Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Maria Chiara Argirò - Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rolling Thunder Revue - A Bob Dylan Story by Martin Scorsese

Filmkritik

Rolling Thunder Revue - A Bob Dylan Story by Martin Scorsese

Wärenddeem s d'Kinoswelt op den neie Scorsese-Film "The Irishman" waart - deen tatsächlech Pacino, De Niro a Pesci um Ecran verbanne soll - liwwert de Realisateur als Amuse-bouche en Documentaire ronderëm eng ganz präzis Zäit an der Carrière vum Bob Dylan.

auto_stories

4 min

Wien dovunner ausgeet, datt d'Geschicht vum Bob Dylan erzielt ass - an zwar an alle Facetten - deen huet héchstwahrscheinlech Recht. Eleng d'Ausernanersetzunge vun dëser Figur am Kino hu sech iwwer d'Joerzéngten nawell ugesammelt. Ganz prominent: Don't Look Back vum Pennebaker an No Direction Home vum - opgepasst - Martin Scorsese. Wat dreift den New Yorker no iwwer 13 Joer nees bei den Dylan? Dat ass eng gutt Fro, op déi de Film net wierklech eng Äntwert wëllt ginn.

Oder e verstoppt seng tatsächlech Intentioun hanner engem Schleier, dee sech engem - soe mir emol - normalen Netflix Public, deen alles anescht ewéi en Dylan-Jünger ass, net direkt ergëtt. Déi Wierder Facette a Figur, déi ech grad benotzt hunn, kommen net vun ongeféier. An dat de Film den Ënnertitel A Bob Dylan Story huet, natierlech nach vill manner.

De Bob Dylan an de 70er

Den 2h20 laangen Documentaire retracéiert, ewéi en 1970er Dylan mat engem Sammelsurium vu Museker a Musekerinnen op den Tour gaange sinn. Op en Tour uechtert d'USA. McGuinn, Baez, Mitchell, Ronson, Burnett, Ginsberg an esou weider an esou virun.

Eng Revue am ale Sënn vum Wuert war d'Missioun. An eng Revue kruten d'Leit. Concerten hunn an der Reegel op mannst dräi Stonne gedauert. Concert, poetesch Rezitallen an dat alles agepaakt an enger Maskarad vu Gaukler, déi sech op der Bühn produzéiert hunn, ewéi nach ni soss an hirer Carrière.

Villes ass erfonnt a gelunn

Den Dylan a Co. hu sech wäiss Faarf an d'Gesiicht geschmiert, hat riseg Fiederhitt an hunn et lafe gelooss. A se goufe vun engem hollänneschen Avant-Garde Filmemaacher a senger klenger Equippe suivéiert an dokumentéiert. Säin Numm: Stefan Van Dorp.

Kennt der deen? Loosst Iech net kulturkapitalistesch vun engem Filmsnob nidderbotteren. Och mat deem dommen Numm sinn ech drop eragefall. De gudde Van Dorp gëtt et guer net. Et ass eng fräi erfonnte Figur, déi vum Bette Middler hirem Mann gespillt, incarnéiert gëtt. Säin Numm: Martin von Haselberg. Genee esou e witzegen Numm, mee ech muss elo gleewen, dat et wierklech dem Middler hire Mann ass.

An esou Saachen, sinn am Film ëmmer an ëmmer nees. Datt d'Sharon Stone vum Dylan als 19-järegt mat op Tour geschleeft soll ginn an datt hatt Fan vu Kiss war an hie mat op e Kiss-Concert geschleeft huet, wou hien dann d'Gesiichtsmolerei soll inspiréiert hunn ass natierlech immens ënnerhalsam. Mee: gestonk an erlunn.

De Film besteet aus Archivmaterial, deen deemools am Montage lénks a riets leie bliwwen ass an der Post-Produktioun fir de Film/Documentaire/Concertsfilm Renaldo & Clara, deen den Dylan selwer realiséiert huet. E Flop bei Public a Kritik, deen awer definitiv eppes huet. Just eng "Zeen" aus deem Film packt et an den Documentaire. Eng soi-disant romantesch Post-Relatioun Konfrontatioun tëscht Joan Baez an Dylan. Ech kéint mech iren, mee ech mengen, d'Kollegen aus der Cinemathéik hunn eng Kopie vum Film. Ech hunn en op alle Fall viru Joren a Joren do gesinn.

Lige gehéieren dozou

D'Spill vun der Ligen - pardon, vum kënschtleresche Verschéineren - ass hanner der Fassad vum Éischte-Net-Mierken, e léift a verspillte Spill mat der Form vum Rockdocumentaire, mat deem à la base och schonns alles erzielt gouf.

Hanner de sëlleche Masken op der Bühn verstoppe sech natierlech déi sëlleche Maske vum Dylan alias Robert Zimmermann. De Scorsese mécht et engem am Fong immens einfach. Speckt déi reell fantastesch Concertsopnahme mat Extraite vu Méliès Zaubertrick-Filmer an Theatermomenter aus dem Enfants du paradis.

Et ass och dem Scorsese seng Geschicht

De Scorsese benotzt den Zauber vum Kino, sengem Bild a sengem Montage, fir eng Geschicht ze zielen, déi natierlech seng eegen och ass. D'Lige sinn dann einfach Deel vum Spill. Mee keng Suerg. Et ass net alles Nonsense. De Film léisst Raum fir laang, laang Concertsmomenter vu Kënschtler, déi absolut op der Héicht sinn. Den Dylan ass exuberant wéi ni an dunn och ni méi.

Et ass eng Epoch, déi de Scorsese no iwwer 40 Joer net mat Rou léisst. Et ass d'Epoche vun Taxi Driver an New York, New York. Dem Scorese säin éischten absolute Peak a säi verkoksten éischte Fall. Wien hätt geduecht, datt de Scorsese am Joer 2019 an dëser politescher Situatioun ganz onverblimmt géif versichen, den Exercice ze maachen, deen den Orson Welles versicht huet. F For Fake, D for Dylan.