Radioen

On air

De Moien  |  "Le Ciel ouvert" vum Nicolas Mathieu

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wann alles méiglech an awer verluer ass

Theater

Wann alles méiglech an awer verluer ass

"Orphée, aujourd'hui, est le revenant de tous les enfers. Mais il ne sait plus si l'enfer est derrière ou devant lui", seet de Jean Portante. D'Theaterschoul Yolandin invitéiert op eng skurril an aussergewéinlech Neiinterpretatioun vum mytheschen a mythologesche Personnage Orpheus. E Stéck vum Jean Portante am TNL.

auto_stories

2 min

Foto: TNL

"Orphée au pays des mortels ass keen einfacht Stéck", erkläert d'Theaterregisseurin Natalia Sanchez. Schonn aus deem Gronn kritt de Publikum eng kleng Aféierung gebueden. De Mythos vum Orpheus gëtt kuerz an Erënnerung geruff. Der Inzenéierung vum Jean Portante sengem Text wier eng laang Aarbecht vun Analys, Recherche an Interpretatioun virausgaangen.

"D'Interpretatioun ass net evident, d'Logik ass net evident, mee et ass e ganz interessant Theaterstéck", sou d'Natalia Sanchez. "Mir sinn an der Welt vun der Metapher, an der Welt vun den Iddien, vun der Experienz, dem Konzept vun der Humanitéit. D'Realitéit an d'Onrealitéit sinn zesummen".

De Kär vum Stéck

E Stéck, dat net just eng Erausfuerderung fir d'Theaterregisseuren, d'Schauspillerinnen an d'Schauspiller ass. Mee och fir de Publikum. "Mir mussen an déi verschidde Momenter, an déi verschidden icië kucken. An heiansdo versti mir et a mir sinn dran. An dann op eemol froe mir: Oh? Wou si mir?" "Orphée au pays des mortels" fänkt iergendwéi mam Schluss un, hält iergendwéi mam Ufank op, an da gëtt et och keng Linn - alles dréint am Krees. "De Publikum muss seng eegen Interpretatioun maachen a selwer decidéieren, wat hie mat dovun dréit", seet déi chilenesch Regisseurin.

Vun der Theaterschoul Yolandin op d'Bedeitung vum Stéck ugeschwat, huet de Jean Portante op dee fir hien interessantsten Aspekt vum Orpheus-Mythos higewisen: dee Moment, wou den Orpheus de Kapp dréit an deen, wou hien d'Eurydike fir d'lescht gesäit. Dëse Moment, wou nach alles méiglech an awer alles verluer ass, geséich den Auteur als de Kär vu sengem Stéck un. "Parce que je sens que, dans ce court laps de temps, vont se produire tous les bonheurs et malheurs de l'humanité, les paix et les guerres, les amours et les haines ..."

Et spillen:

Marc Bonert, Michelle Philipp, Bib Wolff, Romy Malget, Marie-Paule Greisch, John Decker