Radioen

On air

Notturno  |  Althea & Donna - Uptown Top Ranking

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Raim schafe fir iwwer eis Ängschten ze schwätzen

Danz

Raim schafe fir iwwer eis Ängschten ze schwätzen

Am Kader vum Projet "Hors Circuits: Dear mum & Raum" vum Trois C-L thematiséiert de Choreograph an Dänzer William Cardoso net nëmme säi Coming-Out, mee och den Impakt vun der mentaler Gesondheet op sech selwer.

auto_stories

3 min

Schonn a jonke Joren huet de William Cardoso de Besoin gehat, sech mat Hëllef vu sengem Kierper auszedrécken. Sech a sengem Zëmmer anzespären a fir eng, zwou Stonnen ze danzen, war fir hien eng Zort, sech artistesch ze expriméieren - vill méi, wéi hien dëst mat Wieder hätt kënne maachen.

Bei allem, wat mat der Stëmm ze dinn hätt, wier hien e bësse méi ängschtlech, seet hien, an hie géif sech vill léiwer op d'Expressioun mam Kierper fokusséieren.

Am Kader vum "Hors Circuits"-Projet vum Trois C-L huet de William Cardoso zwou Piècë geschafen: Beschäftegt sech de Solo "Dear mum" mam Coming-Out vun engem Jong bei senger Mamm, esou steet bei "Raum", déi de Kënschtler zesumme mat der Cheyenne Vallejo danzt, virun allem déi mental Gesondheet am Mëttelpunkt.

Béid Stécker sinn duerch dem Choreograph seng Affinitéit fir d'Sujete vun der Identitéitssich, der Authentizitéit an der Éierlechkeet matenee verbonnen.

Vum Gefill, an engem Raum agespaart ze sinn

"Raum" ass an der Period vum éischte pandemiebedéngte Lockdown geschriwwe ginn. "Ech war an där Zäit och an engem Raum agespaart", erënnert sech de William Cardoso. Op laang Dauer wier et als Artist net einfach gewiescht, net méi duerchgängeg ze schaffen an näischt méi kucke kënnen ze goen. D'Grondstëmmung vum Stéck ass deementspriechend däischter ausgefall.

Iert de William Cardoso säin eegene Coming-Out gemaach huet, ass hien duerch eng méi donkel Phas gaangen. Haut setzt de Kënschtler sech dofir an, d'Theema mental Gesondheet méi prominent ze diskutéieren:

"Mir schwätzen net richteg iwwer mental Krankheeten, a wéi mir si kënnen heelen. Antidepressiva si fir mech net déi richteg Aart a Weis. Fir mech war et wichteg, mat "Raum" en Espace ze kreéieren, wou mir iwwer eis Ängschte kënne schwätzen an och mam Public kënnen en Echange féieren."

Ëmmer e Stéck méi fräi

Dem Kënschtler ass et wichteg, mat "Dear mum" all déi Leit unzeschwätzen, déi sech dëser Thematik verbonne fillen. Hien huet de Besoin gespuert, fir iwwer säi Coming-Out ze schwätzen, deen net gutt verlaf war, a sief et nëmmen, fir engem, deen aktuell vläicht an enger änlecher Situatioun ass, ze hëllefen.

Souwisou misst d'Konzept vum Sech-Outen "geläscht ginn", seet de William Cardoso:

"Eng Hetero-Persoun muss sech net outen. Mir maachen dat jo fir si, well si et froen, an ech fannen dat egal wat. Et bedeit jo dann, datt mir net normal wieren, an datt mir et dofir misste maachen. Mech perséinlech nervt dat."

Hien hätt sech eng Zäit zimmlech vill ënner breede Kleeder verstoppt, seet de Choreograph, wat eng méi schwéier a buedemstänneg Qualitéit am Danze mat sech bruecht hätt. Duerch de Solo-Projet "Dear mum" hätt hie méi no bei sech fonnt. De Kontakt, virun allem iwwer d'Haut, wier dem Kënschtler ëmmer méi wichteg ginn.

"De Mouvement kënnt méi éierlech eraus, an et kann ee sech net hanner eppes verstoppen. Déi Prozesser ware fir mech ganz wichteg, well ech dee Moment, wann ech virun engem Public stinn, einfach éierlech sinn."