Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Flamingods - Tall Glass

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sou vill méi wéi e Krimi

Literatur

Sou vill méi wéi e Krimi

Krimi, Touristeguide oder Guide gastronomique? Dem Jean-Luc Bannalec seng bretonesch Geschichte sinn e bësse vun Allem. "Bretonische Flut" ass dee fënnefte Band an der Serie ëm de Kommissär Dupin.

auto_stories

3 min

"Bretonische Flut" ass net nëmme Krimi mee och Guide touristique a -gastronomique. (Foto: Verlag Kiepenheuer & Witsch)

Hëlt een d'Buch an d'Hand, stellt sech schonn eng éischt Fro: Wien ass dee "Jean-Luc Bannalec", deen als Auteur genannt gëtt? Den Numm ass nämlech e Pseudonym. Ass et de Jörg Bong, däitschen Auteur an Editeur bei Fischer ? Dat soe verschidde Literaturexperten, Kritiker, a Wikipedia. De Jörg Bong huet dat bis ewell weder confirméiert nach dementéiert.
Bannalec ass och de Numm vun enger Gemeng am franséischen Departement Finistère, knapps 50 Kilometer vu Concarneau ewech. D'Uertschaft an där de Kommissär vum Krimi enquêtéiert. D'Bicher vum Jean-Luc Bannalec komme bei Kiepenheuer & Witsch eraus. Ee Verlag, dee wéi de Fischer-Verlag zum Holtzbrinck-Grupp gehéiert. Zoufall?

"Le Français" an der Bretagne

Dem Bannalec säi Kommissär heescht Georges Dupin. An de Verfilmunge vun deenen éischte Bänn ass hien ee schmocken Tipp ëm déi 40 mat scho liicht groem Baart. Sengem Charm kann och déi stuerste Bretonin nëmme mat Méi an Nout widderstoen.

Den Dupin ass Paräisser, fir Bretonen also ee vun engem anere Stär. "Le Français" nennen si hien. Hien ass kee vun hinnen. Firwat den Dupin an d'Bretagne versat gouf, gëtt een a kengem vun deene fënnef Bänn gewuer. D'Personnagen am Buch, dem Dupin seng Assistenten, dee jonken Inspekter Riwal, dee bornéierten Inspekter Kadeg an d'Sekretärin Nolwenn - si all sinn iwwerzeegt, datt en eng Zolidd komme gelooss huet, fir bei hinnen ze landen. Am Finistère, um Enn vun der Welt.

Krimi, Documentaire oder Guide?

Dem Jean-Luc Bannalec seng Bicher sinn een eenzegen Hommage un d'Bretagne. Si si souwuel Guide gastronomique wéi och Guide touristique. Si liwweren en Abléck an d'Mythen, Legenden a Geschichte vun der Bretagne. Si beschreiwe Landschaften a Leit.

D'Krimien dokumentéieren awer och déi aktuell Problemer a Schwieregkeete vun der Regioun, virop d'Zerstéierung vun der Natur. Dee fënnefte Band beschreift d'Iwwerfësche vun de Mierer virun der Küst an domat d'Zerstéierung vun dësem Liewensraum.

Natierlech sinn dem Bannalec seng Bicher och Kriminalromaner. A "Bretonische Flut" ass de Commissaire Dupin bannent e puer Stonne mat direkt dräi Läiche konfrontéiert. Eng Fëscherin vun der Île de Sein. Eng jonk Mieresfuerscherin, déi am Parc Naturel Marin de la Mer d'Iroise aktiv ass. An ee fréiere Virolog, dee seng Pensioun an der Bretagne verbréngt. Allen dräi krute si d'Guergel duerch geschnidden.

Wann do net dee Schluss wier...

Déi sëllechen Ausféierungen iwwer déi keltesch Mythologie sollen net nëmmen déi bretonesch Kultur beschreiwen. Si hëllefen och d'Mordfäll ze léisen. Et ass awer eng Léisung, déi wéineg iwwerzeegt. Als Lieser huet een d'Gefill, den Auteur wier sech mat senge laangen Erzielunge selwer op de Nerf gaangen. An hätt d'Geschicht séier wëllen ofschléissen.

Dem Bannalec seng Romaner si méi wéi just Krimien. An esou bitt och "Bretonische Flut" trotz deem enttäuschende Schluss vill Liewenswäertes iwwer d'Bretagne, d'Mënschen an d'Kultur. Aus deem Grond kann een dem Auteur verzeien.

De Krimi steet op der éischter Plaz vun der Spiegel-Bestsellerlëscht. A fir d'Géigend vum Finistère ass de Jean-Luc Bannalec zum ekonomesche Glécksfall avancéiert. Gastronomie an Hotellerie verzeechnen eng considerabel Hausse vun däitschen Touristen. Fir d'Touristen op de Spuere vum Kommissär Dupin gëtt et an der Brasserie-Restaurant L'Amiral am Hafe vu Concarneau esouguer eng "Entrecôte grillée du Commissaire Dupin" fir 22 Euro 50.