Radioen

On air

Notturno  |  Pinegrove - Intrepid

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wann et drop ukënnt, ass all Mënsch zu engem Mord bereet"

Literatur

"Wann et drop ukënnt, ass all Mënsch zu engem Mord bereet"

Viru kuerzem ass dem Guy Helminger säi Wierk "Rost. Stories" an enger Neioplo erauskomm. Et ass en däischtert Wierk a wéi sou dacks beim Guy Helminger, gi Sujeten thematiséiert, iwwert déi net gär geschwat ginn. Wouhier hëlt den Auteur seng Inspiratioun?

auto_stories

4 min

De Guy Helminger am Interview mam Nathalie Bender

"Rost. Stories", dat si Kuerzgeschichten, déi de Guy Helminger schonn 2001 publizéiert hat. 15 Joer méi spéit ass de Guy Helminger mam Wierk nach ëmmer zefridden. "Mir gefält et", seet de Schrëftsteller.

An dräi Deeler kritt de Lieser esou munch grujeleg Gedanken an Doten zerwéiert. Et weess een als Lieser net ëmmer: ass dat elo Realitéit oder waren et d'Gedanke vum Erzieler? Wou fänkt Fiktioun an der Erzielung un a wou steet ee mat enger Zéif sou just am Reellen?

Eng donkel Visioun

Den Auteur ass faszinéiert vun der däischterer Säit a vun der Gewaltbereetschaft vum Mënsch. "Mäi Mënschebild ass esou, datt ech jidderengem alles zoutrauen, esou bal déi gesellschaftlech Konventiounen et erlaben." Dat géif et zum Beispill a politesche Systemer ginn. D'Leit géinge schlëmm Dote begoen a géingen da behaapten, si hätten nëmmen hir Pflicht gemaach. "Esou bal d'Leit sech am Recht fillen, dréine si duerch." Et wier gutt, datt et en zivilisatoresche Rimm géing ginn, deen d'Gewalt am Zaum géing halen, fënnt de Guy Helminger,

A "Rost. Stories" zeechent de Lëtzebuerger Auteur eng däischterschwaarz, skurril a grotesk Kuliss. Wou kënnt dat Däischtert, Aggressiv an Déidlecht a sengen Deels awer idyllesch ugeluechte Literaturlandschaften hier? Dat wéisst hie net, äntwert dorops de Guy Helminger. "Wann een e bësse wulle geet, da sicht een no deene Saachen, mat deenen een doheem net onbedéngt ze dinn huet."

Den Doud thematiséieren

Dat wiere virun allem déi Saachen, déi tabuiséiert wieren oder iwwer déi net géing geschwat ginn."Den Doud ass esou eng Saach"

De Schrëftsteller erënnert sech un zwee Leit aus sengem Bekanntekrees, déi schwéier krank waren. "Si woussten alleguerten datt si géinge stierwen. A si hunn net driwwer geschwat. Bis et net méi z'erdroe war." Firwat schwätzt een net do driwwer, freet sech de Guy Helminger. "Dat ass en Usporn fir wullen ze goen."

Op där anerer Säit géing et hien interesséieren, wéi déi eenzel Leit mam Doud ëmginn, wéi si traueren. Dofir huet hien op senge Reesen dacks probéiert bei Begriefnesser an anere Kulturkreesser dobäi ze sinn. An Indien war hie bei enger Verbrennung derbäi, am Iran huet hie beim Wäsche vun deenen Doudegen nogekuckt an och am Yemen an a Südafrika war de Schrëftsteller scho bei Begriefnis-Zeremonien derbäi. "Dat si Saachen, bei deenen ech d'Gefill hunn et relativéiert ee seng eege Positioun." Et géing ee säin Absolutismus verléieren a méi oppe ginn, fir aner Kulturen, Meenungen an Traditiounen.

Aner Kulture kenneléieren

Dat géing awer net bedeiten, datt hien alles géing relativéieren, mengt de Guy Helminger. Eng vun den Aufgabe vun der Literatur wier et zwar aner Meenungen ze beschreiwen, "mee ech hunn natierlech meng Positioun." Net d'Wäerter géinge relativéiert ginn, mee d'Siicht op dës Wäerter. "Et heescht net, datt ech an anere Kulturen alles akzeptéieren. Mee ech wëll et fir d'éischt emol léieren, gesinn a mat de Leit diskutéieren." Dann eréischt géing hie seng Meenung soen, d'Saachen a Fro stellen an eventuell relativéieren.

Ee Beispill dofir wier de Gesondheetssystem. An de westleche Länner géing et e staarke Lien tëscht Ästhetik a Gesondheet ginn, fënnt den Auteur, deen zu Köln wunnt. "Et geet een an d'Spidol a wann do de Lack vun der Luucht erof ass an um Buedem feelt eng Plättchen, da mengt een et kéint een do net geheelt ginn." Dat wier absurd. An Indien zum Beispill, wou d'Spideeler vläicht net esou schéi wieren, wieren rezent siamesesch Zwillinge getrennt ginn. "Dat si Saachen, do fänkt een un nozedenken. An et mault ee manner séier."


De Guy Helminger ass ufanks September op engem Schrëftsteller-Austausch zu Porto. Lauschtert hei nach eng Kéier, wat hie sech dovun erwaart a wéi hie sech op dës Rees virbereet:

De Guy Helminger op Visite à domicileplay_arrow