Radioen

On air

De Moien  |  Arlo Parks - Blades

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Timeless in Luxembourg"

Herbie Yamaguchi

"Timeless in Luxembourg"

An der Lëtzebuerger Ambassade zu Tokio ass den Ament eng Ausstellung vum japanesche Fotograf Herbie Yamaguchi ze gesinn. De 67 Joer ale Yamaguchi war 1999 zu Lëtzebuerg an huet d'Land a seng Awunner fotograféiert. Dat Joer war och d'Staatsvisite vum Grand-Duc Jean beim japanesche Keeser zu Tokio. Bei Geleeënheet vun der Staatsvisite vum Grand-Duc Henri hat Lëtzebuerg den Herbie Yamaguchi nees beoptraagt, fir d'Liewen am Grand-Duché ze dokumentéieren.

auto_stories

4 min

Herbie Yamaguchi

"Timeless in Luxembourg", heescht d'Kollektioun vum Herbie Yamaguchi. De japanesche Fotograf huet eng kloer Trennung gemaach, tëscht de Fotoe vun 1999, an deene vun dësem Joer. Déi eng si schwaarz-wäiss, déi aner faarweg. U seng éischt Visite zu Lëtzebuerg kann den Herbie Yamaguchi sech nach gutt erënneren. Et war Wanter, kal an däischter. Besonnesch impressionnéiert hunn hien déi vill al Gebaier, déi een nach iwwerall ka gesinn.

"Zu Tokio gesäit ee seelen al Deeler vun der Stad. Dofir hunn ech et immens genoss, fir am alen Deel vu Lëtzebuerg ze sinn. Am Summer sinn immens vill Touristen zu Lëtzebuerg, mä am Wanter sinn der vill manner do. Sou konnt ech déi onverfälschte Säit vum Land gesinn."

18 Joer méi spéit ass den Herbie Yamaguchi nees op Lëtzebuerg komm. Et huet sech vill gedoen an där Zäit. Besonnesch de Kierchbierg, mat senge moderne Gebaier, huet de Fotograf beandrockt. Hie bewonnert och d'Manéier, wéi sech déi vill Auslänner am Land integréiert hunn.

Gesellschaftleche Fridden an Akzeptanz zu Lëtzebuerg

De Yamaguchie ass der Meenung, datt et de Konflikt tëscht Lëtzebuerger a Leit aus dem Rescht vun Europa zu Lëtzebuerg net géif ginn. D'Lëtzebuerger hätten e wäit Bewosstsinn, fir verschidde kulturell Valeuren ze verstoen.

Dovunner hätt d'Land och wirtschaftlech profitéiert, sou de Fotograf. Hie spuert an där Hisiicht net mat Kritik u senge Landsleit. Déi jonk Japaner wiere verwinnt. De Krich wier scho laang eriwwer, et wier dem Land laang gutt gaangen. Allerdéngs géif sech d'Blat elo nees dréinen. Aner asiatesch Länner géifen och ëmmer méi staark Wirtschaftsnatioune ginn, an déi jonk Japaner, déi kee Besoin géife gesi fir Englesch ze léieren, géifen doduerch op der Streck bleiwen. Mat senge Biller vum Liewen an Europa wëllt den Herbie Yamaguchi hinne weisen, wat si alles kéinten hunn.

Déi jonk Japaner wéissten net méi, wéi schlecht et Japan an der Vergaangenheet goung. Japan wier net gutt doranner, fir d'Land un d'Changementer an der Welt unzepassen.

Kënschtlerescht Schafe vum Yamaguchie

Den Herbie Yamaguchi huet vill vun der Welt gesinn. Doduerch hätt hie vläicht méi eng oppe Vue hätt, wat d'Situatioun a senger Heemecht ubelaangt, seet de Fotograf. Hien huet zu London Wirtschaft studéiert an zéng Joer do gelieft. Hei huet hie sech méi mat der Fotografie auserneegesat an d'Entwécklung vu Subkulture wéi d'Punk-Bewegung an de 70er Joren dokumentéiert. Do krut hien och eng éischt Renommee. Nodeems hien zréck op Tokio geplënnert ass, ass hien ëmmer nees an Europa gereest an huet do honnerte Leit fotograféiert, dorënner Kënschtler a ganz normal Mënschen an Alldagssituatiounen. Seng Fotoe bestiechen duerch hir Natierlechkeet. Hie wéilt seng Fotoen net kënschtlech retuschéieren an hie wéilt mat senge Fotoe Wäermt an Hoffnung ausdrécken.

Den Herbie Yamaguchi probéiert ganz bewosst, fir a senge Biller Momenter vu Gléck a Freed anzefänken. Als Puppelchen hat hien duerch Tuberkulos schlëmm Réckeproblemer. Seng ganz Kandheet iwwer huet hie missten e Corset undoen. Doduerch war hie laang isoléiert.

"Ech war immens onglécklech, verzweiwelt an hoffnungslos a mengem Liewen. Ech hunn net gemengt, datt ech méi al géif gi wéi 20 Joer. An d'Kanner a menger Schoul hu mech gehänselt. Also war ech ëmmer eleng an isoléiert. Wéi ech mat 14 Joer meng éischt Kamera krut, wollt ech dofir Fotoe maache vu Leit déi laachen. Ech wollt glécklech Momenter afänken, well ech mir déi fir mech selwer gewënscht hunn."

Sich no glécklechen Alldagssituatiounen

Wéi eng Fotoe gefalen dem Herbie Yamaguchi a senger Kollektioun "Timeless in Luxembourg" am Beschten? An der Serie vun 1999 wier eng Foto vun zwee Kanner, déi no der Sonndesmass mat hiren Elteren an engem Restaurant iessen. Ee ganz einfachen, awer gléckleche Moment. Hien hätt sech esou Momenter a senger Kandheet gewënscht, sou de Fotograf. Vun dësem Joer ass et d'Foto vun enger jonker Koppel, déi zesummen op enger Wiss sëtzt.

Hien hätt sech ëmmer eng Frëndin gewënscht. Haut kéint hien nees selwer goen an hien huet seng Krankheet am Grëff. A sengem Kapp géif hien nach ëmmer no glécklechen Alldagssituatioune sichen, déi Mënschen erliewen.

Wéinst der Motivatioun, fir a senge Fotoe Gléck a Freed eriwwerzebréngen, kann den Herbie Yamaguchi senger Kandheet, trotz senger schwéierer Kandheet, am Réckbléck awer nach eppes Positives ofgewannen. Wann hien als Kand staark a populär gewiescht wier, da géif seng Fotografie haut ganz anescht ausgesinn. Wann hien normal gewiescht wier, da wier Laachen eppes ze vill Normales gewiescht.