An hirer autobiographescher Graphic Novel "Wage Slaves" erzielt d'Daria Bogdanksa vun hirer Studentenzäit a Schweden. Déi jonk Polin kënnt op Malmö fir en Zeechestudium, muss donieft awer schaffen. Well si keng Sozialversécherungsnummer huet an ouni regulären Aarbechtskontrakt och keng kritt, bleift der Daria näischt anescht iwwreg, wéi schwaarz an engem Restaurant ze schaffen. Hei entdeckt si séier, datt aner Immigranten nach vill méi schlecht Aarbechtskonditiounen hunn.
Mee als Member vu der Malmöer Punk-Subkultur weess d'Heldin, wéi ee sech wiert a selwer organiséiert. D'Daria decidéiert, eng Gewerkschaft ze grënnen. "Wage Slaves" erzielt an enger punkeger Schwaarzwäiss-Ästhetik dovun, wéi een als jonke Mënsch eppes géint prekär Aarbechtskonditiounen ënnerhuele kann. Deelweis verdrängt d'Dräiecksbezéiung, an där d'Daria sech befënnt, d'Haaptthema vum Buch, dat anerersäits awer och ni didaktesch wierkt oder d'Gewerkschaftsaarbecht romantesch verkläert. A krazege Biller weist "Wage Slaves" ganz niichter, datt och am Zäitalter vum Individualismus déi al Iddi vun der Solidaritéit nach ëmmer ze gebrauchen ass.