Radioen

On air

Notturno  |  Dawn Chorus And The Infallible Sea - Rêveries

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Katastroph wa mer net geholl ginn"

Kulturhaaptstad 2022

"Katastroph wa mer net geholl ginn"

D’Südgemenge wëllen Europäesch Kulturhaaptstad 2022 ginn. Bis gëschter huet d’Kandidatur missten agereecht sinn. Wat stécht hannert deem ambitiéise Projet? Interview mam Ralph Waltmans, Chef vum Escher Kulturservice.

auto_stories

4 min

Ralph Waltmans

1995 an 2007 war d’Stad Lëtzebuerg schonn Europäesch Kulturhaaptstad. Dat wier “extrem bénéfique” gewiescht fir d’Kulturszeen hei am Land, sot de Ralph Waltmans am 100,7-Interview mam Maxi Pesch.

Déi gemeinsam Kandidatur vun Esch an anere Südgemengen hätt zwou Schwaachstellen. Den Austausch mat de Partnerstied iwwert d’Programmatioun géif feelen, souwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland. Dem Ralph Waltmans no wier dat zäitgebonnen. Sollt een de Label “Kulturhaaptstad” kréien, da bléiwe nach fënnef Joer Zäit.

Zweete Schwaachpunkt, deen de Responsabele vum Projet zougëtt: de Budget. “Mir wëssen nach net wéi eng Infrastrukture mer opriichten”. Déi Fro hätt een am Dossier vun der Kandidatur also net beäntwert. Do misst een äntweren, “wéi wann ee mar géif lassfueren, oder heiansdo sinn d’Froen esou gestallt, wéi wann een et hannert sech hätt”.

"Een Drëttel vun der Programmatioun gëtt ëmgesat"

Eng Schwieregkeet wier et, fréi mussen eng méiglech Programmatioun anzereechen. D’Beispill vun de vergaangene “Kulturhaaptstied” hätt gewisen: “een Drëttel vun der Programmatioun gëtt ongeféier ëmgesat, een Drëttel flitt direkt an d’Poubelle an een Drëttel gëtt adaptéiert”, sou de Ralph Waltmans. Ënnert den agereechte Virschléi: “Design for two”, eng grouss permanent Open Air Ausstellung iwwert Objeten, déi ëmmer fir zwee sinn.

Néng vun eelef Gemengen hu sech engagéiert matzemaachen: Kayl wëll net, Käerjeng iwwerleet et sech nach. All Gemeng kéint matschwätzen a géif “Här a Meeschter um eegenen Territoire” bleiwen, Esch géif näischt imposéieren, verséchert de Ralph Waltmans. Eng gemeinsam Visioun fir 2022? Et wier ee sech eens, datt déi ganz Regioun soll opgewäert ginn, vun enger Vergaangenheet mat der Stolindustrie hin zur Kulturregioun.

Wat d’Chancë vun der Kandidatur fir 2022 betrëfft, ass den Escher Kulturbeamte relativ zouversiichtlech: “wa mer net geholl ginn, dann ass et wierklech eng Katastroph”. Et hätt een nämlech keng Konkurrenz zu Lëtzebuerg. An am Verglach mat Kandidaturen aus dem Ausland géif sech déi vun Esch an den anere Südgemenge weise loossen.