Radioen

On air

Notturno  |  Jockstrap - 50-50 (Extended Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Merci u mäi wäerte Brudder Guy, deen d'Buch geschriwwen huet"

Servais-Präis fir den Nico Helminger

"Merci u mäi wäerte Brudder Guy, deen d'Buch geschriwwen huet"

Fir de Roman "Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge" gouf den Nico Helminger fir déi zweete Kéier mam Servais Präis ausgezeechent. Bei der Präisiwwerreechung huet den Nico Helminger a senger Ried de Stellewäert vun der Literatur ugeschwat, zu enger Zäit, wou vill Leit keng Zäit méi hätten, oder sech keng Zäit méi huele géifen, fir ze liesen.

auto_stories

3 min

Am Abrëll war bekannt ginn, datt de Servais-Präis, ee vun de wichtegsten, wann net de wichtegste Literaturpräis zu Lëtzebuerg, dëst Joer nees un de Nico Helminger geet. 2014 hat hien de Präis scho kritt fir säi Gedichtband "Abrasch". D'Wierk wier e staarken, neie Moment an der Entwécklung vum postmoderne Roman an der Lëtzebuerger Literatur", seet d'Presidentin vum Jury, d'Jeanne Glesener.

Dobäi gouf et fir de Servais-Präis dëst Joer eng éischte Kéier eng Short-Lëscht, seet d'Germaine Goetzinger, Presidentin vun der Fondatioun Servais. Fir ze weisen, datt d'Lëtzebuerger Literatur eppes ze bidden huet, an datt de Lieser Interêt drun hätt, sech och déi aner Titelen, vum Pol Greisch, Georges Hausemer, Roland Meyer an Tom Nisse, unzekucken.

Méi offensiv Reklamm fir Lëtzebuerger Qualitéitsliteratur maachen

Et wier awer schued, datt d'Editeuren nach net de richtege Reflex hätten, sot dozou de Schrëftsteller Jeff Schinker, deen d'Laudatio gehalen huet. Keent vun de Bicher, déi um Enn net de Präis kruten, leien, wéi dat am Ausland awer de Fall ass, an de Vitrinne vun de Bichergeschäfter, mat enger donkelrouder, fonkelneier Banderolle, déi houfreg d'Short-Lëscht Selektioun ukënnegt, an domadder Qualitéits-Literatur versprécht.

Zum Nico Helminger sengem ausgezeechente Wierk huet de Jeff Schinker bemierkt: Et wier schwéier et ze resuméieren, wat u sech dat bescht Kompliment wier.

"Ech kéint Iech och verzielen, datt d'Buch Themen opgräift wéi de Frust vun der zäitgenëssescher Leeschtungs-Gesellschaft, de Misär vum Konsum-Paradäis, d'Paranoia vun der permanenter Iwwerwaachung duerch Internet, d'Zerschiebele vun eisen Existenzen an onduerchsichteg, inkohärent Fragmenter, wat a ville Passagë vum Buch wonnerbar beschriwwe gëtt."

An du koum den Auteur, Nico Helminger, zu Wuert, mat dëser Intro:

"Schéin, datt der all do sidd, well nëmmen déi, déi hei sinn, kënne sech dono sécher sinn, wien elo de Servais-Präis kritt huet."

Dat war och eng Uspillung op dee faméisen Tweet vum Kulturminister Xavier Bettel, dee fälschlecherweis dem Guy Helminger, dem Brudder vum Nico Helminger, fir de Servais-Präis gratuléiert hat. Och wann deen Tweet, wéi sech erausgestallt hat, net vum Xavier Bettel selwer, mee vum Kulturministère koum, wier doduerch aussergewéinlech vill iwwer säi Buch geschwat a geschriwwe ginn, meeschtens op eng iwwerflächlech Manéier, sou den Nico Helminger.

Wéi ee Stellewäert fir d'Literatur?

Hien huet sech gefrot, wéi eng Plaz d'Literatur am Zäitalter vum Internet nach huet.

"A scho gëtt eng speed-reading App erduecht, déi d'Lies-Vitess op bis zu 1.000 Wierder an der Minutt kann eropschrauwen (normal sinn et der 300), fir datt een e Roman och an der Mëttespaus ka liesen."

De Woody Allen hätt op déi Praktiken eng gutt Äntwert ginn: "Ech hunn un engem speed-reading Concours deel geholl", sot hien. "A war an der Lag, dem Tolstoi säi "Krich a Fridden" an 20 Minutten ze liesen. Et geet ëm Russland."

Datt vill Leit keng Zäit méi hätten, oder sech Zäit géifen huelen, fir ze liesen, wier engersäits eng Fro vu Prioritéiten an Interessen. Et géif awer méi derhannert stiechen.

"Et gëtt do mëttlerweil eng populistesch ugehauchte Verbruetheet, déi eegen Onwëssenheet géint all Intellektuelles ze verdeedegen, déi engem scho kann Angscht maachen."

Den Nico Helminger huet dem Ray Bradbury säi berühmte Roman Fahrenheit 451 aus dem Joer 1953 erwäänt, an deem Bicher verbrannt ginn, an d'Dissidenten se auswenneg léieren, fir d'Literatur virum Vergiessen ze retten. An deem Sënn huet den Nico Helminger all deenen, déi sech fir d'Literatur zu Lëtzebuerg asetze Merci gesot.

Eng weider kleng Spëtzt konnt den Auteur sech zum Schluss och net méi verknäifen: "Merci u mäi wäerte Brudder Guy, dee schliisslech dëst Buch geschriwwen huet."