Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anouk Wagener: "Schauspiller solle sech wieren"

Theater, Coronavirus a Responsabilitéit

Anouk Wagener: "Schauspiller solle sech wieren"

"Ich werde umbesetzt. Das hat man davon, wenn man sich als Schauspielerin dazu entscheidet, nicht mehr zu proben in diesen Zeiten. Proben bedeutet: körperliche Nähe, 100 Prozent Hingabe, arbeiten mit ALLEM was man hat, Viren, die man in sich tragen könnte, übertragen auf die Kollegen. Dazu sage ich: HALT STOP. Morgen werde ich also einen Auflösungsvertrag in meinem Briefkasten finden", schreift déi Lëtzebuerger Schauspillerin Anouk Wagener op hirer Facebook-Säit.

auto_stories

3 min

Si ass bei der Konzertdirektion Landgraf an Däitschland ënner Vertrag a well si Responsabilitéit iwwerholl huet fir sech an hir Matmënsche géint d'Pandemie ze schützen, soll si bestrooft ginn.

"Ech hunn eng Woch do mat geprouft an ech hunn ëmmer verfollegt, wéi d'Aktualitéit wier, wéi sech dat alles entwéckelt, an de Samschdeg hunn ech no der Prouf nach méi intensiv doriwwer nogeduecht, wéi dat ass fir eis Kënschtler, wa mer prouwen a sonndes hunn ech do d'Entscheedung geholl, net méi wëllen ze prouwen, well et einfach ze riskant ass a well mer déi Sécherheetsmoossnamen net kënnen anhalen op enger Prouf. Ech hu mam Regisseur dräi Stonne geschwat, ech hunn un d'Konzertdirektion Landgraf geschriwwen, hinnen meng Bedenke matgedeelt an och mäi Gefill, datt ech do déi Verantwortung net iwwerhuele kann fir dat esou weiderzemaachen, wéi mer geprouft hunn, an dorops hin hu si decidéiert, fir mech ëmzebesetzen."

Et handelt sech heibäi ëm d'Stéck "Schtonk", eng Theateradaptatioun vum Film mat selwechten Numm. D'Anouk Wagener krut direkt vill Ënnerstëtzung zu Lëtzebuerg, sou huet d'Katharina Bintz, déi beim Deutsches Schauspielhaus zu Hamburg an och beim Mainzer Staatstheater matwierkt, e Solidaritéitsappell iwwer Facebook lancéiert. Mee wéi gesäit den eegenen Ensembel der Anouk Wagener hir Decisioun, net méi un de Prouwen deelzehuelen?

"Ech krut gesot, den Ensembel hätt sech entscheet weiderzemaachen, ech gouf vun der Konzertdirektioun Landgraf esou an den Eck gedréckt, ech krut gesot, ech wier dat eenzegt am ganze Grupp, dat sech esou géif verhalen, dat wier kënschtleresch Eitelkeit."

"Huet näischt mat kënschtlerescher Eitelkeit ze dinn"

D'Anouk Wagener widdersetzt sech dësem Reproche, wat d'Kënschtlerin der Konzertdirektioun Landgraf och matgedeelt hätt. Si géif ganz kloer Verantwortung iwwerhuelen an hir Decisioun hätt näischt mat kënschtlerescher Eitelkeit ze dinn, an och keng Fräiheet vun hir. Si géif un d'allgemengt Wuel denken, wat kloer Prioritéit huet.

"Ech sinn do an en Ensembel geroden, wou ech keng Leit gesinn, déi do fir sech oder fir d'Welt Verantwortung iwwerhuelen, et sinn haaptsächlech Männer iwwer 50, et sinn aacht männlech Schauspiller a just dräi Fraen an ech fannen, do kann een nach emol all déi Strukturen, déi am Theater esou sinn och nach iwwerdenken, wéi dat do gehandhaabt gëtt, well ech do ëmmer mierken, mir Schauspiller sinn dat leschte Glidd un der Ketten, mir hunn am mannsten ze soen. (...) a grad Schauspiller solle sech wieren, grad well mir eis och mat der Mënschlechkeet beschäftegen, an d'Realitéit jo och kucken, se kënschtleresch ëmsetzen, dofir verstinn ech déi Situatioun grad net."

Fir d'Schauspillerin steet vill um Spill

D'Anouk Wagener huet sech elo un d'Ensembelnetzwerk, un de Bundesverband Schauspill an och un en Affekot adresséiert. Fir d'Schauspillerin steet vill um Spill. De Kontrakt, deen hei vun der Konzertdirektioun Landgraf soll opgeléist ginn, ass e Vertrag, deen iwwer véier Spillzäite geet.

"Déi nächst véier Joer, déi ech esou geplangt hunn, dat léist sech op, dat ass elo einfach fort. Mee ech denken, dat ass elo esou. Jiddwereen huet et elo schwéier, an do sinn ech frou, datt et esou Associatiounen gëtt wéi och d'ASPRO ze Lëtzebuerg, datt een sech do zesummendeet an net eleng do steet."