Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Daniel Balthasar - Got What You Wanted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Sorry, not in service"

Robert Schuman Konschtpräis 2015

"Sorry, not in service"

De Robert-Schuman-Konschtpräis geet dëst Joer un d'Gaby Peters. D'Installatioune vun der Tréierer Kënschtlerin beschäftege sech mat den Absurditéite vun der zäitgenëssescher Liewenswelt. An der Konschtpräis-Ausstellung am Simeonstift zu Tréier ginn am Ganzen 16 Kënschtler aus de Quattropole-Stied gewisen. E Besuch lount sech, mengt d'Kerstin Thalau no enger Visite op der Plaz.

auto_stories

4 min

D'Gaby Peters viru senger Installatioun "Newtons Wiege" (©Stadtmuseum Simeonstift Trier)

D'Gaby Peters ass 1980 zu Tréier gebuer. D'Wahl-Dortmunderin beschäftegt sech an hire ganz faarwegen Objeten an Installatioune mat den Absurditéite vun eiser zäitgenëssescher Liewensweis. Mat hire Wierker mécht d’Gaby Peters Courage, d’Laachen net ze verléieren, wann et alt nees net virugeet. Zum Beispill mat enger Teller-Jongléier-Maschinn oder enger Signaltafel, déi sech dréint an op der "Sorry, not in Service" blénkt.

Wat de Jury iwwerzeegt huet, sinn hir Iwwerleeungen iwwer dat, wat mir als alldeeglech Normalitéit akzeptéieren. "D'Theme vun haut gi mat Humor an Intelligenz ugeschwat, ouni een zevill grousse Statement ze maachen. Et geet ëm d'Fragilitéit an d'Absurditéit vun eiser Welt", sou den Enrico Lunghi, Direkter vum Lëtzebuerger Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean (Mudam) a Member vum Jury.

Gaby Peters: Sorry, not in Service, 2011 from Gaby Peters on Vimeo.

"Ee spezielle Präis"

D’Lëscht vun de Konschtpräiser zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun gëtt ëmmer méi laang. De Robert-Schuman-Präis ass mam Gebuertsjoer 1991 ee vun den eelste Präisser. Fir d’Barbara Schulte, stellvertriedend Directrice vum Stadmusée Simeonstift, ass et eng speziell Auszeechnung, well de Präis vu Metz, Lëtzebuerg, Saarbrécken an Tréier zesumme vergi gëtt. "Et ass den eelsten an erfollegräichste Quattropole-Projet", betount d'Barbara Schulte, "an et ass eng immens flott Vitrine fir déi artistesch Creatiounen aus der Groussregioun."

D’Robert-Schuman-Konschtpräis-Expo 2015 ass en Ëmwee vun der Tréirer Shopping-Meil wäert. D’Exponater si vläit net all revolutionär, mee d’Ausstellung bitt e gudden Iwwerbléck iwwert dat, wat an der Groussregioun geschitt. 16 Kënschtler aus dräi Länner a véier Stied ginn op enger Plaz ausgestallt. "Mat Molerei, Zeechnungen, Installatiounen, Skulpturen, Videoen, Performance sinn eigentlech all Genrë vertrueden", sou d'Barbara Schulte.

"In Quotes We Trust" vum Lëtzebuerger Kënschtler Gilles Pegel (©Yves Stephany)

Manner Traditioun, méi Diversitéit

Aus all Stad proposéiert ee Curateur jeeweils véier Kënschtler aus senger Géigend. Fir Lëtzebuerg huet d’Daniela Del Fabbro vum Diddelenger Pomhouse dës Tâche iwwerholl, an d’Lauriane Bixhain, d’Laetizia Romanini, de Gilles Pegel an de Mike Bourscheid proposéiert. Et mierkt een, dass Lëtzebuerg anescht wéi déi aner Quattropole-Stied keng Konscht-Akademie huet, mengt den Enrico Lungi. D'Kënschtler aus Tréier, Saarbrécken a Metz hätten all eng gewëss Traditioun, där se trei bleiwen. D'Lëtzebuerger par konter géife méi Kontraster a méi Diversitéit an de Formen an Aussoe bidden, ebe well se op ville verschiddene Plaze studéieren.

De Mudam-Direkter war an de leschte Wochen a Méint an e puer Concours-Juryen aktiv. Beim Schuman-Präis stoung de Lauréat net séier fest, huet de gemeinsamen Nenner op sech waarde gelooss. Firwat? "Et ass meeschtens sou, dass een um Enn zwee oder dräi Kënschtler an der enker Auswiel huet an dann doriwwer diskutéiert, wien elo wierklech dee Beschten ass. Da geet et och drëms als Jury ze soen, wéi mir zum Präis stinn. Mir mussen eise Choix jo kënne begrënnen an dozou stoen."