Radioen

On air

Resonanzen  |  Leonard Bernstein - I feel pretty, aus 'West Side Story' (Musical) - Duo Rosa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sollbruch ... wat?

Ausstellung

Sollbruch ... wat?

An Erwaardung vum Kulturjoer huet d'Ekipp vun Esch2022 op der Escher Brillplaz d'Annexe22 opgeriicht. Do soll schonn emol Loscht op Konscht a Kultur gemaach ginn. An engems ass den Expo-Raum, an dëse schwieregen Zäiten, eng Plattform fir Lëtzebuerger Kënschtler. Vum 25. Juli u fir de Max Mertens. De Sculpteur, Joergang 1982, deen zu Wien ënner anerem beim Erwin Wurm studéiert huet, hat nom Ofschloss vu senger Ausbildung 2007 séier Succès.

auto_stories

5 min

Dee Moment, wou eng Situatioun kippt, wou e Changement kënnt, faszinéiert de Max Mertens. Den decisive Breakpoint. Techniker, déi mat Iwwerraschungen net esou gutt kënnen, hunn deem den "rated break point" entgéint gesat. Op Däitsch: Sollbruchstelle.

Wat ass eng Sollbruchstelle?

"Soll"...wat? Eng "Bruchstelle" ass bekanntlech eng Téitsch, eng Sollbruchstelle e Krack, eng Rëtzspuer, eng Perforatioun, duerch déi eng Iwwerlaaschtung kontrolléiert opgefaange ka ginn. Drock soll begrenzt gi fir gréissere Schued ze vermeiden.

E Protektiounspotto an der Foussgängerzon huet eng Sollbruchstelle, fir datt en op der Plaz einfach ofbrécht, wann een an e rennt. Kondensatore kréie Sollbruchlinnen an hire Buedem, d'Sollbruchstelle am Schockela verhënnert, datt eng Tablett beim Briechen zerspläitert.

Den Afloss vum Kulturjoer 2007

Huet de Kënschtler Max Mertens d'Kulturjoer 2007 als eng Aart Sollbruchstelle erlieft? Hien hat zwar säin Diplom an der Täsch, huet awer mat senger Konscht, bei där hien Alldagsgéigestänn nei, ongewéinlech, fir vill Leit bizar bis sënnlos, well zweckentfriemt, Rolle gëtt, net an dat klassescht Bild vun engem Sculpteur gepasst.

"Wéi ech zeréckkomm sinn, hat ech extrem vill Méiglechkeeten. Ech war 2007 op der Uni fäerdeg ginn, hunn awer schonn zwee Joer virdrun ugefaangen zu Lëtzebuerg auszestellen. Ech hat dunn d'Chance fir mat der Well e bësse matzegoen."

Déi éischt Joren hätt hien eng Hellewull u Projete gehat, zielt de Max Mertens. Et hätt ee gespuert, datt sech Villes beweegt hätt a Villes gemaach gi wier. "Do war et och flott als Jonken, an et gouf vill Interessi un deem, wat ech gemaach hunn."

Et wier och speziell gewiescht vu Wien zeréckzekommen, zielt de Sculpteur. "Dat alles huet mir vill Spaass gemaach, ech hunn och dee ganze Kultursecteur relativ séier kennegeléiert, konnt duerch d'ganzt Land schaffen."

Spilleresch a participativ Konscht

Ludique: kléngt liicht a labber. Ass dëst Adjektiv am Bezuch zu der aktueller Konscht mëttlerweil esou iwwerstrapazéiert an ausgelutscht, datt et och eng Sollbruchstelle néideg hätt? Och dem Max Mertens seng Aarbechte ginn als spilleresch a participativ bezeechent. Mat senge mechaneschen Zeechemaschinnen huet hien d'Kreativitéit nei a Fro gestallt, bei der Serie "Platzhalter" analog de Spunnes mam virtuelle Placeholder gemaach.

