"Sang & larmes: Albrecht Bouts et les images de la passion" bis den 11. Februar 2017 am MNHA
Dem Albrecht Bouts seng Carrière ass 1475 zu Leuwen ugaangen. Wéi säi Papp Dirk Bouts gestuerwen ass, huet de Fils de Moleratelier iwwerholl. Engersäits huet hie sech op Dip- an Triptychen mat reliéise Motiver fir Kierche spezialiséiert. Anerersäits huet hie modern Devotionalië mat Jesus- a Mariaportraiten fir Privatleit gemoolt. Also fir déi spirituell Meditatioun doheem.
U sech war den Albrecht Bouts an de Vergiess geroden. Deemools goufen Tableauen nach net signéiert. Déi belsch Konschthistorikerin Valentine Henderiks huet a 15 Joer Detektivaarbecht all Méigleches iwwert dëse "Primitif flamand" zesummegedroen. Well si mëttlerweil als Bouts-Expertin bekannt ass, ass si och vum Nationalmusée fir hiren Avis gefrot ginn.
D'Schwëstere vun der Congrégatioun haten dem MNHA nämlech eng Rei Konschtgéigestänn iwwerlooss. Dorënner, ouni datt si et woussten, en original Bouts Maria- an en original Bouts Jesusportrait. D'Valentine Henderiks huet dat confirméiert, an domat de Point de Départ fir eng grouss Albrecht-Bouts-Expo am MNHA geluecht. Dës Tableaue glënneren also den Ament, frësch restauréiert, am MNHA. Grad esou wéi prestigiéis Prête vu Privatleit a grousse Muséeë vu London, Madrid, Paräis, Sibiu, Oochen bis Kansas.
Info: http://www.mnha.lu/fr/En-ce-moment/Sang-Larmes
D'Cristina Lucas mat "Trading Transcendence" bis de 14. Mee 2017 am Mudam
D'Relioun... Déi spuenesch Kënschtlerin Cristina Lucas, Joergang 1973, interesséiert sech dofir. A fir d'Mechanisme vun der Muecht, fir d'Widersprëch tëscht offizieller Geschicht, reeller Geschicht a kollektiver Erënnerung fräi ze leeën. "Trading Transcendence" heescht hir Ausstellung am Sous-sol vum Mudam. Gewise ginn zéng Digitalprinten am grousse Format zum Thema Perceptioun vu Faarf bei Markelogoen, d'Installatioun "Clockweise" mat 360 tickenden Aueren, hir LED-Versioun vum chemesche Periodesystem an zéng Videoe mat Interviewen zum "philosophesche Kapitalismus".
Gespréichspartner waren zum Beispill ee Schéinheetschirurg zum Sujet "Schéinheet" oder e Notaire zu "Wourecht". Fir d'Cristina Lucas ass d'Globalisatioun wäit méi wéi en ekonomescht Konzept. Mat hire Performancen, Installatiounen, Fotoen, Clippen wéilt si gären Iwwerleeungen ustoussen. An drop opmierksam maachen, datt mir eis méi bewosst ginn, wat mir mat eisem Liewen ufänke sollen. Konscht kann an deem Zesummenhang fir d'Cristina Lucas ëmmer just ee Bild reflektéieren, e Spiggel sinn, net awer als en Outil a scho guer net als Waff agesat ginn.
Info: http://www.mudam.lu/fr/expositions/details/exposition/cristina-lucas/
"Football Halleluja!" bis den 12. Mäerz am Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg
Am MHVL hale si dogéint de Ball méi flaach: "Football Halleluja!" ass déi aktuell Ausstellung iwwerschriwwen. Bei der Wanderexpo vu Basel an Amsterdam ginn d'Lienen tëscht Futtball a Relioun spilleresch analyséiert. Dat nennt sech dann Infotainment: modern Technik invitéiert zum Matmaachen an esou zum einfachen Erliewen a Verhalen.
Een italienesche Maradona-Fan fënnt een Hoer vu sengem Idol a baut en Altor ronderëm. Eng Replique dovunner steet am Geschichtsmusée. Donieft ginn et quasi sculptéiert Futtbäll aus zesumme gedruddelte Plastikstuten aus Afrika, eng Foto vun engem schwaarz-gielen Accouchementszëmmer zu Dortmund, e Portrait vun engem Avenir-Tätowéierten, bis hin zu der Urn a Futtballform. D'Muséeën hu wierklech vun A bis Z, tëscht West an Ost, Nord a Süd gesammelt, bis den Arbitter dee Match ofgepaff huet. Schued ass just, datt d'Expo doduerch un der Futtballiwwerfläch bleift a wéineg kriddeleg Sujete kritesch thematiséiert.