Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill bekannt Gesiichter um groussen Ecran

Kino

Vill bekannt Gesiichter um groussen Ecran

auto_stories

4 min

Ass Ghostbusters esou schlecht wéi d'Kritiker soen? Foto: Sony Pictures Entertainment Inc.

An de Kinoen trëfft een den Ament al Bekannten erëm. Iwwer 30 Joer si zanter deem éischte Ghostbusters vergaangen. 14 Joer zanter deem éischte Bourne-Film. An eppes iwwer en halleft Joer ass et hir, datt dem Joachim Lafosse säi leschte Film an de Kinoe gelaf ass. Kënnen déi nei Filmer den Erfolleg vun hire Virgänger widderhuelen? D'Kinos-Woch vum 10. August 2016.

Ghostbusters

Dee wuel ëmstriddenste Summerblockbuster aus den USA ass e Reboot vum Klassiker "Ghostbusters". Net well d'Cineasten nach ni penetréiert dramaturgesch Weeër gaange sinn, oder d'Grenz vum schlechte Goût iwerschratt hunn. De Film ass einfach nëmmen duerch seng Existenz zum Haassobjet Nummer Eent vun der globaler Nerd-Community ginn.

30 Joer nom éischte Ghostbusters-Film mam Bill Murray, Dan Akroyd a Sigourney Weaver léisst de Paul Feig elo en exklusive Fraen-Cast aus Melissa McCarthy, Kristen Wiig, Kate McKinnon a Leslie Jones op Geeschterjuegd goen.

Deen éischten Trailer, dee viru Méint um Internet publizéiert gouf, gëllt als ee vun deene meescht gehaasstene Videoe mat deene meeschten "Dislikes" vun allen Zäiten. Ass de Film esou eng Katastroph? Dat kann ee vun elo un an de Multiplex-Kinoen erausfannen.

Jason Bourne

Kee Reboot, mee eng Fortsetzung ass "Jason Bourne". Realiséiert vum Paul Greengrass a mam Matt Damon an der Haaptroll. Viru 14 Joer huet "The Bourne Identity" dofir gesuergt, datt d'James Bond Franchise zu hirem Renouveau huet misse fannen, deen di penibel Pierce Brosnan Filmer agebrockt hunn.

De Matt Damon spillt an "Jason Bourne" nees de Geheimagent, deen net weess, wien hien eigentlech ass. Iwwerdeems hie versicht dat erauszefannen, gëtt hie vun engem considerabelen Undeel u Ressources humaines vum Geheimdéngscht gejot. Dat natierlech ronderëm déi hallef Welt, mat spektakulären Autospoursuiten, Geklapps mat de Fäischt an dem Alicia Vikander un der Säit vum Jason Bourne.

Mike and Dave need Wedding Dates

De Zac Efron huet sech nach net esou wierklech vun "Dirty Grandpa" erholl. Hien hat seng gutt Momenter an der Suite vu "Bad Neighbours" an d'nächst Joer geet hie mam David Hasselhoff op d'Plage.

Mee momentan sicht hien sech mat sengem Brudder am Film "Mike and Dave need Wedding Dates" eng Begleedung fir op eng ziviliséiert Hochzäit vun der eelerer Schwëster op Hawaii. Dat gëtt vun deene Jonge verlaangt, obwuel déi sech ëmmer nees als incapabel bewisen hunn, fir sech ëffentlech net ewéi Zwielefjäreger ze behuelen an iergendeppes a Flamen ze stiechen.

Potenziell Kandidatinnen fir d'Hochzäit: d'Anna Kendrick an d'Aubrey Plaza.

Ma ma

"Ma ma" vum Julio Medem erzielt d'Geschicht vum Penelope Cruz. Am Film huet si e jonke Fils, ass vun hirem Mann verlooss ginn, huet hir Aarbecht verluer a gëtt mat Broschtkriibs diagnostizéiert.

Mee amplaz sech vun deem risegen Ëmstand erschloen ze loossen, ass dem Cruz säi Personnage vun engem neie Liewenswëlle gepickt. Si verbréngt vill Zäit mam Kand, profitéiert vum Dokter, deen si fleegt a léisst sech vun engem Mann matrappen, dee si eréischt viru Kuerzem kenne geléiert huet. Versprach gëtt eng Liebeserklärung un d'Liewen an eng Liebesgeschicht tëscht deene ville Personnagen.

L'économie du couple

De Joachim Lafosse erweist sech als Schaffdéier. No sengem "Les chevalier blancs" vu virun e puer Méint kënnt elo "L'économie du couple" an d'Lëtzebuerger Kinoen. An dësem Film hunn d'Bérénice Béjo an de Cédric Kahn entscheet, fir sech no 15 Joer ze trennen, Kanner an Haus inklusiv.

Well hien awer net d'Moyenen huet fir sech selwer iergendwou en Daach iwwert dem Kapp ze leeschten, mussen di zwee wuel oder iwwel weiderhin an enger Zort Cohabitage zesumme liewen. Kee vun deenen zwee wëll erausplënneren. "L'économie du couple" ass eng batterséiss Komedie, mat där sech am beschte Fall vill Leit kënnen iergendwéi identifizéieren.