Jackie vum Pablo Larrain
Et muss een et ëmmer nees widderhuelen: De Chilen Pablo Larrain ass en äerdegt Schaffpäerd, deen an engem acceleréierte Schaffmodus Filmer realiséiert. An der fënnefter Woch leeft am Utopia de Biopic iwwert de Pablo Neruda vun him. Dës Woch leeft säi Jacqueline Bouvier Kennedy-Film mam einfachen Titel "Jackie" un. An der Roll vum Jackie O ass ass d'Natalie Portman.
Am intimistesch-psychologesche Portrait vun enger vun den groussen ëffentleche Figuren an den USA vum 20. Joerhonnert geet et dorëms, wéi d'Kennedy mam Assassinat vun hirem Mann perséinlech an an der Ëffentlechkeet ëmgeet. D'Musek ass vun der Mica Levi, déi scho fir den Iwwersoundtrack fir "Under The Skin" verantwortlech war. Soss nach wichteg: den John Hurt ass an enger vu senge leschte Rollen ze gesinn. De Film ass de Coup de Coeur vum radio 100,7.
Moonlight vum Barry Jenkins
De Film gëtt nieft dem "La La Land" zënter Méint fir déi wichteg Oscare gehandelt. Den Jenkins erzielt aus der Geschicht vun engem schwaarze Mann aus schwierege Verhältnisser. De Realisateur beliicht säin Opwuessen an engem raue Quartier vu Miami a seng Identitéitssich als Homosexuellen an engem testosteron-geluedenen Ëmfeld. Aacht Oscar-Nominatiounen huet Moonlight, dorënner déi fir d'Niewerolle vum Naomie Harris an dem Mahershala Ali.
Hidden Figures vum Theodore Melfi
De Film dréint ronderëm dräi afro-amerikanesch Fraen, déi am Wettrennen ëm den éischte Mann am Weltraum an de 60er ausseruerdentlech wichteg Rolle gespillt hunn. En ass an de leschte Wochen zum Deel wéinst engem traurege Fait beschwat ginn. Exklusiv wäiss Perséinlechkeeten hunn ëmmer nees dëse Film mam Denzel Washington sengem "Fences" vermëscht, an zum Deel bei Präisiwwereechungen als "Hidden Fences" vernannt gouf. Et schéngt also aus iergendengem Grond schwiereg ze sinn, dräi Filmtitele vu Filmer mat afro-amerikanesche Schauspiller korrekt am Kapp ze behalen. Et spille mat: Taraji P. Henson, Octavia Spencer, d'Janelle Monae, mee och de Kevin Costner, d'Kirsten Dunst an nees den Moonlight Mahershala Ali.
xXx: Return of Xander Cage vum J. D. Caruso
Op den éischte Bléck vläicht e Film mat manner potenziellem Interêt, dofir awer och nei am Programm. 2003 hat de Vin Diesel nieft sengen Autosfilmer mat Triple X en décke Succès agesäckelt. De Kapp-Aus-Action-Bumm-Bumm-Film huet am Joer, an deem de Pierce Brosnan mat sengem leschte Bond ënnergaangen ass, de Blockbustersummer gerett. D'Kritike fir dësen neie Volet sinn net immens, mee Fans vum éischte Film, wéi och déi vum Diesel, wäerten de Kinossall stiermen.
Raid Dingue vum Dany Boon
Wien déi nei Dany Boon Komedie kucke geet, ass net sou kloer. Huet hie mat "Bienvenue chez les Cht'is" nach ëmmer ee vun den top dräi kommerziell erfollegräichste franséische Filmer realiséiert. D'Clientszuele fir seng Filmer sinn duerno awer ëmmer méi kléng ginn. Am "Raid Dingue" geet et ëm de Personnage vun der Alice Pol, déi onbedéngt an eng Spezialunitéit vun der Police nationale komme wëll. Vum Pappa Minister dohinner gesat, sinn dem misogyne Kommandant Boon d'Qualitéite vun der Fra ufanks net ganz kloer. Zesumme wäert déi ongläich Ekipp awer op Kriminellejuecht goen. Soss nach dobäi: de Michael Blanc an den Yvan Attal.
Timm Thaler oder das verkaufte Lachen vum Andrea Dresen
Keng zwou Woche verginn, ouni datt däitsch Produzenten eng däitsch Kannerserie oder Kannerbuchrei aus scheinbar besseren Zäiten aktualiséieren. De Kandidat vun dëser Woch: Eng Reimaginatioun vun der Geschicht ronderëm den Timm Thaler, deen engem béise Baron seng Laach verkeeft, just fir als Géigeleeschtung eng zukünfteg Wett ze gewannen. Iwwerraschend um Realisatiounsstull: den Andreas Dresen, verantwortlech ënner anerem fir "Wolke 9", "Sommer vorm Balkon" an "Halbe Treppe".