Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sechs Méint eleng um Baikalséi

Een Theema, ee Buch

Sechs Méint eleng um Baikalséi

Selwer verschriwwenen Immobilismus: de franséischen Abenteuerer a Schrëftsteller Sylvain Tesson beschreift a sengem Reesbericht "Dans les forêts de Sibérie" (2011) seng Zäit an enger Hütt beim Baikalséi.

auto_stories

7 min

'"La cabane, royaume de la simplification. Sous le couvert des pins, la vie se réduit à des gestes vitaux. Le temps arraché aux corvées quotidiennes est occupé au repos, à la contemplation et aux menues jouissances. L'éventail des choses à accomplir est réduit. Lire, tirer de l'eau, couper le bois, écrire et verser le thé deviennent des liturgies. En ville, chaque acte se déroule au détriment de mille autres. La forêt resserre ce que la ville disperse."

Tëschent Februar a Juli 2010 hat de Sylvain Tesson eleng an enger sibirescher Hütt beim Baikalséi gelieft. E fräiwëllege Réckzuch fir de franséische Schrëftsteller an Abenteuerer, deen zu deem Zäitpunkt schonn zwanzeg Joer laang uechter d'Welt gereest war, mam Vëlo oder ze Fouss d'Kilometere gefriess an déi extreemst Konditiounen net gescheit hat.

Dem Tesson seng Spillwiss, dat waren déi zentralasiatesch Steppen, d'Fluchtweeër vu fréiere Goulag-Gefaangenen a Sibirien, der Mongolei an Indien. A Russland war hien op d'Spuere gaange vun den napoleoneschen Truppen, hat hire Réckzuch nom Debakel an der Schluecht beim Floss Berezina novollzunn.

Period vu Rou am beweegte Liewen

Dëse frenetesche Beweegungsdrang war - schreift hien - eigentlech e Mëttel fir mat der Vitesse vum moderne Liewen ze briechen. Elo wollt hien nach e Gang erofschalten a sech selwer eng Period vun Immobilismus verschreiwen. A Sibirien, um Baikalséi, méi präzis um Cap des Cèdres du Nord:

"Je me fis alors le serment de vivre plusieurs mois en cabane, seul, avant mes quarante ans. Le froid, le silence et la solitude sont des états qui se négocieront demain plus chers que l'or. Sur une Terre surpeuplée, surchauffée, bruyante, une cabane forestière est l'eldorado.''

D'Joer no där Sibirien-Aventure, also 2011, hat de Sylvain Tesson e Compte-rendu verëffentlecht: ''Dans les forêts de Sibérie. Février-Juillet 2010''. Eng Zort Tagebuch, wann een esou wëll, eng Mëschung aus Beschreiwungen - vu sengen Aktivitéiten, vun der Natur, vu senger respektiver Gefillslag - a Reflexiounen, allméiglech Iwwerleeungen, zu deenen d'Liewen an der Isolatioun an enger beandrockender natierlecher Kuliss verleede kann.

Dem Uschäin no geschitt net vill - an awer huet den Tesson vill ze erzielen, an hie mécht et gutt, säi Stil ass knapp, dréchen, dacks witzeg an ironesch.

Fudder fir de Geescht

Dee Projet erënnert selbstverständlech un de Klassiker ''Walden'', dem amerikaneschen Transzendentalist Henry David Thoreau säi berüümt Wierk vun 1854. Den Tesson zitéiert säin illustere Virgänger, schreift awer ofschätzeg: ''son prêchi-prêcha de parpaillot comptable me lasse un peu''.

Bicher hëlt den Tesson der eng Hellewull mat, eng Këscht mat fënnef Dose Bänn, seng intellektuell Ernierung fir déi einsam wanterlech Méint um Baikalséi: Jünger, Nietzsche, Schopenhauer, Defoe, Tournier, Sade, Camus, Whitman, Lucrèce, asw.

''Je savais déjà qu'il ne faut jamais voyager avec des livres évoquant sa destination. A Venise, lire Lermontov, mais au Baïkal, Byron.''

Philosophie, Reesberichter, Romaner, dann awer och deen een oder anere Krimi:

''L'erreur serait de choisir exclusivement de la lecture difficile en imaginant que la vie dans les bois vous maintient à un très haut degré de température spirituelle. Le temps est long quand on n'a que Hegel pour les après-midi de neige.''

Fudder fir de Geescht, dofir war also gesuergt. Mee de Mënsch brauch och eppes fir tëschent d'Zänn. Beim Sylvain Tesson war d'Akafslëscht zimmlech iwwersiichtlech: kiloweis Nuddelen, déi mat Ketchup oder Tabasko gehäerzt sollte ginn, fir de Rescht war hien op Fësch aus dem Séi ugewisen. Net ze vergiessen: Wodka, e puer Dose Fläschen - fir unzefänken. An dann Zigaren, fir den Dag esou richteg gemittlech ofkléngen ze loossen.

