Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng ermiddend Lecture

Véronique Lasar - WEG

Eng ermiddend Lecture

E Cauchemar - et geet een eraus - an d'Welt kritt een net méi mat, an alles, wat mat engem zesummenhänkt, ass einfach verschwonnen. An der Véronique Lasar hirer Novell "WEG" geschitt genee dat hirem Protagonist Gaspar Lhose - eng flott Iddi, fir déi d'Ëmsetzung awer net gelongen ass, fënnt d'Valerija Berdi.

auto_stories

3 min

Wéi ech déi éischt dräi bis véier Säite vun der Véronique Lasar hirer Novell gelies hat, hat ech mech op eng spannend an originell Geschicht gefreet. Prett fir dem Gaspar Lhose op senger seng Rees an d'Net-Existenz ze suivéieren, et huet sech nawell villverspriechend ugelies.

De Gaspar Lhose, esou den Numm vum Protagonist, steet enges moies op, a wéi hie seng Bréifboîte wëllt eidel maachen, stellt hie mat ganz vill Erstaune fest, datt déi einfach verschwonnen ass.

An esou wéi seng Bréifboîte, ass de Gaspar Lhose deen Dag um Wee, fir seng Ëmwelt inexistent ze ginn. Et begleet een de Protagonist zwee Deeg laang, mee et gëtt een net vill iwwer hie gewuer, ausser datt hie Kuréier an iergendenger Firma ass, datt hien eleng lieft an iergendwéi op der Sich no sech selwer ass.

Op ronn 100 Säiten erzielt d'Véronique Lasar dem Lhose säi Lafen duerch d'Stad Lëtzebuerg a seng Perceptiounen, datt d'Mënsche ronderëm hien net wouer huelen. Op d'mannst säin Handysuschloss a seng Mailadress ginn et net méi, fir de Rescht ass et net esou kloer.

An de Butteker, wou hien dacks akafe geet, gëtt hien net erëmerkannt, op der Strooss gëtt hien ugerempelt, sou wéi wann hien duerchsichteg wier a wann hie wouer geholl gëtt, da gëtt en awer ignoréiert. Een Dag, zwee Deeg ... De Lhose wonnert sech, rennt duerch d'Stad, kuckt gefillten all puer Minutten an d'Luucht fir de Wollekenzoustand ze beschreiwen, deen dann och permanent en aneren ass. Hien ësst näischt, drénkt net.

Ermiddend an ouni Kohärenz

Eng ermiddend Lecture, ouni Entwécklung, ouni Iwwerraschungen, mat onsënnege Widderhuelungen an ouni Kohärenz.

Firwat huet d'Veronique Lasar dës Novell geschriwwen? Gëtt et e Message? Datt een an der virtueller Welt net méi existéiert? Datt Raum an Zäit keng Roll spillen? E Versuch vun enger Uleenung un de stream of consciousness? "Auch spielt die Zeit ihm bizarre Streiche" ass op der Récksäit ze liesen, a gutt datt ech dat gelies hunn, soss hätte mech déi verschidden Anachronisme just irritéiert, well se, esou wéi villes an dëser Geschicht, einfach do sinn, ouni Grond ouni Zesummenhang.

Mol begéint de Lhose engem Gameboyspiller, dann denkt hien drun, datt d'Nazizäit virun 1.000 Joer war. D'Haiser gesinn owes midd aus. Uspillungen un d'Spill mat der Zäit? Eng weider interessant Iddi, déi mech awer an hirer Ëmsetzung absolut net iwwerzeegt huet. Do hëlleft et och net ouni reelle Kontext d'Nimm an Zitater vu bekannte Schrëftsteller ze beméien.

Firwat dann eng avenue de la Liberté onbedéngt Freiheitsstrasse heesche muss, ass dann och net nozevollzéien.

Eng Ureiung vu banalen Uspillungen a Metapheren, déi ech mir elo erspueren.

Den Titel ass dat Beschten um Buch

Wann ee sech mat esou enger komplexer Matière literaresch befaasse wëllt, da muss een dat och beherrschen. Genee dat war et, wat mech op dëst Buch virwëtzeg gemaach huet - geléngt et der Autorin, esou een a sech Verschwanne vum Protagonist kohärent duerzestellen? Meng Enttäuschung war onmoosseg. Schreiwen ass eben eng Konscht, déi net jiddwerengem ginn ass, an ech wëll mol net soen, datt der Véronique Laser dëst Talent feelt. Et si schonn interessant Usätz dran a wann dës Story op 15 Säite konzentréiert a méi duerchduecht wier, da wier se eventuell gelongen. Weg oder weg? Den duebeldeitegen Titel ass am Fong geholl nach dat, wat mir am Beschten un dësem Buch gefall huet ...