Radioen

On air

Tockcity  |  Nothing But Thieves - Oh No He :: Said What

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verléiwen dauert eng Sekonn, de Souvenir ass éiweg

Literatur

Verléiwen dauert eng Sekonn, de Souvenir ass éiweg

Ee Mann, mam Zuch ënnerwee op Paräis, fir seng grouss Léift erëm ze gesinn... Ass d'Erënnerung u sech net méi wichteg? An der Novell "Paris - ein Ende" (Op der Lay) äntwert dem Albert Mambourg säin Erzieler: Jo.

auto_stories

3 min

Jorelaang huet den Ech-Erzieler, e Sexolog, seng grouss Léift Elsa net méi erëm gesinn. E Kënschtler huet en ëm se geklaut. Mam Virwand vun engem Sexologe-Kongress sëtzt hien elo am Zuch fir op Paräis. D'Elsa soll en op d'Gare de l'Est siche kommen.

2017 hat den Albert Mambourg seng Novell ''Paris - ein Ende'' am Eegeverlag eng éischte Kéier publizéiert. Elo läit eng Neiverëffentlechung beim Verlag Op der Lay vir. Um Buchdeckel : d'Reproduktioun vum Tableau mam Titel ''Mädchen mit Philodendron'', dat dem Mambourg seng Duechter Nina gemoolt huet.

Parcours vun engem Existenzialist

Den Albert Mambourg, Joergang 1943, ass vu Beruff Gynekolog. Zënter 1969 lieft hien an der Schwäiz, vun där de gebiertege Lëtzebuerger an Tëschenzäit och d'Staatsbiergerschaft ugeholl huet. Mëtt de 1970er Joren huet hien ugefaangen, sporadesch Romaner an Novellen ze verëffentlechen. Vermëttelt goufe seng Ufänk vun der Simone de Beauvoir, wéi een am Autorelexikon gewuer gëtt.

Säi Schreiwen ass zënterhier vum literareschen Existenzialismus gepräägt. Den decisiven Afloss vun der franséischer Literatur vun der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert mierkt een och bei der Lektür vun der 50 Säite kuerzer Novell ''Paris - ein Ende''. Den Auteur bezitt sech op dem Sartre seng ''Nausée'', dem Saint-Exupéry säi ''Petit Prince''.

Wann et dem Dokter am Zuch op eemol dono ass, e Matreesenden z'erstiechen, erënnert dat staark un dem Gide säin ''acte gratuit'' aus de ''Caves du Vatican''. De Personnage vun der Elsa ass méiglecherweis eng Uspillung un d'Elsa Triolet, un där hire Mann Louis Aragon, an deemno un d'Surrealisten, an der Literatur, an och an der Molerei.

Paräis als Dramkuliss

Dem Albert Mambourg säin Haaptpersonnage beweegt sech jo och an engem Dram, enger fantasméierter Realitéit. Zu Paräis geréit hien an e Bordell, wou en dem Marquis de Sade sengem berüümte Personnage Justine iwwert de Wee leeft.

An och dem Kardinol Jean-Marie Daniélou : pikanterweis war dee Jesuit 1974 an engem Bordell un engem Häerzinfarkt gestuerwen. Iwwer béid Referenze rechent de Mambourg mat der strenger kathoulescher Sexualmoral of, ënnert där hie selwer dierft gelidden hunn.

Zäit vs Erënnerung

Säin Haaptthema ass de Géigesaz tëschent der Zäit, déi vergeet, an d'Erënnerung, déi d'Vergaangenheet hëlleft ze fixéieren.

"Es gibt scheinbar verschiedene Zeiten, die des Steins und der Ewigkeit und die blitzschnelle Zeit des Verwelkens, des Lebens."

Méi wichteg wéi dat Erlieftent ass, fir den Ech-Erzieler, de Souvenir dovunner - an do si mer beim Proust senger ''Recherche du temps perdu''. Et sinn d'Biller, déi engem am Kapp hänke bliwwe sinn, an déi een ëmmer erëm kann ervir ruffen. Wéi de faméise ''coup de foudre'', eigentlech d'Affär vun enger Sekonn, deen ee Moment, deen e ganzt Liewe ka prägen :

"Auch will ich sie vor dem großen Abschluss meines Lebens noch sehen, sei es nur ein einziges Mal, sie mir einprägen, damit ich sie, immer wenn ich will, wieder hervorholen kann."

D'Géigewaart an d'Zukunft spille keng Roll, si sti fir d'Vergänglechkeet. Vill méi wichteg ass d'Vergaangenheet. Do passt et natierlech, datt dem Albert Mambourg seng Novell wéi aus enger anerer Zäit wierkt. Oder ass se net esouguer zäitlos? Wéi seet säin Haaptpersonnage (den Auteur selwer ?):

"Wenn ich dem allgemeinen Weltlauf, der immer ziemlich schnell alle sterben lässt, ein Leben als Erinnerung vorhalten kann, ist es ein Sieg über die Zeit."