Radioen

On air

De Moien  |  Bombay Bicycle Club - Tekken 2 Feat. Chaka Khan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déck Loft an der Museksschoul

UGDA

Déck Loft an der Museksschoul

Vill Chargés de cours beschwéiere sech – anonym- iwwert d’Direktioun vun der Museksschoul: Drock, arbiträr Gestioun vun den Aarbechtsverträg, kee Matsproocherecht... D’Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC erhieft eng ganz Partie Virwërf, déi d’Spëtzt vun der Union Grand-Duc Adolphe vu sech weist.

auto_stories

5 min

Martine Deprez

Den 30. Juni dëst Joer hat d’FGFC e Communiqué verëffentlecht mat Doleancë vun de Chargés de musique, déi bei der UGDA-Museksschoul ugestallt sinn. Ronn 200 Chargéë ginn de ronn 5.550 Schüler uechter d’Land Coursen. Déi meescht si mat engem CDD agestallt ginn.

Zënter enger Rei Jore kloe Chargéen iwwer penibel Aarbechtskonditiounen. Der Direktioun vun der UGDA-Museksschoul geheien se des weideren Intimidatioun vir. D’Kloen hate virun e puer Joer zum Resultat, datt – wéi et schéngt géint de Widderstand vun der Direktioun - iwwerhaapt emol eng Personaldelegatioun zustane koum.

Entloossung bréngt d'Faass zum Iwwerlafen

Zum Eclat ass et viru kuerzem komm, wéi e Chargé de cours - ee Familljepapp vu 54 Joer - wéi et schéngt ouni Grond entlooss ginn ass. D’Personaldelegatioun huet sech un d’Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC adresséiert. Déi huet sech déi ganz Personalpolitik bannent der Museksschoul ugekuckt an dobäi Irregularitéite festgestallt.

D’Chargéë wiere mat CDDen ënner Drock gesat ginn. Vill vun hinnen traue sech just anonym mat der Delegatioun, der FGFC oder der Press ze schwätzen. Wéi de Chargé vu 54 Joer gekënnegt krut, wier sech un d’Aarbechtsrecht gehale ginn, verséchert d’UGDA-Presidentin Martine Deprez op Nofro. “Eng Rëtsch Grënn hunn dozou gefouert, ob déi ech natierlech elo net wéilt hei op der place publique agoen”.

“D’Leit mussen deelweis massiv perséinlech dorënner leiden, datt se se ongerecht behandelt fillen”, seet de Generalsekretär vun der FGFC Marco Thomé. Een eenzegen, respektiv d’Direktioun géif hire Wëllen einfach duerchsetzen, ouni datt wierklech mat de Leit géif geschwat ginn. “D’Leit hunn dacks d’Impressioun: wann ech opstinn a mech géint déi Ongerechtegkeete wieren, ech meng Aarbecht verléieren oder mäi Kontrakt gekierzt gëtt oder kommen ni zu engem contrat à durée indéterminée”.

Marco Thomé

Gouf Drock op d’Chargés de cours ausgeüübt? Fir d’Martine Deprez wieren dat “Behaaptungen, déi an de Raum gestallt ginn”. D’Gewerkschaftler “bleiwen eis schëlleg, Beispiller ze bréngen, wou dat da soll geschitt sinn.” Versammlunge mat Personaldelegéierte wieren, jiddefalls zënter si selwer am Oktober 2015 un d’Spëtzt vun der UGDA komm ass, “alleguerten an engem climat de confiance ofgelaf”.

Datt déi eng Enseignante mat engem CDI schaffen, anerer mat engem CDD, mat deem se nëmme wéineg Stonnen ze schaffe kréien, bezeechent d’Martine Deprez als “Partikularitéit vun de Chargés de cours am Musekswiesen”. Och do géif ee sech un d’Gesetz halen. D’Situatioun wier bei anere Museksschoulen och net anescht.

De Virworf, datt d’Direktioun arbiträr mat deenen engen CDIe respektiv CDDen ofschléissen, hätt si net kéinte feststellen. “Falls awer elo Leit um Terrain sinn, déi mengen, si wiere schlecht behandelt ginn oder gär onbedéngt e CDI hätten a méi Sécherheet, datt se hir Stonnen erëm kréien, da géif ech si bieden, mech perséinlech ze kontaktéieren”. Des weidere wier et net d’Direktioun, mee de Verwaltungsrot vun der UGDA, “deen decidéiert, wéi eng Kontrakter ënnerschriwwe ginn”.

Hält d'UGDA sech un d'Gesetz?

De Marco Thomé verweist op d’Aarbechtsrecht, dat en CDI no zwou Vertragsverlängerunge géif virschreiwen. “An do geet et net, datt eng UGDA sech hannert iergendwelleche juristesche Spitzfindegkeete verstoppt”, seet de Gewerkschaftler. Andeems d’Direktioun alles vu sech géif weisen, ass fir de Gewerkschaftler “dat beschten Zeechen, datt et am Fong schonn e bëssen esou ass wéi mir et soen”

Wat d’Personaldelegatioun bei der UGDA betrëfft, sou wier d’Gewerkschaft vum Gemengepersonal ëmmer gewëllt, d’Dossieren am géigesäitege Konsens am Interêt vum Betrib no vir ze bréngen, sou de Marco Thomé. “Mee mir hu bei der UGDA direkt gemierkt, datt de Wand géint eis stoung”. Et sollt ënnert anerem verhënnert ginn, datt d’Leit op d’Lëschte vun der Gewerkschaft sollten dropkommen. “Wann een esou op Widderstänn stéisst, heescht dat och gären, datt d’Leit eppes ze verstoppen hunn”.

Als Institutioun, déi deelweis mat ëffentleche Gelder finanzéiert gëtt, wier d’UGDA op eng gewëssen Transparenz verflicht, wat d’Aarbechtskontrakter betrëfft. “Et kann net sinn, datt eng eenzel Persoun hei queesch duerch d’Bank, ontransparent entscheet, wie wat fir eng Poste kritt”, seet de Gewerkschaftler.

Et sollt "endlech Sozialkompetenz" an d’Gestioun vun der UGDA-Museksschoul kommen. “Mir wiere frou, wann d’Direktioun eis géif beweisen, datt dat Diffamatioune sinn an datt mir do total onrecht hunn. Mee dofir muss ee sech un en Dësch sëtze mat eis”.

Den 100,7 hält seng Lieser an Noläuschterer an deem Dossier um Lafenden.