Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - America!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat akafen an Zäite vu knappe Budgeten?

National Muséeën

Wat akafen an Zäite vu knappe Budgeten?

Déi zweet Luxembourg Artweek leeft den néngte November un, déi verschidde privat Sammler dierften hir Akaafslëschte scho prett halen. Wéi gesäit et mat den Acquisitioune bei de Stater Muséeën aus? Virun e puer Joer gouf hire Budget staark reduzéiert wann en net an aner Budgeten, wéi zum Beispill d’Fonctionnementskäschten, iwwergaangen ass. Fir déi Responsabel vun de Musées-Kollektiounen en Desaster.

auto_stories

4 min

Christian Mosar, Kerstin Thalau, Danièle Wagener a Malgorzata Nowara

D’Sammlung vun der Villa Vauban baséiert op den Done vun dräi Privatsammlungen: déi vum Jean-Pierre Pescatore, vum Leo Lippmann an déi vun der Eugénie Dutreux-Pescatore. Bis haut ass d’Sammlung op iwwert 2.500 Wierker ugewuess, bei 2.000 handelt et sech ëm lëtzebuergesch Konscht.

Am Musée national d'histoire et d'art (MNHA) ass dat eelst eegent Konschtwierk aus dem 13., dat jéngst aus dem 21. Joerhonnert. 10.000 Wierker sinn eleng an der Beaux-Art-Sektioun ze fannen, dovunner 4.000 lëtzebuergesch Wierker.

Iwwerschneidunge bei de Sammlunge problematesch

Fir d’Danièle Wagener, Directrice vun den zwee Stater Muséeën, ass et wichteg, sech mat der Equipe vum Nationalmusée iwwer Lëtzebuerger Konscht ofzeschwätzen. Et géif drëms goen, zesumme complementaire an eenzel komplett ze sinn .“Op kee Fall wëlle mir d’Präisser an d’Luucht dreiwen, doduerch, datt mir eis zu zwee fir ee Wierk intresséieren”, sou d’Directrice vun der Villa Vauban am Gespréich mam Kerstin Thalau a mam Christian Mosar.

D’Malgorzata Nowara, Conservatrice vun der Beaux-Arts-Sectioun vum Nationalmusée, schafft fir thematesch Ausstellungen iwwer Lëtzebuerger Konscht dacks mat der Stad Lëtzebuerg zesummen. Sief et fir d’Ausstellung iwwert de Jean Schaack, de Joseph Probst oder den Théo Kerg. “Do kann et also scho guer net zu engem double-emploi kommen. Et geet drëms, Loscht op eis zwou Institutiounen ze maachen”.

D’Conservatrice ass iwwerzeegt, datt den MNHA verschidde Flichten z'erfëllen huet. “Wien an en Nationalmusée era geet, wëllt national Konscht gesinn, respektiv kenneléieren“. Dofir hätt ee viru kuerzem verschidde grouss Nimm, wéi de Michel Majerus, akaf. “Wann deen nämlech net a mengem Musée hänkt, hunn ech fir d’Leit vu bausse meng Aarbecht schlecht gemaach!”

Tous mécènes d’un Koekkoek

Bis den éischte November hat de grousse Public d’Méiglechkeet, dem MNHA Sue fir en original Barend Cornelius Koekkoekk aus dem 19. Joerhonnert ze spenden. Den talentéiertsten hollänneschen Landschaftsmoler hat deemools am Optrag vum Wëllem ll. Groussformateg Lëtzebuerger Landschafte gemoolt. Wéi den héich verschëlte Souverän gestuerwen ass, waren der aacht fäerdeg, eent ass verbrannt, dräi sinn der verschwonnen. Véier Wierker sinn a Privatbesëtz.

Den MNHA krut d’Aarbecht mat der Ruin vun der Fiels fir e Frëndschaftspräis ugebueden: de Proprietaire war der Meenung, d’Wierk géif an den Nationalmusée gehéieren. An awer goung den Acquisitiounsbudget dofir net duer - de Rekordpräis fir e Koekkoek läit bei 1,4 Milliounen Euro. “De Crowdfunding war och geduecht, fir de Lëtzebuerger Public ze sensibiliséieren an dat huet tatsächlech wonnerbar fonktionnéiert!”, sou d’Malgorzata Nowara.

Wien Acquisitioun seet, muss och Conservatioun bedenken

Zënter 2009 huet den Nationalmusée en Depot ausser Haus, equipéiert mat der neister Technik, wou professionell Restaurateuren an ideale Konditioune schaffe kënnen, dacks esouguer präventiv. Eng Kollektioun accessibel maachen, bedeit fir den Nationalmusée och, eng Hellewull Prêten erausginn. An dat ass mat Aarbecht verbonnen. Och d’Equipe vun der Villa Vauban interesséiert sech fir nei Methode vun der Conservatioun a fir d'Entwécklung vu Systemer, déi et erlaben, Plaz ze spueren.

Béid Haiser fäerten och net, an Zukunft vu komplette Wierkbestänn vu Lëtzebuerger Kënschtler iwwerlaf ze ginn. “Mir hunn nach keng Problemer, eis Donen ze geréieren”, sou d’Danièle Wagener. “Allerdéngs kann een och net all Don unhuelen. Dat ass fir d’Leit schwiereg z'akzeptéieren, wat ech definitiv novollzéie kann. Mee eis geet et an éischter Instanz ëmmer ëm d’Pertinenz vum Wierk fir eis Sammlung”.

Reelle finanzielle Wäert vu Lëtzebuerger Konscht gefall

Fir d’Danièle Wagener ass et evident, datt fir d’Lëtzebuerger bei lëtzebuergescher Konscht den emotionale Wäert méi zielt ewéi de finanziellen. Mee dat wier an deene meeschte Länner esou. “De Geldwäert um Marché spillt fir den MNHA eng ënnergeuerdent Roll”, confirméiert och d’Malgorzata Nowara, “De Präis fir e Kënschtler erlieft a senger Carrière Héichten an Déiften. Dat huet net ëmmer eppes ze soen. Mir sammele Konschtgeschicht, dat wat konschthistoresch relevant ass.”

A wa vun uewen e Kollektiouns-Stopp kéim? “Eis Missioun ass et, eng Sammlung opzebauen, e Stopp kënnt net a Fro!”, sot d’Malgorzata Nowara. An och d’Danièle Wagener huet ënnerstrach, datt eng Sammlung sech weiderentwéckele muss. Fir d’Villa Vauban wiere souwisou net dacks Saachen um Marché. A wann dat de Fall wier, da misste si reagéiere kënnen. Et géif keen zéng Joer drop waarden, datt de Portemonni vun engem Konschtmusée sech nees fëllt.