Den Uewen, Zentrum vun der Welt

''La cabane mesure trois mètres sur trois. Un poêle en fonte assure le chauffage. Il deviendra mon ami. J'accepte les ronflements de ce compagnon-là. Le poêle est l'axe du monde. Autour de lui, tout s'organise.''

Deen Uewe muss natierlech Dag fir Dag mat Holz gefiddert ginn. Holz schloen: eng vun dësen essentiellen Aktivitéiten, ouni déi d'Iwwerliewen ënner deenen - fir de Mënsch - feindleche Bedéngungen net denkbar ass. Fëschen ass eng aner, wann ee keng Loscht méi op Nuddele mat Ketchup huet oder d'Stocken opgebraucht sinn.

De Rescht vun der Zäit, déi nach bleift, ass do fir ze liesen, ze schreiwen, nozedenken, zur Fënster eraus ze kucken, och alt emol stonnelaang - et huet ee jo Zäit, wann een net permanent op den Handy muss kucken.

''La vie dans les bois permet de régler sa dette. Nous respirons, mangeons des fruits, cueillons des fleurs, nous baignons dans l'eau de la rivière et puis un jour, nous mourons sans payer l'addition à la planète.''

Aktivitéiten dobaussen

Den Tesson geet awer och eraus virun d'Dier, leeft um déifgefruere Séi Schlittschong, wann d'Äis bis geschmolt ass, ass e mam Kanu ënnerwee, hien exploréiert de Bësch an d'Bierger am Hannerland, net seele fir méi laang Expeditioune vun zwee, dräi Deeg, hien observéiert d'Welt vun den Déieren an de Planzen, bewonnert de Spektakel vun enger Natur, déi en an där Intensitéit vläicht anescht net hätt kéinten erliewen.

''À l'intérieur et à l'extérieur de la cabane, le sentiment de l'écoulement du temps n'est pas le même. Dedans, un ruissellement d'heures douillettes. Dehors, par -30°, la gifle de chaque seconde. Sur la glace, les heures se traînent. Le froid engourdit le flux.''

Heiansdo geet de Sylvain Tesson Nopere besichen - déi nooste liewen e ganzen Trëppeldag vun him ewech, eng Koppel, déi eng Wiederstatioun um Liewen hält, mee Buttek mateneen huet an dofir getrennt lieft, jiddwereen a sengem Haischen.

Et kommen och Leit hie besichen, ënner anerem Fëscher, déi onugemellt mat der Dier a seng Hütt eragefall kommen. An da gëtt eben de Biz fir den Téi op d'Feier gestallt, nach léiwer eng Fläsch Wodka opgemaach an natierlech eidel gedronk. E Minimum u Gesellegkeet, also, fir dës Männer, déi awer op kee Fall hir einsam Existenz wéilten opgi fir an eng Stad ze plënneren.

"L'érémitisme est un élitisme''

''Les sociétés n'aiment pas les ermites. Elles ne leur pardonnent pas de fuir. Elles réprouvent la désinvolture du solitaire qui jette son " continuez sans moi " à la face des autres. Se retirer c'est prendre congé de ses semblables. L'ermite nie la vocation de la civilisation, en constitue la critique vivante.''

Ee vun de grousse Momenter vum Sylvain Tesson sengem Openthalt ass de Privileeg fir kënnen den Iwwergang tëschent Wanter a Fréijoer ze erliewen - a Sibirien ass dat e bësse méi spéit ewéi ënner eise Breedegraden. Dofir ass de Spektakel ëmsou méi schéin. Lues a lues deiten sech éischt Ännerungen un, d'Temperatur klëmmt, d'Sonnestrale gi méi waarm, d'Äis fänkt u mat Schmelzen, de Bier erwächt aus sengem Wanterschlof - an dann ass et op eemol vollbruecht:

''Les eaux de la rivière ont enfin crevé la banquette de glace de la grève. La jonction est opérée. Les torrents caracolent jusqu'au lac. Ils font le bruit de la vie qui descend à la fête. Les rivières sabrent la forêt.''

Beschreift de Sylvain Tesson hei eng Utopie? Also alleguerten zeréck an de Bësch?

''Lorsque les foules gagnent les forêts c'est pour les abattre à la hache. La vie dans les bois n'est pas une solution aux problèmes écologiques. Le phénomène contient son contre-principe. Les masses, gagnant les futaies, y importeraient les maux qu'elles prétendaient fuir en quittant la ville. (...) La partition du recours aux forêts ne peut se jouer qu'à un nombre réduit d'interprètes. L'érémitisme est un élitisme.''

Net jiddweree kann also d'Liewen an där Intensitéit genéissen ewéi e Sylvain Tesson. An dach hëlt een iergendwéi Deel un dëser Experienz, andeems een iwwer se liest. Dach, och ech hunn den Androck, sechs Méint "Dans les forêts de Sibérie" verbruecht ze hunn!