Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rees duerch d’Mäandere vun der Vergangenheet

Literaresch Rares

Rees duerch d’Mäandere vun der Vergangenheet

Dem W.G. Sebald säin "Austerlitz" ass ee Mann, deen op der Sich no senger Vergaangenheet begräift, firwat hien sech a senger Welt net doheem spiert. D'Rees féiert vun Antwerpen op Léck iwwer Bréissel, Prag an Theresienstadt, duerch Festungen a monumental Gebaier, duerch d'Konscht an d'Literatur. Den däitsche Schrëftsteller féiert säi Lieser duerch ee phenomentaalt Wierk! Zweetleschten Deel aus der Serie "Literaresch Rares".

auto_stories

5 min

Wien ass de Jacques Austerlitz, de klenge Bouf op der Foto?

Austerlitz – dat ass de Numm vun engem Mann, deen duerch Europa wandert. Den Erzieler leeft him ëmmer nees duerch Zoufall iwwert de Wee, an dësem déifgrënnege Roman vum Winfried Georg Sebald . Obwuel... Roman ass net déi richteg Bezeechnung. De Sebald sot selwer, hie géif keng Romaner schreiwen, mee Prosa.

Eng Prosa, déi esou gefëllt ass mat historeschem Wëssen, architektonesche Beschreiwungen a literareschen Uspillungen, datt een effektiv d’Bezeechnung “Roman” a Fro stelle kann, well u sech wéineg Fiktives ze liesen ass. De Sebald huet, als Literaturwëssenschaftler, erkläert, firwat him trotz allem déi narrativ Form wichteg war:

Was die historische Monographie nicht leisten kann, ist , eine Metapher oder Allegorie eines kollektiven Geschichtsverlaufes zu produzieren . Aber erst in der Metaphorisierung wird uns Geschichte empathetisch zugänglich .

Mee zeréck zum Austerlitz , dem frieme Mann, dee permanent op der Rees ass. An enger Salle d’ attente an der Gare zu Antwerpen trëfft hien do op den Erzieler. Et entsteet ee Gespréich, dat vum éischte Wuert u kee small - talk ass, mee en Austausch iwwer d’ Architekturgeschicht vun där Gare. D’Ënnerhalung féieren se nach stonnelaang an engem Bistro weider.

D’Gediechtnes vun de Gebaier

Wat den Erzieler an de Lieser iwwert den Austerlitz gewuer ginn, ass net vill: datt en aus England ass a bei engem protestantesche Pasteur a deem senger Fra opgewuess ass... Déi zwee Männer gesi sech no e puer Méint erëm, zu Léck an dann zu Bréissel, an och do dréinen d’Gespréicher ëm d’Geschicht an d’Architektur vu Gebaier...

Et ass awer net just d’Architektur, mee och d’Geschicht vun de Festungen a Gebaier, déi den Austerlitz detailléiert beschreift. D’Geschicht vun de Mënschen, déi duerch d’Epochen, duerch déi divers Gebailechkeete gaange sinn, an hinne gelieft, iwwerlieft, fir a géint se gekämpft hunn an och mol dra gestuerwe sinn.

D’Festung Breendonk steet am Mëttelpunkt. Eng Festung, déi - dem Austerlitz no - vun den Nazien als " Straflager " (eng kloer Uspillung un de Kafka ) mëssbraucht ginn ass. Zanter 1947 ass de Musée vum belsche Widderstand dran. Am Verlaf vun der Prosa kritt d’Gebai eng bedréckend Wichtegkeet... Wat hei no dréchnem a langweilege Geschichtscours kléngt, ass un Intensitéit bal net z’iwwerbidden.

Verflechtungen, déi de Lieser an d’Geschicht eranzéien

De Sebald hëlt de Lieser mat an déi vergaangen Zäit, léisst hien d’Fiichtegkeet vun de kale Mauere spieren, de muffege Geroch vun däischtere Kelleren anootmen an iwwer geféierlech Remparte wanderen. Den däitsche Schrëftsteller huet sou vill matzedeelen, gläichzäiteg: während déi divers Baustiler erkläert ginn, gëtt och iwwer Wierker aus Molerei a Literatur, an iwwer déi sozial a politesch Situatioun vun där Epoch gezielt.

