Taxichauffer ass méiglecherweis dee Beruff, dee mat am beschten iwwert den Zoustand vun enger Gesellschaft informéiert ass. Dat huet sech wuel och de bulgaresche Realisateur Stephan Komandarev gesot. Säi Film "Directions" (Posoki) begleet eng Partie Taxichaufferen (meeschtens Nuets) duerch déi bulgaresch Haaptstad Sofia.
Dat Ganzt ass opgedeelt a sechs Episoden. Den éischten Episod gëtt de Programm fir déi nächst vir, an ass och de roude Fuedem, deen se all matenee verbënnt. Wéinst sengem hektesche Rhythmus a well en direkt un d'Agemaachte geet, wierkt e fir de Spectateur wéi e Schlag an d'Gesiicht! Een iwwerschëlten Handwierker, deen als Nieweverdéngscht Taxi fiert, riskéiert eng Saisie op säin Atelier. De grondéierleche Mann hält den Drock vu sengem brutalen a korrupte Banker net aus: duerch eng Kuerzschluss-Reaktioun kippt d'Situatioun...
Dokumentaresche Stil
Nëmmen zwou Opname ginn dem Regisseur duer fir dës éischt Geschicht z'erzielen an de Portrait vum Haaptprotagonist ze zeechnen. Deem säi Stress gëtt dem Spectateur duerch déi nervös Kamerabeweegunge vermëttelt.
D'Stilmëttel vum Plan séquence (eng méi oder wéineger laang Opnam, déi net duerch e Schnëtt ënnerbrach gëtt) suergt des weidere fir den dokumentaresche Charakter vum Film, grad ewéi dat reegelméissegt Aspille vun enger Radiossendung, an där méi oder manner raisonnabel Nolauschterer de Fall vum Taxichauffer/Handwierker kommentéieren. Datt déi eenzel Episoden ouni Montage kënnen auskomme setzt natierlech eng gutt duerchduechte Kamera-Aarbeecht viraus.
Bont Palette u Personnagen
An och gutt schauspilleresch Leeschtungen. Déi exzellent Acteure vun "Directions" loossen eng breet a bont Palette vu Personnagen opliewen: den traurege Papp, dee säi Jong verluer huet; den Dragueur mat subtillem Sënn fir Psychologie; déi ëm hir vill verspriechend Carrière bedrunne Fra, déi d'Chance kritt hir Revanche ze huelen; de Geeschtlechen, deem säi Glawen op d'Prouf gestallt gëtt, asw.
Den Opbau an Episoden, deen u Filmer wéi "Shortcuts" (Robert Altmann) oder "Magnolia" (Paul-Thomas Anderson) erënnert, erlaabt dës villfälteg Mosaik iwwert déi däischter gesellschaftlech Aspekter vum äermsten EU-Memberstaat. "Bulgarien ass voller Optimisten: all d'Realisten an d'Pessimisten hunn d'Land scho verlooss", seet ee vun de Personnagen an deem duerch an duerch politesche Film.
Dem Stephan Komandarev säin "Directions" ass - trotz der Thematik - voller Humor, gutt gespillt, originell opgebaut an technesch brillant ëmgesat.
"Directions" ass ee vun aacht Filmer aus der offizieller Competitioun vum CinEast-Festival, an nach dësen Donneschdeg 12. Oktober um 21h am Utopia ze gesinn.