Bei "Kunstrasen" huet et sech ëm Wuess mat Konscht gehandelt, säi "Leuchtturm" huet sech aus hëlze Këschte mat enger Luucht uewendrop zesummegesat. Spillereien oder dach eng Zort alternativ Gesellschaftsspiller, ouni Wierfel, strategesch oder ekonomesch Konnotatiounen? "D'Spill ass e Begrëff, mat deem ech mech vill beschäftegen", seet de Max Mertens.

"Déi Rollen, déi ee beim Spill anhuele kann, fannen ech eppes ganz Interessantes. Do gëtt ee Reegelen, an déi kann een natierlech als Artist vill méi fräi interpretéieren. Et gi Leit, déi matspillen, anerer sinn ëmmer gär Spillverdierwer. Dat fannen ech zum Beispill och eppes ganz Interessantes: déi Roll kann ech als Artist och, méi fräi, unhuelen. Obschonn ech elo privat kee grousse Spiller sinn, fannen ech dës Sujeten interessant."

D'Frust-Element beim Spill gefält dem Max Mertens nawell zimmlech gutt. A ëm A, och ouni Wierfel? Dat kann an d'A goen! Nom Kulturjoer 2007 huet de Max Mertens fir den Trëppelpad "sentiers rouges" eng bosseg Observatiounscabane entworf.

En etlech vun den Konschtwierker sinn deemools Affer vu Vandalismus ginn. Doropshin huet de Max Mertens bannent dem Aika-Kiosk e Ballon iwwer engem Ventilator fléie gelooss, mat "Swings" Klunschelen an den Himmel iwwer d'Rue Philippe ll gehaangen. Ätsch, Bätsch: do ass keen dru komm?

Fräiwëllege Vandalismus

An der Annexe22 gëtt d'Provoque nach méi konkret: mat der Aarbecht "Sollbruchstelle" lancéiert de Max Mertens e konkreten Opruff zum Vandalismus a waart souzesoen hanner engem Eck op de Moment, wou d'Situatioun kippt:

"Matzen an de Raum hunn ech eng Mauer installéiert. Op béide Säiten hänkt jee een Hummer. Doduerch, datt Leit erakommen, gëtt e Mechanismus declenchéiert, duerch deen d'Hummere ganz lues ufänke mat dréien. Iergendwann knuppe se widder d'Mauer a wäerten esou am Laf vun der Ausstellung d'Mauer net futti maachen. mee op d'mannst veränneren. Ech si wierklech gespaant, wat derbäi erauskënnt."

Zerstéierung: dat kann ee kippen, dréien a brieche wéi ee wëllt, et ass op d'mannst "stéieren" dran, och "zer" kléngt net grad konstruktiv oder harmonesch. Do mellt de Spillverdierwer Max Mertens awer Recours un.

"Wann s de als Sculpteur eng Saach ugees, da sees de: ok, bauen ech eppes op oder huelen ech eppes ewech. Dat war hei den Ausgangspunkt. Dowéinst fannen ech et interessant, datt ech hei eppes opbauen, wat sech am Laf vun der Zäit nees verännert, sech ofbaut, an datt d'Leit en Deel dovunner sinn. Bon, si hu guer kee Choix, mee d'Beweegung vum Hummer a wéi e widder d'Mauer kënnt ass eigentlech och eppes ganz Duusses. Also ass et hei esou, datt duerch Zäit a vill Beweegung eng Kéier eppes anescht entsteet."

Wat bréngt 2022?

Les jeux sont faits, rien ne va plus. Nodeems 2007 dem Max Mertens onverhofft eng Aart Jackpot bruecht huet, gëtt 2022 méi riskant? Hien deet sech schwéier dermat eng Ausso dozou ze maachen.

"2007 war super flott, virun allem wat do an der Stad geschitt ass, mee ech hat nach ëmmer d'Gefill, datt se am Süde vum Land relativ gutt opgestallt sinn, datt do flott Saache sinn, an datt déi elo natierlech nach emol eng ganz aner Opmierksamkeet kréien. An dat fannen ech spannend!"