Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Richard Swift - Broken Finger Blues

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Neies um groussen Ecran

Kino

Vill Neies um groussen Ecran

Iwwerduerchschnëttlech vill nei Filmer sinn dës Woch an de Lëtzebuerger Kinoen ze gesinn. Amerikaneschen a japaneschen Auteurekino, e Biopic, Comic Helde vun hei an do iwwer an eng Lëtzebuerger Koproduktioun.

auto_stories

3 min

Noces vum Stéphan Streker

Den Aktuelle Coup de Cœur vum radio 100,7 heescht "Noces". Den drëtte Film vum belsche Realisateur Stéphan Streker erzielt aus dem Liewen vun engem belgo-pakistanesche Meedchen. D'Zahira gëtt gespillt vun der jonker franséischer Actrice Lina El Arabi. Déi jonk Fra gëtt tëschent hirer traditiounsbewosster Famill an hirem Drang no Fräiheet a Selbstbestëmmung domadder konfrontéiert, sech enger arrangéierter Hochzäit mussen z'ënnerzéien. An dëser schwiereger Situatioun dréint sech d'Zahira hirem grousse Brudder zou, deem si immens nosteet.

De Film ass eng Tarantula Co-Produktioun mat ënner anerem dem Olivier Gourmet an dem Babak Karimi, engem Habitué vum Ashgar Farhadi.


Silence vum Martin Scorsese

"Silence" ass dem Martin Scorsese säin neiste Film no iwwer véier Joer. En Häerzensprojet vum Scorsese, an eng Literaturadaptatioun aus der Fieder vum Japaner Shuasko Endo. D'Buch an dem Scorsese säi Film begleeden zwee portugisesch Jesuitepateren am 15. Joerhonnert, déi sech op d'Sich no hirem Mentor maachen. Dëse Mentor ass a Japan gereest, fir do d'kathoulesch Léier ze propagéieren. Datt de Katholizismus zu där Zäit illegal ass, mécht dës Propagatioun an d'Erëmfanne vum verschollene Mentor schwéier a liewensgeféierlech. Et spillen: Andrew Garfield, Adam Driver, Liam Neesson a Ciaran Hinds.


Harmonium vum Koji Fukada

Japanesch Filmer sinn éischter ongewéinlech am Programm vun de Lëtzebuerger Kinoen. "Harmonium" vum Koji Fukada ass ee vun deene wéinege Filmer, déi et bei eis op de groussen Ecran gepackt hunn. Dëse Familljendrama gouf zu Cannes mam Juryspräis vum "Certain Regard" ausgezeechent an erzielt vun enger Famill. Enges Daags steet en ale Frënd vum Papp virun der Dier, deen no iwwer zéng Joer nees aus dem Prisong kënnt. E Film ronderëm de Sujet vun der Revanche an der Erléisung.


The Founder vum John Lee Hancock

"The Founder" ass e Biopic ronderëm de Mënsch hannert dem Erfolleg vu McDonalds. De Ray Kroc, vum Michael Keaton incarnéiert, soll de Grënner vun dëser Fast Food Franchise sinn. De Film thematiséiert, wéi hien an de 50er vum leschte Joerhonnert méi oder manner subtil d'Originalkonzept vun dësem Hamburger Restaurant vun de McDonald-Bridder tëschent de Fangeren ewechgeholl krut. Den John Lee Hancock realiséiert. Soss nach am Cast: den Nick Offerman, den Jogn Carroll Lynch an de Patrick Wilson.


Seuls vum David Moreau

"Seuls" ass eng Adaptatioun vun enger franséischer BD à succès. Et geet ëm Jonker, déi versichen iergendwéi erauszefannen, firwat si scheinbar eleng op der Äerd sinn. A si si iwwerhaapt eleng? Um Regiestull ass den David Moreau.


The Lego Batman Movie vum Chris McKay

De Lego Film war virun enger Koppel Joren d'Iwwerraschungsanimatioun vum Joer, mat sengem scho bal antifaschisteschem konsumkriteschen Ënnertoun, sou muss "The Lego Batman Movie" weisen, op deen nämmlechte Coup nach eng zweete Kéier ka widderholl ginn oder ob hei elo just nëmmen nach d'Geldkou gestrach gëtt, bis et net méi geet. En All-Star-Voice Cast steet nees virum Mikro: Will Arnett, Zach Galifinakis, Michael Cera, Rosario Dawson, Ralph Fiennes an d'Mariah Carey.


Fifty Shades Darker vum James Foley

An zu gudder oder schlechter Lescht nach eng "Literaturverfilmung". "Fifty Shades of Grey" geet an déi zweet Ronn mat "Fifty Shades Darker". Nees dobäi : d'Dakota Johnson an an der Roll vum Christian Grey, den Jamie Dornan. Dozou just gesot: #NotMyKindOfChristian