Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Delegation - Oh Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Roland Meyer - "wenn immer alles so einfach wäre"

Literatur

Roland Meyer - "wenn immer alles so einfach wäre"

Nation Branding - nee, net schonn nees ... Dach! Well dem Roland Meyer geléngt dat, op wat déi Lëtzebuerger Literaturwelt schonn ëmmer gewaart huet: e Gesellschaftsroman, deen Unerkennung iwwer d'Grenzen eraus verdéngt! Der Valerija Berdi huet den neie Roman vum Roland Meyer mam Titel "wenn immer alles so einfach wäre" den Otem verschloen.

auto_stories

3 min

Kennt dir dat? Dir fänkt un e Roman ze liesen a kënnt net méi ophalen. Et passéiert mir seelen, mee dem Roland Meyer säin neie Roman konnt ech net méi aus dem Grapp leeën. Et ass eng Nuetsschicht ginn, eng wou all Minutt absolut derwäert war.

Datt de Roland Meyer en avertéierte Schrëftsteller ass, muss ech kengem erzielen. Mee wat him mam "wenn immer alles so einfach wäre" gelongen ass, huet mir wierklech den Otem verschloen. Eng Geschicht tëschent Lëtzebuerg a Berlin, mat allen Ingredienten, déi e gudde Roman ausmaachen: Léift an Haass, Jalousie a Passioun, Politik an Intrigen, Sex and Crime, an en direkten, kloren a flëssege Stil.

Komplexe Roman mat verschiddenen Erzielsträng

E komplexe Roman iwwer siwe Figuren, der Nora an dem Greg am Mëttelpunkt. D'Nora, eng héich Staatsbeamtin um Tourismusministère an de Greg, e Berliner Beroder, deen op Lëtzebuerg kënnt fir den Image vun der Natioun ze retten, verléiwe sech aneneen an dat ass den Optakt vun enger komplizéierter Relatioun.

De Roland Meyer erzielt dës Geschicht op verschiddenen Niveauen. Och wann de Greg an d'Nora an hir Story de roude Fuedem duerch de Roman zéien, sou sinn et déi vill Niewesträng, déi grad esou bedeitend sinn an déi sech dann all zesummen zu engem perfekte Plot verknieden.

Nora, Greg, Hannah, den Nosbusch, de Jean-Marie, an den Tim - d'Nimm vun de Protagoniste sinn och d'Iwwerschrëfte vun den eenzele Kapitelen. A si sinn dann och d'Erzielerinnen an Erzieler, si beliichten hir Vue op d'Geschéien, hir Gefiller a Gedanken, hir Motiver a Pläng.

"E Panoramabild, dat wuel net jiddwerengem dierft gefalen"

De Roland Meyer erméiglecht mat dëser Erzielmethod e Bléck hanner d'Fassad, déi seng Protagonisten all Alldag opsetzen an hält eis domat e Spigel vir, an deen de Bléck och mol ka fatzeg wéidoen. Wéi gesi mir eis a wéi gi mir vun deenen anere wouergeholl? Wéi wäit kann ee sech virstellen, deenen aneren eppes virmaachen ouni duerchkuckt ze ginn? E Liewen op Ligen opbaue fir zu sengem ze kommen?

E Roman, deen d'Lëtzebuerg vun haut ganz duerchduecht zeechent. Nation Branding ass den Ophänkert, deen de Roland Meyer notzt fir den Zoustand vum Land op eng pragmatesch an intelligent Manéier ze entlarven a wou keen an näischt verschount gëtt: Politik, Ekonomie, de Lëtzebuerger - voller Réckschlëss vum Individuum op d'Gesellschaft an zréck.

E Panoramabild, dat wuel net jiddwerengem dierft gefalen, well all Widderspréch vun der Lëtzebuerger, vun der dach esou fortschrëttlecher an oppener Gesellschaft devoiléiert ginn.

De Meyer huet een Talent, seng Protagonistinnen a Protagonisten absolut glafwierdeg erzielen ze loossen.

"Genee sou gëtt Nation Branding buschtawéiert"

Sief et de Berliner, dee Lëtzebuerg mam frieme Bléck kuckt, sief et de grousse Lëtzebuerger Schrëftsteller, deen no bausse gefeiert an no bannen d'Inkarnatioun vum mysanthropen a misogynne Mënsch ass, sief et d'Hannah, dem Greg seng Fra, déi sech als dat verkeeft, wat een ënner dem Begrëff Gutmensch apake kann an domat net just hire Mann täuscht.

An da feelen natierlech och net d'Lokalkoloriten. Rieds ass vum Mierscher Literaturhaus a sengem Direkter, deen awer absolut näischt mat dem Reelle gemeinsam huet, eis zwou Edelpatisserien, Plazen an der Stad an am Éislek, et j'en passe.

E Roman, dee Potential huet fir e Bestseller ze ginn, wäit iwwer d'Grenzen eraus, well genee esou gëtt Nation Branding buschtawéiert.