Buch-Tipp fir de Summer Salman Rushdie - The Golden House

De Jean-Paul Hoffmann proposéiert Iech dem Salman Rushdie säi rezentst Wierk: "The Golden House" - d'Haus vun der Famill Golden. De Salman Rushdie lieft an den USA, an dëse Roman erzielt eng Geschicht iwwer Amerika haut. Iwwer déi Figuren, déi regéieren an iwwer de mentalen Zoustand vum Land. Et ass eng Zort Schlësselroman, gewierzt mat typeschem Rushdie-Witz an Zynismus. Ähnlechkeete mat reelle Personnagë si gewollt an iwwerhaapt net zoufälleg.

Jean-Paul Hoffmann / cz

Salman Rushdie
Foto: Bigstock

D'Story demarréiert um Dag vun der Inauguratioun vum fréieren US-President Barack Obama.

Et ass d'Geschicht vun engem Superräichen, dem Nero Golden. Hien ass mat sengen dräi Jongen aus engem asiatesche Land a sengen Terrorattentater geflücht. Hie sicht fir seng Famill an Amerika d'Garantie vum Iwwerliewen a besser Perspektiven.

Dëst sinn net déi typesch Refugiéen: si installéiere sech an engem schicke Quartier vu Manhattan, déi dräi Filiussen hunn als Spëtznimm d'Nimm vu réimesche Keeseren, an d'Famill ënnerhält sech gär emol op Latäin.

Eng amerikanesch Geschicht

Et ass och d'Geschicht vun enger russescher Schéinheet, déi an Amerika hire Genen eng Zukunft wëllt ginn. An et ass d'Geschicht vun der Erzielerfigur, engem Fils vu belschen Awanderer, deen eigentlech nëmmen Observateur wollt sinn an awer eng zentral Roll am Plot spillt.

Et ass eng amerikanesch Geschicht - all Haapt-Protagoniste sinn Immigranten. An am Hannergrond turnt d'Figur vum Joker - ee wéi aus dem Batman-Comic - e Personnage mat gréngen Hoer, rout gefierfte Lëpsen an den onwahrscheinlechste Spréch. Hien deklaréiert iergendwann seng Kandidatur fir d'Presidence vun den USA. Den Joker bleift eng Randfigur, mee ass bestëmmend fir de Klima, deen hei beschriwwe gëtt.

D'Schicksal als zentraalt Thema

A wéi an all Roman vum Rushdie geet et och hei ëm säin zentraalt Thema: d'Schicksal - wéi et sech imposéiert, a wéi e Protagonist duerch dat, wat e mécht oder net mécht, d'Zukunft beaflosst.

D'Romaner vum Salman Rushdie sinn heiansdo Freedefeiere vu schillernde Figure mat villen Erzielsträng, déi mat zimlecher Urgewalt dohierkommen. Dat hält sech hei a Grenzen. "The Golden House" ass eng fléissend erzielte Geschicht, iwwerschaubar an novollzéibar, mat ville Bijouen an der Formuléierung.

Elementare Rushdie, eben. Net säitelaang Beschreiwunge vu Séilenzoustänn, mee eng gutt Geschicht, eng Freed ze liesen. Mat esouguer eppes, wat wéi en Happy End ausgesäit. "Give me a copper penny and I will tell you a golden story", steet am Epigraph vum Buch.

An der Mediathéik:

Buch-Tipp fir de Summer / /
Lauschteren

Méi zum Thema

under the silver lake 2
Filmkritik

Dat neit Wierk vum David Robert Mitchell war de Buhfilm vu Cannes vun dësem Joer. Personnagen, déi näischt ze dinn hunn, begéine Personnagen, déi nach manner ze dinn hunn. Dat kléngt no engem dënne Plot.

Annie Ernaux - Mémoire de fille
Buchtipp fir de Summer

Déi franséisch Schrëftstellerin Annie Ernaux huet mat iwwer 70 eng autobiographesch Erzielung iwwer de Summer 1958 geschriwwen. A "Memoire de fille" geet si op d'Sich no de Gefiller a Gedanken, déi si ëmgedriwwen hunn.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen