Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dumbo Tracks - Slow Despair Feat. Marker Starling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tomas Bjornstad - Fjorde

Buchkritik

Tomas Bjornstad - Fjorde

"Fjorde" vum Tomas Bjornstad ass e Gedichtband mat ganz ënnerschiddleche Gedichter. Net just d'Themen, mee och de Stil variéiert.

auto_stories

3 min

"Eine lyrische Brücke zwischen Luxemburg und Norwegen", schreift den Tomas Bjornstad an effektiv ass seng Lyrik grad esou ofwiesslungsräich, wéi wuel d'Landschaft op der Streck tëschent Lëtzebuerg an Norwegen. An esou wéi op all Trajet, ginn et och hei Segmenter, déi faszinéieren an iwwerraschen, an anerer déi éischter langweilen a midd maachen.

Direkt viraus: Ech hu mech seele gelangweilt, mech awer gefrot, ass dat Lyrik? Et ass sécherlech eng lyresch Sprooch, souguer eng beandrockend an ergräifend, mee egal wéi poetesch en Text ass, et geet awer net duer, fir d'Zeilen ze briechen, fir et da Gedicht nennen ze kënnen.

Ee Beispill:

"Acht Jahre Gymnasium

An der Decke des Saales war ein Riss

aus dem zweimal im Jahr ein Tropfen

Heiterkeit auf mein Heft fiel.

Mir wuchsen die Knochen

zur Haut hinaus. Ich brauchte neue Kleider.

Auch die gaben mir keine Liebe.

Nicht mal, als meine Gedanken

in Brand gerieten, wurde es richtig warm

ums Herz des Wissens.Einzig

die Genauigkeit der Gnome

rettete mich. Nie kamen sie

von ihrem Weg ab."

Mee wann een dësen Text als Prosa liest, da kléngt dat wéi de villverspriechenden Ufank vun enger Geschicht.

Net jiddweree beherrscht d'Spill mam Zeilenëmbroch

Et ginn der vill, virun allem zäitgenëssesch Auteuren an Autorinnen, déi dëst Spill mat der Sprooch an Zeilenëmbréch ganz gelonge beherrschen, mee dem Tomas Bjornstad géif ech awer am Léifste soen, datt hie seng poetesch Sprooch fir eng Novelle, e Roman, eng Erzielungen notze soll. Ech hätt sécherlech vill Freed drun se ze liesen.

Bei anere Gedichter geléngt him awer, seng Intentioun ëmzesetzen, wéi am Gedicht "Aufforderung":

"Jetzt knall dich in die Blumen

und wachse, werde Beet oder Hecke,

Höcker einer Maulwurfsiedlung, späte Forsythie,

schwammblüte eines länsgt verblühten Meeres,

Seerose, Tang, kappe das Tau

und gib endlich dich zu erkennen!"

Op alle Fall, egal wien hanner dem Tomas Bjornstad stécht, et mécht Freed d'Intensitéit vu senger Sprooch ze erliewen, sech a senger Stëmmung anzefänken, de Klang vu senge Biller wierken ze loossen.

Erfrëschend an iergendwéi traditionell modern

D'Mëschung aus de billerräiche Beschreiwungen a sachlechen Elementer produzéieren e Wiessel aus Excitatioun a Keelt an domat verhënnert hien an dat Pathetesch ofzerutschen, an de Gebrauch vun zäitlosen Ausdréck ass erfrëschend an iergendwéi traditionell modern.

"Fjorde" ass e perfekten Titel fir dëse Recueil, an deem sech déi verschidden Elementer begéinen, openee stoussen, sech iwwerwerfen a bezauberen.

E Buch, dat sécherlech seng Opmierksamkeet verdéngt huet an ech free mech op weider Lecture vum Tomas Bjornstad, vläicht op e Prosatext?