Radioen

On air

Notturno  |  Damien Jurado - Neiman Marcus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Roland Meyer - Monster Malya

Literatur

Roland Meyer - Monster Malya

D'Malya ass nach an der Primärschoul, mee et gëtt vu sengem Ëmfeld als Monster erlieft. A sengem neie Roman "Monster Malya" gräift de Roland Meyer e Sujet op, deen zum Schoulalldag gehéiert.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow

Datt de Roland Meyer eppes mam Enseignement ze dinn huet, dat erkennt een dacks a senger Literatur, d'Schoul a Schüler:innene sinn oft Sujeten a senge Bicher. Esou och am Monster Malya. Firwat de Meyer säi Roman mam Saz e Kannerbuch fir Erwuesse Leit ënnertitelt huet, gëtt engem och direkt kloer. Mir begéinen hei engem jonke Meedchen, eelef Joer al, dat et familiär a schoulesch net esou einfach huet. Et lieft mat senger Mamm an zwou Schwësteren zesummen, de Papp ass fort, eng weider Schwëster ass bei de Papp wunne gaangen. D'Mamm huet wiesselt Frënn, déi der Famill alles anescht wéi gutt doen, an der Schoul ass hatt e sougenanntent Problemkand, well et seng Emotiounen net am Grëff huet an do dacks aus der Këscht spréngt.

De Roland Meyer léisst d'Malya hier Geschicht erzielen, wéi si hiert Doheem an hier Schoul erlieft, virun allem awer seng eege Gefiller, seng Vue op d'Welt.

E Kand dat sech eleng fillt

Dertëschent da kommen déi Responsabel aus dem Enseignement ze Wuert, d'Léierin, de Schouldirekter, d'Schoulpsychologin, asw. An hirer méi oder manner verbeamteter Ausdrocksweis kënnt hier Ohnmacht, hir Hëlleflosegkeet zum Virschäin.

D'Malya erliewe mer an zwou vu senge Welten, dem Alldag an dann a senger Flucht- a Phantasiewelt. Beim ale Buer huet hatt e Goldfësch ausgesat, deen hatt ëmmer erëm besiche geet, mat him schwätzt an et ass do wou et och den Albert kenneléiert. Den Albert ass ee männlechen Elf, deen d'Malya Mo nennt, well him deen Numm besser gefält an den him och do de Choix léisst.

D'Malya ass en einsaamt Kand, dat engersäits séier aus der Këscht spréngt, dra schléit, op der anerer Säit sech fir seng Mamm an déi kleng Schwësteren responsabel fillt. Hatt huet och just ee Kolleeg, mat deem et awer haaptsächlech iwwer den Handy kommunizéiert.

E Kand dat an eisem System reegelrecht duerchfält

De Roland Meyer gräift hei e Sujet op, deen ewell zum Schoulalldag gehéiert. Kanner, déi duerch hiert Verhalen opfalen, a keen esou richteg weess, wéi een do sënnvoll an nohalteg intervenéiert.

Monster Malya ass awer keng reng Beschreiwung vun engem Kand, dat an eiser Gesellschaft an an eisem System reegelrecht duerchfält, deem seng Chancë vu vir eran gläich Null sinn eens ze ginn an dësem, dach esou räichen a sozialem Land.

Dem Roland Meyer geléngt och eis déi Vilfalt vum Malya ze weisen, dat aggressiivt an dat sensibelt Kand, seng Ängschten a seng Suergen, seng Ofleenung géigeniwwer all den Erwuessenen, déi him anscheinend hëllefe wëllen, seng Intelligenz, de System op seng Manéier ze duerchkucken an sech opzeginn an eben a seng Fantasiewelt ze flüchten. Bei de Goldfësch a bei d'Elf, déi wuel als Ersatz vum Papp gëlt.

Mir léieren d'Malya awer och duerch seng Sprooch kennen, seng Ausdrocksweis, déi vun de soziale Medien determinéiert ass, grad wéi d'Sprooch vun den Erwuessenen, déi sech ëm d'Malya këmmere sollen do mierkt ee schonn, datt do zwou Welten openee stoussen, datt einfach net matenee connectéiert sinn.

An dann ass do och dat duusst Malya, dat sech no Rou a Gebuergenheet seent.

E Kannerbuch fir Erwuessener

De Roland Meyer iwwerschreift sech Kapitele mat x+ eng Zuel a mat x- eng Zuel. Um Enn vum Roman ergëtt dat alles e Sënn, vill Detailer ginn engem dann och méi kloer an déi sinn alles anescht wéi positiv.

E Kannerbuch fir erwuesse Leit, seet de Roland Meyer. Mat Recht! A keen Erwuessene soll et verpassen ze léisen.