awer, datt et e Video am Video gëtt. En Ëmstand, dee wäitaus méi geféierlech Ausmoossen unhëlt, wéi geduecht. D'Kritike sinn duerchwuess.


Rock'n Roll vum Guillaume Canet

Rock'n Roll ass en neie Long-Métrage vum Guillaume Canet, dee sech selwer spillt. Iwwerhaapt spillt jidderee sech selwer. De Canet ass eppes iwwer 40 a kritt ze verstoen, datt hien net méi Rock ass. Niney an Ulliel si wäitaus méi cool a gefrot. Hien decidéiert, eppes dogéint ze maachen, ganz géint Fra Marion Cotillard a Kollegen. Dat wieren ënner anerem den Ivan Attal an de Gilles Lellouche.


Alibi.com vum Philippe Lacheau

Mat de Babysitting-Filmer konnt de Fransous Philippe Lacheau Suen opkéipen. Vläicht geléngt him de Coup nach eng Kéier mat Alibi.com. Säi Personnage huet eng Boîte mat Kollegen, déi Alibie fir hir magouilléierend Clienten ausheckt. De Lacheau huet eng Frëndin, déi et natierlech net ausstoe kann, belunn ze ginn. Et stellt sech eraus, datt de potenzielle Schwéierpapp ee vun de Clienten ass ...


L'Empereur vum Luc Jacquet

Et gëtt jo Suitte vun allem. Mee datt en Documentaire à Succès iwwer Pinguinen eng géif kréien, dat huet wierklech kee komme gesinn. Genee esou eng Suite presentéiert de Luc Jacquet a Form vun L'Empereur. Virun 12 Joer huet hien scho "La marche de l'empereur" realiséiert. Et gëtt bestëmmt Leit, déi sech gären 80 Minutte laang Pinguinen ukucken, déi watschelen. Virun allem wann de Lambert Wilson hinnen eppes dobäi zielt.


Fir d'Fuesvakanz programméiert Kinepolis iwwert de Weekend an doriwwer eraus e puer Deeg eng Rëtsch vu Kannerfilmer. Zum Beispill e Kuerzfilm vum Zdenek Miller, dem Createur vum Maullef, ronderëm eng danzend Raup. "Sametka, la chenille qui danse" aus dem Joer 1967.