Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Selfie mam Hillary

Medien

Selfie mam Hillary

Firwat dréinen all d'Leit der Presidentschaftskandidatin de Réck? Eng 24 Stonne virun deem éischten Debat tëschent de Presidentschaftskandidaten Hillary Clinton an Donald Trump hat ee Mataarbechter vun der Clinton-Campagne eng Foto vun der Demokratin an hire Fans getwittert.

auto_stories

4 min

Ee Mataarbechter vun der Clintone-Campagne hat d'Bild getwittert.

"2016 ya'll." hat de Mataarbechter vun der Clinton-Campagne ënnert den Tweet mat der Foto vun der Presidentschaftskandidatin an hire Fans geschriwwen. Dat frappant Bild ass duerno iwwer divers Reseaue verbreet ginn. Esou zum Beispill an der Rubrik "Technically incorrect" vu cnet.com, enger Säit vu CBS News.

D'Bild géif weisen, wat aus der Gesellschaft gi wier, heescht et am Artikel. De Chris Matyszczyk mengt, d'Foto wäert eent vun den ikonesche Biller vun der haiteger Zäit ginn. Den Tippfeeler a "2016 ya'll" wier ze verzeien, ugesiichts der mënschlecher Katastroph, déi ze gesi wier.

Mam Réck zur Hillary

D’Bild gouf vun der Barbara Kinney, der offizieller Fotografin fir d’Clinton-Campagne, geschoss. Riets steet d’Hillary Clinton op engem klenge Podium, laacht a wénkt. An hannert enger Ofspärung stinn hir Fans. All hale si de Smartphone an d'Luucht an all dréine si der Hillary Clinton de Réck.

Als Old-School-Ditt, déi net an der géigewäerteger Selfie-Kultur grouss ginn ass, hunn ech eng Zäit gebraucht, bis ech déi Zeen verstan hunn. Mäin éischte Gedanke war, datt eng Persoun laanscht déi Mënschemass gaangen ass, déi nach méi berühmt ass wéi d’Hillary Clinton. An déi net um Bild ze gesinn ass. Ieren den Donald Trump? Mee nee, well soss géif d'Hillary Clinton jo net laachen a wénken.

Jee, et huet eng länger Weil gedauert - an den Text vum Commentateur vu cnet.com, Chris Matyszczyk, huet mir schliisslech op d’Spréng gehollef - bis datt och ech et geschnallt hat: Do ass iwwerhaapt keng aner Berühmtheet laanschtgaangen. All d'Leit hunn d’Hillary Clinton fotograféiert. Méi wichteg nach, si hunn e Selfie gemaach, mam Hillary.

Wéi de Chris Matyszczyk dresche kommentéiert: Jidderee versicht e bësse vu sech selwer - sief et nëmmen d'Hoer d'hir Stir - mat op d’Bild ze kréien. Ech soen: Gutt, datt d’Leit keng Selfie-Sticke benotzt hunn, net datt nach e puer Aen ausgepickt gi wieren.

Selfie-Kult

Ënnert den Onmass vun dësen Ego-Stréilen déi permanent mat méiglechst ville Leit gedeelt musse ginn, sinn déi banal Selfien: "Ech, op der Plage mat engem Sonnenënnergang. An et gesäit een e Wutz vun der Schwammbox vun der Kim Kardashian hirem Bodyguard."

Déi, bei deenen ee sech besser zeréck gehalen hätt: Déi dänesch Premierministesch, déi sech am Dezember 2013 op der Zeremonie vum Nelson Mandela sengem Begriefnes mam David Cameron a mam Barrack Obama wéi et schéngt prächteg ënnerhalen huet.

An déi, déi iergendwéi cool sinn: Zum Beispill de Selfie vum Bradley Cooper, zesumme mat enger Dosen aneren Hollywood-Stare bei der Oscar-Zeremonie 2014. Ee Schnappschoss, deen een ëmmerhin als ironesche Kommentar iwwert de Star-Kult verstoe konnt.

Oder och nach de Selfie vum Ben Innes, schottesch Geisel an engem entféierten egyptesche Fliger: Hien hat den Entféierer ëm eng gemeinsam Foto gebieden a krut wat hie wollt. De Ben Innes, mat engem breede Grinsen an niewendrun, de Mann mam Sprengstoff ëm de Bauch. Och wann dat, wéi sech spéider erausstelle sollt, eng Attrapp war.

Mee zeréck bei d’Masse-Selfie Zeremonie mam Hillary. Wéi de Commentateur op cnet.com seet: "This is the modern world". Sachlech argumentéieren, an ee Primitivling viru Publikum virféiere kënnen, ass eng Saach. Mee a villen anere Situatiounen, an esou och hei, hätten si eigentlech och e Kartongs-Hillary kéinten dohinner stellen. Dat wier och nach egal gewiescht. An éischter Linn geet et ëm d’Show.