Et si Verflechtungen, déi de Lieser esou an d’Geschicht eranzéien, ganz gläich, ob vum Vauban, vum Claude Simon, Jean Améry , dem Erwin Rommel oder Kinnek Léopold geschriwwe gëtt... An dertëschent ëmmer erëm d’Bedeitung vun der Zäit – an all hire Formen.

Den Erzieler an den Austerlitz begéine sech ëmmer erëm duerch Zoufall, a wou hir nächst Renconter sech eréischt no enger Ënnerbriechung vun 20 Joer ergëtt, huet den Austerlitz eng ganz aner Geschicht z’erzielen. Seng Geschicht …

Seit meiner Kindheit und Jugend, so hob er schließlich an, indem er wieder herblickte zu mir, habe ich nicht gewußt , wer ich in Wahrheit bin . Von meinem heutigen Standpunkt aus sehe ich natürlich , daß allein mein Name und die Tatsache , daß mir dieser Name bis in mein fünfzehntes Jahr vorenthalten geblieben war, mich auf die Spur meiner Herkunft hätten bringen müssen , doch ist mir in der letztvergangenen Zeit auch klargeworden , weshalb eine meiner Denkfähigkeit vor - oder übergeordnete und offenbar irgendwo in meinem Gehirn mit der größten Umsicht waltende Instanz mich immer vor meinem eigenen Geheimnis bewahrt und systematisch davon abgehalten hat, die naheliegendsten Schlüsse zu ziehen und die diesen Schlüssen entsprechenden Nachforschungen anzustellen .

Ee faszinanten Erzielstil

Wousst ee bis dohi just wéineg iwwert dësen onmoosseg gebilte Personnage, sou erlieft ee mat him seng Sich no sech selwer, no senger Vergaangenheet. Et reest ee mat him a seng Gebuertsstad Prag. Kuerz virum Ausbroch vum Zweete Weltkrich war dat jüddescht Kand an engem Kannertransport op London komm, wou et vun enger Pastorekoppel adoptéiert gouf. Et fiert ee mam Austerlitz op Theresienstadt , wou seng Mamm ermuert ginn ass, an et fänkt een un, mam Austerlitz zesumme villes ze verstoen an nozefillen.

De W.G. Sebald ass en immens doucen a rouegen Erzieler. Et ass net dat, wat geschitt a wéi et geschitt, mee wéi et erzielt gëtt, wouran déi faszinant Kraaft vu senger Literatur läit. Him geléngt et - net just mat dësem Buch - d’Lieser mat op d’Rees ze huelen. Grad ewéi den Austerlitz ass de Sebald och e Mënsch gewiescht, deen all déi Plazen, Gebaier a Géigende selwer besicht huet. Seng Texter si vu Fotoe begleet, déi d’Geographie, d’Architektur an d’Atmosphär dem Lieser nach méi no bréngen.

Erënnerungen, hir Bedeitung a Relevanz, ginn ëmmer erëm a senge melancholesche Geschichten, wou d’Mënschen ëmmer op der Rees sinn, thematiséiert. Et ass awer ëmmer een ongewësst Reesen, eng Sich no enger Vergaangenheet oder no enger Zukunft.

Obwuel de Winfried Georg Sebald a senger Mammesprooch Däitsch geschriwwen a publizéiert huet, hat hien sech virun allem emol am engleschsproochege Raum een Numm gemaach - och dank dem Asaz vun der amerikanescher Intellektueller Susan Sontag . Als Literaturwëssenschaftler unerkannt, als Literaturkritiker ëmstridden, als Schrëftsteller - trotz de villen Auszeechnungen - dem grousse Public leider net genuch bekannt...