Radioen

On air

Resonanzen  |  Robert Schumann - Fünf Stücke im Volkston, Op. 102, I. "Vanitas Vanitatum" - Mit Humor - Cyrielle Golin (Cello), Antoine Mourlas (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Mangen

Riicht Eraus

Claude Mangen

Vum Comptabel zum signifikante Personnage an der Kulturzeen: De Claude Mangen war vun 1993 bis 2018 fir d'éischt fir d'Kulturredaktioun um radio 100,7 responsabel, éier hie Programmdirekter gouf. Haut ass de Claude Mangen Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

auto_stories

3 min

No senger Ausbildung am ECG huet hien eng Zäit als Gestionnaire beim Heintz Van Landewyck geschafft, niewebäi huet hien eng fënnefjäreg Theaterausbildung um Conservatoire gemaach a stoung dono op de Bünen vu Zürech a Wien.

An do koum d'Offer fir um Radio 100,7 ze schaffen:

"Do hunn ech geduecht, dat ass et dach awer, engersäits dat vun der Gestioun, anersäits dat vum Theater, dat ass jo d'Sprooch, dat ass d'Stëmm, dat ass Stëmmbildung, do hunn ech geduecht, dat méchs du dann."

Drock vun der Theaterfederatioun

No senger Zäit um radio 100,7 ass de Claude Mangen Direkter vum Mierscher Kulturhaus ginn an zanter engem Joer ass hie President vun der Theaterfederatioun, engem Daachverband vun 22 Memberen, déi am Spectacle vivant aktiv sinn. Elo a Corona-Zäite wier et immens wichteg gewiescht, datt den Theatersecteur federéiert ass, betount de Claude Mangen:

"Mir hunn zesumme konnten vis-à-vis vum Ministère positionéieren an ech bilde mer wierklech an, datt op Drock vun der Theaterfederatioun d'Theateren erëm den 11. Januar hu konnten opmaachen. Mir hu quasi als eenzeg Vertriedung aus dem Kultursecteur en oppene Bréif un d'Regierung geschéckt."

D'Theaterfederatioun huet sech zu Aufgab gemaach, den Theatersecteur méi visibel ze maachen, esou ass dann och e "Centre de Documentation pour l'histoire du théâtre / Loi du 25. juin 2004 portant sur la réorganisation des instituts culturels de l'Etat" geplangt:

"Et besteet d'Iddi fir en fest Departement fir e Centre de documentation pour l'histoire du théâtre ze Miersch am Servais-Haus."

An den 28. Juni sinn dann och d'sektoriell Assisen am Escher Theater:

"De Kulturministère huet an de leschten annerhallwe Joer en Etat des lieux gemaach, an deen ass elo ofgeschloss, an dee gëtt elo presentéiert. Sujeten, déi mir wichteg sinn, dat ass mol d'Eco-responsabilité, wéi kënne mer méi rentabel programméieren, et kéint een drun denken, en nationalen Atelier ze maachen oder e Kollektiv."

E gemeinsame Fundus, wou sech eben all Theaterhaiser kollektiv kënnen austauschen an Opträg ginn.

Pressehëllef a Kulturjournalismus

De Claude Mangen ass och net zefridden mat der Berichterstattung iwwer de Kultursecteur:

"Ech kommen aus dem Beräich vun de Medien, mir schwätzen vun enger Professionaliséierung vun der Kulturzeen en général, an dësem Fall vum Theater am Allgemengen. Ech hunn heiansdo d'Gefill, erlaabt mer dat ze soen, datt d'Press hannendru leeft. Um 100,7 gëtt et eng Kulturredaktioun, an aner Zeitungen, Medien, gëtt et dat net, a wa mer wierklech an där Professionaliséierung weider wëlle kommen, da brauche mer eng Press, déi dat kritesch begleet, déi e Feedback gëtt, dat ass essentiell an do kann ee sech iwwerleeën, ob een dat net souguer op e politeschen Niveau leet a seet, mir schwätze vu Pressehëllef, datt déi Hëllef dann och gekoppelt ass mat enger kultureller Press."

Weider huet de Claude Mangen op déi geplangten Mierscher Theaterdeeg (vum 6. Bis den 9. Mee 2021) higewisen, wou och Theateracteuren, déi net op der Bün ze gesi sinn, an de Virdergrond gestallt ginn.