Radioen

On air

De Moien  |  Portugal: "Influencer" Affär geet an dei zweet Instanz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verzweiwelt am Exil

Literaresch Rares

Verzweiwelt am Exil

Den Hans Werner Richter ass als Grënner vun der "Gruppe 47" an d'Geschicht agaangen. Als Schrëftsteller ass hien éischter onbekannt. Zu Onrecht: Säin autobiographescht Wierk "Ein Julitag" ass eng literaresch Pärel.

auto_stories

3 min

"Ein Julitag" ass e rouege Roman ouni Dramatik

Wat als kleng Veranstaltung ugefaangen huet, huet sech zu engem bedeitenden Evenement an der däitscher Literaturzeen entwéckelt: d'Gruppe 47. Den Hans Werner Richter hat dëse Grupp, dee keng Statuten, kee Programm a keng Memberen hat, an d'Liewe geruff. D'Gruppe 47 sollt onbekannte Schrëftsteller d'Méiglechkeet ginn, hir Texter virzedroen a vun anere Schrëftsteller kritiséieren ze loossen.

Duerch déi haart Kritik vun der Gruppe 47 si Leit ewéi Günther Grass, Ingeborg Bachmann, Ilse Aichinger, Heinrich Böll, Martin Walser oder och Günther Eich gaang. D'Gruppe 47 war eng literaresch Institutioun. Staark ëmstridden an awer unerkannt, gefaart, mee richtungsweisend. Bis den Hans Werner Richter 1967 einfach opgehalen huet, Auteuren z'invitéieren. Domat war dës Literaturära ofgeschloss.

Géint de Nationalsozialismus

De Richter, Joergang 1908, war e politesche Mënsch, dee sech an den 1930er Joren der däitscher kommunistescher Partei ugeschloss huet. Hien hat probéiert e Widderstandsgrupp z'organiséieren. Dat war him awer net gelongen. Dorops hin ass den Hans Werner Richter op Paräis geflücht. Am Exil konnt hien aus finanzielle Grënn net iwwerliewen.

A genee ëm dës Flucht aus dem nationalsozialisteschen Däitschland geet et an "Ein Julitag". D'Buch beschreift dem Richter säi Versuch, sech am Exil a Frankräich eng nei Existenz opzebauen.

D'Gedanke kreesen ëm d'Vergaangenheet

De Protagonist heescht Christian a sëtzt een Dag am Juli mat der Fra vu sengem verstuerwenem Brudder am Gaart. Si war seng grouss Jugendléift an de Christian léisst déi gemeinsam Vergaangenheet a Gedanken nach emol opliewen. Eng Zäit , an där de Faschismus an Däitschland Fouss gefaasst huet an de Christian Berlin huet misse verloossen.

[...] und zugleich kommt ihm die Grenze wie eine Bedrohung vor, wie eine angsteinflössende Wand, durch die sie hindurch müssen. Es kann alles geschehen, vielleicht ist ihre Reise dann schon zu Ende. Er stellt sich die Kontrollen vor, die Gesichter der Beamten, der Grenzpolizisten, der sie unter Umständen begleitenden SA-Leute, nein, er kann sich diese Grenze nicht vorstellen, es gelingt ihm nicht, eine Gefahr die nicht klar erkennbar ist. Die Grenze kann alles für ihn bedeuten, Freiheit in ein anderes Land, aber auch das Gegenteil.

E kaalt a friemt Paräis

Et ass e ganz rouege Roman ouni Dramatik. An awer sinn déi kuerz Momenter vun der Angscht, der Verzweiwlung an der Hoffnungslosegkeet vu bedréckender Intensitéit.

De Richter beschreift e Paräis, dat näischt mat der Stad vun engem Picasso oder Mirò ze dinn huet. Et ass e kaalt a friemt Paräis. E Paräis, dat sengen Immigrante genee sou vill bidde wëll, wéi déi westlech Welt haut de Flüchtlingen. An trotzdem empfënnt de Lieser kee Matleed mam Protagonist. Deen hält sech erniddregend Gefiller mat klorer Distanz vum Leif.

No 178 Säiten ass d'Buch eriwwer. Vill Froe bleiwen awer onbeäntwert. Déi Äntwerten hätten och keng Bedeitung, dat gëtt ee sech no der Lecture bewosst.

"Ein Julitag" kënnt ouni Moralpriedegt aus. D'Sprooch ass räich an awer ganz sober, kal, distanzéiert an trotz allem touchant. Den Hans Werner Richter weist mat dësem klenge Stéck Nokrichsprosa, datt hien - nieft sengem politeschen a literareschen Engagement - e grousse Schrëftsteller war.