Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Monsteren a Mënschen

Barry Windsor-Smith - Monsters

Vu Monsteren a Mënschen

Ganzer 35 Joer soll de Barry Windsor-Smith un "Monsters" geschafft hunn. Den Opus Magnum ass 366 Säite schwéiere an ass dëst Joer erauskomm.

auto_stories

5 min

Bekannt ginn ass de Windsor-Smith duerch seng Aarbecht am Superheldecomic, wou hien tëschent de Sechzeger- an der Nonzegerjoren Serië wéi X-Men a Conan the Barbarian gezeechent huet.

Mee, genau wéi aner brittesch Comicauteure wéi den Alan Moore oder de Neil Gaiman, gouf hien ni ganz glécklech mat der industrieller Aarbechtsweis an dem Heldekult vun de amerikanesche Gigante Marvel an DC a wollt seng eege Weeër goen.

Dat ass em mat "Monsters" wuel gelongen, och wann d'Buch op den éischte Bléck net mat Klischeeën aus dem Superheldegenre spuert.

Eng Transformatioun an e Superzaldot

Am Zentrum vun der Geschicht steet de jonke Bobby Bailey, deen sech Mëtt de Sechzegerjoren fräiwëlleg bei d'Arméi mellt an a engem geheime militäresche Projet an eng Zort Superzaldot verwandelt soll ginn. D'Prozedur baséiert op Experimenter vu Nazi-Wëssenschaftler.

Wien elo mengt, hei just eng Captain-America-Kopie presentéiert ze kréien, sollt d'Buch awer net direkt op d'Säit léien, well de Barry Windsor-Smith hu méi Wëlles.

D'Transformatioun vum Bobby Bailey geet schif, hie gëtt net zum Superzaldot, mee zu enger bematleedenswäerter, deforméierter a gebrachener Kreatur, déi un dem Mary Shelley säi Frankenstein-Monster erënnert. Och dat ass nach net schrecklech originell, mee op de nächsten 300 Säiten huet de Zeechner dann awer eng Rei Iwwerraschunge parat.

De Bobby Bailey selwer spillt dobäi bal eng Nieweroll. D'Monster, zu dem hie ginn ass, verstoppt sech am Haus vu senger Kandheet, duerchlieft Erënnerungen a mécht anere Monstere Plaz, déi den Titel am Pluriel jo schonn annoncéiert huet.

D'Graphic Novel erzielt dem Bobby seng Virgeschicht, déi aus Geschichte vu Mënsche besteet, déi mol méi enken a mol méi flüchtege Kontakt mat him haten.

Dozou zielt zum Beispill den Elias McFarland, en afroamerikanesche Sergeant, deen de Bobby rekrutéiert hat an deen elo alles drusetzt, fir hien ze retten an de Colonel Friedrich, dee fir d'Experimenter verantwortlech ass, zur Rechenschaft ze zéien, dobäi awer seng eege Famill op d'Spill setzt.

Réckblenden: eng wichteg Technik

Wéi mer a Réckblende gewuer ginn, ass dës Famill scho säit mindestens enger Generatioun op mysteriéis Aart mat där vum Bobby verbonnen.

Iwwerhaapt si Réckblenden eng wichteg Technik vum Windsor-Smith, déi hie virtuos beherrscht. Am Laf vun der Geschicht buert hien sech ëmmer méi wäit an d'Vergaangenheet zeréck, stellt Figuren, déi fir d'éischt niewesächlech wierken an déi ee wuel och schnell erëm vergësst, op eemol an de Virdergrond oder weist no honnert Säiten déi selwecht Zeen nach eng Kéier aus engem ganz anere Bléckwénkel.

Esou geléngt dem Zeechner eng Erzielung, déi lues a lues méi komplex a méi spannend gëtt, an an där sech Zeene wéi an engem Puzzle zesummesetzen.

Haislech Gewalt

An der Mëtt vu "Monsters" si mer bei den zentralem Episoden aus dem Bobby senger Kandheet an de 40er Joren ukomm. Erzielt ginn se aus der Perspektiv vun senger Mamm, dem Janet, dat haaptsächlech mat Waarde beschäftegt ass an deem säin Tagebuch d'Graphic Novel iwwer Säiten zitéiert an inzenéiert. Mat sengem Mann, den Tom, huet hatt am Fong just kuerz zesummegelieft, ier hien an de Krich huet missen, an och no 1945 muss hien aus onklore Grënn nach an Däitschland bleiwen. Mam Polizist Jack trëtt e potenziell neie Partner an dem Janet säi Liewen, mee hatt decidéiert, weider ze waarden.

Eng fatal Decisioun, wéi sech erausstellt, well den Tom kënnt schlussendlech als anere Mënsch zeréck an Amerika - onkommunikativ, impulsiv an aggressiv, e richtegt Monster.

An op eemol ass "Monsters" eng Erzielung iwwer haislech Gewalt, iwwer den Zerfall vun engem Famill, déi de Grondstee fir dem Bobby säi weidere Wee leet. De Windsor-Smith erschaaft hei Zeene vun enger grousser emotionaler Kraaft, déi een him a Ufank vläicht guer net zougetraut hätt. An et ass schued, dass en herno erëm op konventionell iwwernatierlech Elementer zeréckgräift, fir seng Geschicht zu engem Enn ze bréngen.

Realistesch Schwaarz-Wäiss-Zeechnungen

"Monsters" ass en duerchwuessent Buch, mat mol faszinéierenden a mol oninspiréierte Passagen. Dat huet sécherlech eppes mat der laanger Entsteeungszäit ze dinn a weist sech och beim Zeechestil. De Barry Windsor-Smith schafft mat präzisen a realistesche Schwaarz-Wäiss-Zeechnungen; seng Schraffurtechnik steet an enger klassescher Konschttraditioun.

Den Déeoupage ass och éischter klassesch a charakteriséier sech virun allem duerch e rasanten Erzieltempo, bei dem Spriechblosen oft iwwer zwou Case ginn, esou dass ee keng wierklech Paus ka maachen a bal dozou gezwongen ass, ëmmer weiderzeliesen.

Tëschent villen atmosphäresch dichten an oft däischteren, bal klaustrophobesche Biller, déi direkt op d'Gothic-Traditioun vum Frankenstein verweisen, fënnt een awer och Sequenzen, wou de Stil onerwaart wiesselt an d'Zeechnungen net ganz ausgeräift wierken. Hätt een dem Windsor-Smith nach e puer méi Joer Zäit loosse sollen? Oder hätt den Zeechner dëse Projet scho laang sollen ofschléissen, fir e méi koherent a konsistent Wierk ze erschafen?

Eng liesenswäert Graphic Novel

E bëssi wierkt "Monsters" wéi aus der Zäit gefall. E Buch, dat Elementer vu Superheldecomics opgräift, fir d'Iddi vum Superheld a wuel och déi vum Heroeschen allgemeng ze ënnergruewen an ze kritiséieren, hätt virun drësseg Joer e ganz aneren Impakt gehat a sech vläicht niewent Klassiker wéi Watchmen agereit. Mat sengem Portrait vu amerikanesche Familljen, déi vu Krichstraumae verfollegt an zerstéiert ginn, ass d'Graphic Novel dogéint och dëser Deeg nach leider aktuell.

Liesenswäert ass dem Barry Windsor-Smith säi Wierk awer leschten Enns virun allem, well et eng visuell Erzielkonscht op héijem Niveau fleegt, déi vun der spektakulärer Poursuite bis zu klenge private Momenter eng breet Palett u Stoffer ze inzenéiere weess.