Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Bullion - Rare Feat. Carly Rae Jepsen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Summerdag mat siwen Auteuren

Literatur

E Summerdag mat siwen Auteuren

Summer, Sonn a Literatur. De leschte Sonndeg haten de Claude Conter a seng Equipe aus dem Mierscher Literaturhaus op eng Renconter mat Lëtzebuerger Romancieren an Dichter invitéiert, déi aus hiren rezente Wierker gelies a sech mat Literaturkritiker ausgetosch hunn.

auto_stories

4 min

Foto: CNL

Claudine Muno, Michel Clees, Tom Nisse, Lambert Schlechter, Georges Hausemer, Linda Graf a Isabel Spigarelli. Wann Auteure sech hire Kritiker stellen, da kann dat duerchaus och an engem gemittleche Kader geschéien. An erfrëschend kléngen. Liesungen a Gespréicher soll een dofir am Idealfall lauschteren. Déi schrëftlech Zesummefaassung vun deem literareschen Event zu Miersch kann héchstens Loscht ginn op dem Valerija Berdi säi summerlech-faarwegen Toun-Bäitrag – ënne kënnt Dir en uklicken!

D’Claudine Muno huet aus hirer Erzielung “Komm net kräischen” virgelies, engem “Erwuessenebuch”. Am Gespréich mam Journal-Kritiker Samuel Hamen sot déi jonk Auteure, Lëtzebuergesch hätt si als Literatursprooch léiwer wéi Däitsch, den Nico léiwer wéi de Guy Helminger (“well en huet een Dag viru mir Gebuertsdag”), hir Musek an hir Literatur wieren hir ofwiesselnd wichteg. Als Virbild, éischter Rewenig oder Greisch? Roger Manderscheid, “meng éischt grouss Léift”.

"Demokratesch Bürokratie"

De Michel Clees, deen “Abreise” geschriwwen huet, ass ee grousse Bewonnerer vu Georg Trakl, Joseph Roth a Friederike Mayröcker.

V. Berdi: “Alle Liebe ist heimatlos?”

M. Clees: “Komesche Saz, gell? Ech weess och net wat ech dovunner hale soll...”

V.Berdi: “Demokratesch Bürokratie?”

M. Clees: “Staark, ! (...) Dat ass eppes wat ee sech selwer wielt, an dono net méi erauskënnt”.

De Lambert Schlechter sot iwwert “Extraire” vu sengem säi Lyriker-Kolleg Tom Nisse: “Hei bass de op engem Niveau, dee reng poetesch ass, limite hermetesch, heiansdo. Mee d’aktuell Welt ass voll dran, an de Poet sëtzt do et il a mal au bide en face’ vun där ganzer Welt. An du schreifs der dee Misär deelweis vum Leif”. D’Äntwert vum Nisse: “Fir mech ass Literatur och eng Manéier fir Saache weiderzeginn an d’Leit ze conscientiséieren”.

“Am Alter si mer eis iergendwa méi no komm"

De George Hausemer (“Der Schüttler vun Isfahan”) ass e Schrëftsteller, deen och reest fir ze schreiwen. “Wéi wäit bleift dat dokumentaresch, wéi wäit geet dat an d’Fiktioun?”, wollt d’100,7-Journalistin Nathalie Bender wëssen. “Déi Reese sinn ni alleguer d’selwecht. All Rees huet hiren eegene Charakter, hiren eegenen Oflaf, an och déi eege Manéier, wéi se herno verschafft gëtt”, sou den Hausemer. Gréisser Reesreportagen, kleng Prosastécker respektiv Notizen, eng Iddi zu enger Geschicht, déi herno guer näischt méi mat der Rees ze dinn huet... Um Enn wier dat alles net méi ganz kloer ze trennen.

D’Linda Graf (“Die Tage, die Dinge”) lieft zënter dräi Joer a Griicheland. “Spillt dat eng Roll? Well s de jo am Alldag wahrscheinlech vill Griichesch schwätz an datt dat vläicht zu enger méi bewosster Ausenanersetzung mat de Sprooche féiert...”, freet de “BooklookerJérôme Jaminet. Graf: “Dat Griichescht an dat Englescht, dat ech dohanne schwätzen, huet näischt ze dinn mat deem, wat ech schreiwen. Do sinn ech ganz an der däitscher Sprooch dran, ech spieren do keen Afloss”.

Déi jéngsten Auteure op dësem Summerdag am Park vum Servais-Haus war d’Isabel Spigarelli. No der Lecture vun Extraiten aus hirem Roman “Nichts zu danken”, deen Demenz thematiséiert, freet d’Bea Kneip (RTL) iwwert d’Relatioun zur Groussmamm no: “Am Alter si mer eis iergendwa méi no komm an deem awer erëm méi onbeschwéierten, kanneregen’ Denken”, sou d’Isabelle Spigarelli.