Radioen

On air

Notturno  |  Julia Holter - Evening Mood

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sami Blood: Revolt a Sich no Identitéit

Luxembourg City Film Festival

Sami Blood: Revolt a Sich no Identitéit

"Sami Blood" vun der schwedescher Realisatrice Amanda Kernell leeft an der offizieller Competitioun vum Luxembourg City Film Festival. Erzielt gëtt d'Revolt vun engem jonke Meedchen am Schwede vun den 1930er Joren. Gläichzäiteg geet d'Wierk op d'Schicksal vun enger ënnerdréckter ethnescher Minoritéit am skandinavesche Land an.

auto_stories

3 min

© DR

D'Sami-Minoritéit, déi am Norde vu Schweden, am sougenannte Lapland lieft, ass ganz laang vun den dominante Schweden als mannerwäerteg ugesi ginn. Ënnert anerem wéinst hirem traditionelle Liewensstil, engem Liewen an der fräier Natur mat der Zuucht vu Rendéieren. "Sami Blood" thematiséiert d’Schicksal vun deem ethnesche Grupp. Am Ufank vum Film gëtt eng Damm an eiser Zäit an Zeen gesat, déi sech weigert, d'Sami-Sprooch ze schwätzen oder dem traditionelle Gesang nozelauschteren. De Rescht vum Film ass ee laange Flashback, deen op d'Kandheet vun där Fra zeréck kënnt an erkläert, wéi a firwat si sech vun hiren Originnen distanzéiert huet.

D'Realisatrice Amanda Kernell huet sech fir hiren éischte Longmetrage direkt un der Geschicht vun hirer eegener Groussmamm inspiréiert. Am Fong ass et eng duebel Geschicht. Engersäits gesäit een déi am Kino éischter klassesch Duerstellung vun engem jonke Meedchen an der Pubertéit, dat d'Léift entdeckt a sech lues a lues vun der Famill emanzipéiert.

Verwierklechung duerch Identitéitsverloscht

Anerersäits, an dat ass de Schwéierpunkt vum Film, verkierpert dat jonkt Elle-Marja - ganz iwwerzeegend interpretéiert vum Lene Cecilia Sparrok - d'Schicksal vun de Sami-Kanner. déi an der Schoul disziplinéiert goufen, fir hir Sprooch a Kultur zugonschte vun der dominanter schwedescher Sprooch a Kultur opzeginn. An awer kruten dës Kanner ze verstoen, datt se ni richteg Schwede kéinte ginn. Besonnesch schockant ass eng Zeen, an där d'Elle-Marja plakeg fotograféiert gëtt an de Kapp vermooss kritt. Ganz laang gouf an Europa jo un déi absurd Theorie gegleeft, et kéint een esou op déi méi niddereg Intelligenz vu sougenannte mannerwäertege Mënscherasse schléissen.

Dat ass awer och zimlech déi eenzeg Zeen, an där dat jonkt Meedchen sech d'Humiliatioun umierke léisst. De Rescht vum Film huet et een duerch an duerch determinéierte Gesiichts-Ausdrock, deen d'Kamera a Groussopname festhält. D'Elle-Marja wëll sech nämlech der dominanter Kultur upassen, dat heescht sech vum eegene soziale Milieu emanzipéieren a sech perséinlech verwierklechen. Dofir muss et sech awer vun all deenen Zeeche léisen, déi et a sengen Aen als Sami identifizéieren: d'Aussprooch, déi traditionell Kleedung, de Virnumm, de besonnesche Geroch, deen et mengt ze droen.

Déi jonk Schwëster schéngt dogéint net den Drang zur Fräiheet ze verspieren. Vläicht well et dat net, wéi d'Elle-Marja, aus eegener Kraaft packt? Vu symbolescher Bedeitung ass do eng Zeen, an där béid Meedercher am Waasser schwammen, woubäi dat eelst deem jéngsten noleet him ze vertrauen a sech a sengen Äerm iwwer Waasser halen ze loossen. "Sami Blood" ass ee Film, dee wonnerbar illustréiert, wéi ee Präis ee muss bezuele fir déi sozial Lieder eropzeklammen. An datt ee sech um Enn a kengem Milieu méi ka richteg doheem fillen.